Invité vun der RedaktiounLucien Blau (12. Januar)

Invité vun der Redaktioun am RTL-Studio e Méindeg um 10 op 8 war den Historiker Lucien Blau.

Den Invité vun der Redaktioun: Lucien Blau. (12.01.2015)
.

D'Attentater vu Paräis sinn zum Deel och op d'Versoe vun der franséischer Integratiounspolitik zeréck ze féieren, wéi den Historiker Lucien Blau um Méindeg de Mueren am RTL-Interview erkläert huet.  Déi jonk Generatioun vun Awanderer, respektiv hir Kanner, hätt Problemer an der Schoul an um Aarbechtsmaart, géife sozial ausgegrenzt, an da wéi an dem heite Fall, no enger krimineller Karriär, am Prisong radikaliséiert ginn. 

D'Kritik, datt sech d'moslemesch Welt nach méi géint esou Attentater misst manifestéieren, léisst de Lucien Blau net ganz gëllen, et wier e Problem vun enger Minoritéit an hirer Communautéit an et géif een dat zum Beispill och net vun der kathoulescher Kierch verlaangen, wéinst chrëschtleche Fundamentalisten. 

Den Historiker mécht sech och Suergen, datt rietsextrem a populistesch Parteien a Beweegunge wéi Front National a Pegida elo vun den Terrorattacken zu Paräis profitéieren, an hie gesäit och de Potential fir esou Mouvementer hei zu Lëtzebuerg.

Déi grouss Manifestatioune géint Terror an Haass, wieren natierlech wichteg gewiescht, ma elo géif d'Diskussioun awer eréischt lassgoen. Notamment wéi wäit ee géint den Terrorismus soll virgoen. Perséinlech Fräiheeten aschränken wier an deem Kontext awer de falsche Wee, well soss hätten d'Terroristen gewonnen, sou nach de Lucien Blau.


Den Invité vun der Redaktioun: Lucien Blau.


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.