D'Union vun Interims-Entreprisen heescht elo FES

D'Unioun vun de Lëtzebuerger Interims-Entreprisen heescht elo net méi „ULEDI“, mä „Fedil Employment Services“, kuerz FES.

Um Dënschdeg huet den Interims-Sekteur déi nei Identitéit presentéiert. 2012 war keen einfacht Joer fir de Sekteur, 2013 annoncéiert sech ähnlech. Dat ass keng Iwwerraschung, seet de Marc Kieffer vun FES, well den Interim-Sekteur en Indicateur fir d'Wirtschaft allgemeng wier.
De Marc Kieffer vun der FES


2012 waren nämlech 67% vun den Interims-Aarbechter Frontalieren an dovunner maachen d'Fransousen wäit iwwer d'Halschent aus. 44 verschidde Betriber ginn et den Ament am Beräich vum Interim-Sekteur.