Serie op RTL Télé LëtzebuergBroochen - Deel 5: Freier Liederfabrick zu Wolz

Um fréiere Site vun der Liederfabrick zu Wolz soll e neie Quartier entstoen.

Broochen - Deel 5: Freier Liederfabrick zu Wolz (17.08.2018)
Um fréiere Site vun der Liederfabrick zu Wolz soll e neie Quartier entstoen.
Den neie Quartier ass 33 Hektar grouss. Hei sollen eng ronn 1.000 Wunnengen entstoen a 2.000 Leit solle bis 2030 hei liewen a schaffen. Bis zu 300 Aarbechtsplaze sollen am neie Quartier entstoen. De Site selwer läit zënter 12 Joer brooch. D’Wolz, déi hei derduerch fléisst, soll och renaturéiert ginn.



700 Wunnenge wäerten am Quartier, genannt "Wunnen mat der Wolz" gebaut ginn. An engem zweete Quartier mam Numm "Haargarten" sinn 300 Wunnenge geplangt.

1959/60 huet d'Liederfabrick mam Numm „Ideal“ hir Produktioun hei um Wëltzer Site agestallt. 1.000 Leit hu bis dato do geschafft. Den neie Quartier soll CO2-neutral ginn.

Tëscht 70 an 100 Wunnenge solle pro Joer op dëser Brooch realiséiert ginn. Spéider wäerten iwwer 2.000 Mënschen an dësen zwee Quartiere liewen a schaffen. E.a. eng Schoul wäert nach gebaut ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.