VIDEO - Caritas FrankräichFir eng méi gereegelt Finanzplaz

Op der Finanzplaz muss ee méi streng reguléieren, fir dass de Finanz-Standuert méi am Déngscht vun der Allgemengheet ka funktionéieren.

Franséisch Caritas: Fir eng méi gereegelt Finanzplaz (16.10.2018)
D'Bérengère Beffort huet sech mam Auteur vum Rapport "La Finance aux citoyens", Grégoire Niaudet, ënnerhalen.
Esou heescht et an engem neie Rapport vu Caritas Frankräich: "La Finance aux citoyens". D'Bérengère Beffort huet sech mam Auteur Grégoire Niaudet vum Rapport ënnerhalen, dee fuerdert alternativ Revenuen an Taxen, fir op de Wee vun der ekologescher Transitioun ze kommen.

Am Walkampf stoungen d'Geschäfter vu Banken a Finanzinstituter net wierklech zur Diskussioun. An dach sollte se en Thema sinn, esou d'Associatioun Etika, déi sech fir e sozial responsabelen Ëmgang mam grousse Geld asetzt.

Op enger Konferenz en Dënschdeg ass et drëm gaangen, d'Finanzplaz méi an d'Flicht ze huelen. Ënnert anerem fir nei Mëttele fir d'ekologesch Transitioun ze hunn.

Weider mobiliséiert de Rapport vu Caritas Frankräich all eenzelne Bierger. De ganze Rapport fir eng méi reguléiert Finanzplaz ass och online ze fannen: http://lafinanceauxcitoyens.org

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.