Avortement: Gespaante Situatioun bei der ADR

De Jacques-Yves Henckes hätt gären datt den Fernand Kartheiser am Dossier Avortement kloer stellt, datt hien do net als Parteipresident geschwat huet.

D'Situatioun ass gespaant bei der ADR no der Debatt iwwert d'Reform vum Avortement. De President loung net op der Linn vum Partei sou de Reproche vum Jacques-Yves Henckes, deen net novollzéie kann, dass de Fernand Kartheiser sech mat den äerzkonservativen Demonstrante virun der Chamber solidariséiert hat.

Avortement: Extrait Henckes (1)



De Fernand Kartheiser fir säin Deel war frou iwwert d'Präsenz vu Pro Europea Christiana.

Avortement: Extrait Kartheiser



De Jacques-Yves Henckes wëll dat ganzt am nächsten Nationalcomité thematiséieren an huet eng kloer Fuerderung. Hien hätt gären datt den Fernand Kartheiser kloer stellt, datt hien net als Parteipresident geschwat huet, mä seng perséinlech Meenung ausgeschwat huet.

Avortement: Extrait Henckes (2)



De Fernand Kartheiser kuckt där Diskussioun geloossen entgéint, et wier d'Recht vun all Deputéierte mat deenen Demonstranten ze sympatiséieren mat deenen e wëll. Hien dementéiert iwwregens d'Rumeur dass hie Member wier vu Pro Europa Christiana oder dass en se geruff hätt.