Resultat vu BiergerbedeelegungWéi soll den neie Quartier op der Areler Strooss an der Stad ausgesinn?

Initiéiert gouf dës Biergerbedeelegung vun de Stater Gréngen.

Wéi soll den neie Quartier op der Areler Strooss an der Stad ausgesinn? Doriwwer hu sech Ufank Juli op engem Workshop, 59 Bierger an 8 verschiddenen Aarbechtsgruppen hir Gedanke gemaach. Initiéiert gouf dës Biergerbedeelegung vun de Stater Gréngen an d'Resultater goufen en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz presentéiert.

Resultat vun Biergerbedeelegung - Reportage Annick Goerens

D'Ambiance wär positiv an immens produktiv gewiescht, seet de Jan Glas dee mat senger Entreprise „Design Management and Strategy“ dës Analys onofhängeg vun de Gréngen duerchgefouert an analyséiert huet.

"Et sinn e puer ganz interessant Saachen erauskomm, wéi zum Beispill dass de Stadion soll op iergendeng Aart a Weis erhale bleiwen. Dat heescht, dass en net komplett ofgerappt gëtt, mee dass verschidden Elementer vum Site solle bestoe bleiwe, fir zum Beispill an e Park oder an eng Sportsanlag integréiert ze ginn."

Et ginn awer nach vill aner Iddie fir déi Ronn 10 Hektar, wou aktuell nach de Stade Josy Barthel, d'Stater Pompjeeskasär, den Recycel Center an de Service d'Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg stinn.
De François Benoy vun de Stater Gréngen:

"Schaffen a Commerc virun allem an de Süden also un d'Areler Strooss. D'Wunnen dann éischter an de rouegen Deel, Richtung Boulevard Napoléon an de Norden. D'Leit wënschen sech wierklech alleguerten eng gutt Mixitéit, also verschidden Zorte vu Wunnen, also och sozial Wunnengen. Awer och dass een nei Forme vu Wunnen, do wierklech kann ausprobéieren. Caféen a lokal Geschäfter sinn de Leit wichteg, dat soll och do mat beduecht ginn."

Wärend dem Workshop huet sech natierlech och erausgeschielt wat d'Leit   am neie Quartier op der Areler Strooss iwwerhaapt net wëllen. De Jan Glas

"Op kee Fall wollten se eng nei Cloche d'Or. Tabula Rasa och net, also alles ofrappen, op kee Fall. Eng grouss Shopping Mall och net. Grouss Bürosgebaier op kee Fall. An déi Ranguerdnung déi et leider zu Lëtzebuerg nach ze vill gëtt, also den Auto steet virum Mënsch, virum Vëlo an dem Foussgänger, dat och net."

Déi Stater Gréng wëllen elo mat dësem Rapport un de Schäfferot eruntrieden an dann nach eng Kéier d'Suggestioun maache fir fir d'éischt eng Biergerbedeelegung ze maachen, déi op d'mannst ee Joer dauert, iert dann den Architekteconcours lancéiert gëtt, sou nach de François Benoy.

Communiqué vun "déi Gréng" aus der Stad
déi gréng, section Ville de Luxembourg

Veuillez trouver ci-joint les documents distribués lors de la conférence de presse de ce matin.

Route d’Arlon 2025:
Idées et Conclusions de la participation citoyenne

60 citoyens et citoyennes ont contribué en juillet à un atelier animé par Jan Glas sur l’avenir de la route d’Arlon. En effet, lorsque le stade, la caserne des pompiers et le centre de recyclage auront été délocalisés, un nouveau quartier pourra y voir le jour. Quelles ont été les idées et les propositions élaborées par les 60 participants de l’atelier ?

Lors de la conférence de presse du 13 septembre, Jan Glas a présenté le rapport et les conclusions de cet atelier de participation citoyenne.

En outre, une présentation de ce même rapport sera faite, le 18 septembre 2018 à 19.00 au Centre sociétaire du Belair par Jan Glas à tous les participants de l’atelier et toute personne intéressée.

Claudie Reyland                                                         Paul Zens       

Présidente de la Section                                              Président de la Section

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.