RTL2: En neien, franséischsproochege Radio fir Lëtzebuerg

Radio DNR hält op a gëtt ersat duerch RTL2 Luxembourg: Op den 3 DNR-Frequenze gëtt vum Fréijoer 2014 un en neie franséischsproochege Programm ausgestrahlt.

RTL deux a Frankräich ass de "Mantelprogramm" vun deem neie franséischsproochege Radio. Dat heescht zum Beispill, datt Musek a Promoen iwwerholl ginn, och de franséischen Noriichtendeel, mä dat Ganzt gëtt da mat Lëtzebuerger Contenue kompletéiert.

Vum Februar u gëtt d'Radioslandschaft hei am Land mat enger franséischsproocheger Chaîne kompletéiert: "RTL2 - La Radio Francophone Pop-Rock".

Et ass eng Joint Venture tëscht dem Lëtzebuerger Wort an RTL Lëtzebuerg, dat Ganzt an Zesummenaarbecht mat der Musekschaîne RTL2 a Frankräich.

De CEO vun RTL Lëtzebuerg, Alain Berwick, huet d'Idee präziséiert, déi zu der Creatioun vun deem neie Radio gefouert huet: "Et ginn 150.000 Francophonen zu Lëtzebuerg plus ganz vill Frontalieren, déi aus der Belsch an aus Frankräich an d'Land erafueren, an dowéinst hu mer decidéiert, eng franséisch Offer ze maachen."

Prakteschen RDS-System

Ënner "franséisch Offer" versteet den Alain Berwick franséisch Informatiounen, franséisch Contenuen, op Franséisch natierlech, awer och Contenuen iwwer Lëtzebuerg op Franséisch, also allgemeng Informatioun, wat hei leeft a lass ass, awer och Trafic-Infoen an d'Meteo zum Beispill.

Den Alain Berwick iwwert de Radio RTL2



Den RDS-System soll garantéieren, datt déi Leit, déi RTL2 a Frankräich lauschteren, zu Lëtzebuerg automatesch op de Lëtzebuerger RTL2 eriwwer ginn.

Deen neie Sender ass eng 50-50-Joint-Venture tëscht RTL Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Wort. En ass op den 3 Frequenze vun DNR ze héieren: FM 102.9, 104.2 an 107.7.

"Just Plaz fir een"

Als "Nischeprogramm" bezeechent den Alain Berwick deen neie Radio a begrënnt domat och de Choix, fir eng Joint Venture anzegoen: Op engem klenge Marché wéi Lëtzebuerg, wou just Plaz fir een esou ee Programm ass, géing et Sënn maachen, zesummenzeschaffen an net géinteneen. Hie verweist och drop, datt RTL Joint-Venturë gewinnt ass, op dem Niveau Regie publicitaire an Eldoradio géing een zum Beispill mat der Editpress zesummeschaffen.

RTL2 soll der demographescher Evolutioun Rechnung droen: Hei zu Lëtzebuerg sinn 43% Auslänner, vill vun hinne francophone.

E groussen Deel vum Programm baséiert dann och op RTL2 France. De CEO vun RTL Lëtzebuerg schwätzt vun engem "héichprofessionelle Mantelprogramm", deen eng ganz gutt Audienz a Frankräich hätt: "Mir iwwerhuelen de komplette musikaleschen Deel, de Promosdeel, de Concerstdeel an de franséischen Newsdeel a bauen am Fong just dee lëtzebuergeschen Deel an dee Programm." Nuets gëtt iwwregens och ee lëtzebuergesche Programm gesent.

Programm "sur mesure"

Punkto Contenu versprécht den Alain Berwick en "RTL2 sur mesure fir op Lëtzebuerg": Schonn e Museksprogramm wéi Eldoradio, awer "liicht méi al". E géif sech musikalesch situéieren tëscht Radio Lëtzebuerg oder dem franséischen RTL an enger Radio jeune musicale - Musek a Kombinatioun mat Talk an Neiegkeeten. Esou sollen och d'Grosses Têtes vum franséischen Haaptprogramm iwwerholl ginn an et solle lëtzebuergesch News afléissen.

RTL2 versteet sech als "Zousazproduit fir Francophoner zu Lëtzebuerg". Déi hätten zwar schonn eng gutt Offer am audiovisuelle Beräich, esou den Alain Berwick, deen op déi vill Francophone verweist, déi Lëtzebuergesch verstinn a schwätzen a Radio Lëtzebuerg, Télé Lëtzebuerg, Eldoradio an RTL.lu konsultéieren; deenen, déi awer just franséische Radio lauschteren, wéilt een elo en Zougank zu Informatiounen iwwer Lëtzebuerg ginn. "Am Kader vum Pluralismus ass dat eng gutt supplementar Offer."

Gesent gëtt vum Kierchbierg. Am Februar 2014 geet et lass.

Är Commentairen: Bleift w.e.g. cool, fair an tolerant! - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.