Lëtzebuerger ZentralbankLëtzebuerger Schäiner am Wäert vu 5 Milliounen Euro am Ëmlaf

Mëtt Dezember dëst Joer waren nach eppes méi wéi 868.000 Lëtzebuerger Frang-Schäiner an Ëmlaf.

Dat schreift d’Tageblatt a berifft sech op Chiffere vun der nationaler Zentralbank. Alles an allem hätten déi Schäiner e Wäert vu ronn 201 Millioune Frang, also knapps 5 Milliounen €.

Am allermeeschten, nämlech iwwer 780.000 Stéck, ginn deemno nach 100-Frang-Schäiner doheem als Souvenir gehalen.

Viru genee 20 Joer war d’Schicksal vum Lëtzebuerger Frang iwwregens besigelt – do gouf de Referenz-Cours op 40,3399 Frang fir 1 Euro fixéiert. 4 Joer mi spéit, den 1. Januar 2002 koum den Euro dunn an Ëmlaf.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.