De Jean Colombera huet eng nei Partei gegrënnt

Lëtzebuerg ass ëm eng Partei méi räich: den onofhängfechen Deputéierten Jean Colombera steet hannert der neier Partei fir Integral Demokratie, kuerz PID.

Wéi et heescht wier et e „must“, datt sech eng nei Partei misst forméieren, fir dem eesäitege politeschen Point de Vue entgéint ze trieden an nei Denkmuster ze bidden, fir esou e Wiessel vum Systeme erbäi ze féieren.

Wie sech ausser dem fréieren ADR-Deputéierten nach an der PID engagéiert, dierft sech déi nächst Wochen da weisen.

No sengem Récktrett bei der ADR sot sech de Jean Colombera jo op fir bei aneren etabléierten Parteien, wéi zb deene Gréngen matzemaachen, dorausser gouf awer näischt.