PACS - Wéi eng Rechter huet een?Am 2. Deel vum Reportage geet et ë.a. ëm Pensiounsrechter

Wéi eng Rechter huet een iwwerhaapt mam PACS? Déi selwecht, ähnlecher, vill manner? Ëmmer nees ginn et Behaaptungen an all Richtungen. Mir klären op!

Zejoert hu sech 1657 Koppele bestuet an 1882 Koppele gepacst. Zanter iwwer 10 Joer gëtt et de „partenariat civil“ zu Lëtzebuerg – als Alternativ zum Bestietnis, an e gëtt ëmmer méi beléift.

Mä wéi eng Rechter huet een iwwerhaapt mam PACS? Déi selwecht, ähnlecher, vill manner Rechter? Ëmmer nees ginn et Behaaptungen an all Richtungen. D'Carine Lemmer huet bei engem Notaire nogefrot...

PACS oder Mariage...wat d'Rechter ugeet, hänkt et dervun of, vu wéi enge Rechter ee schwätzt. Pensiounsrechter huet een, mä zivilrechtlech ginn et grouss Ënnerscheeder beim Ierfschaftsrecht. Do huet den Ehepartner beim Bestietnis en Ierfusproch, ee kann ierwe vun deem aneren. Deen Usproch gëtt et awer net am Partenariat. Ausser et mécht een en Testament an dann nach – ëmmer hunn d'Kanner eppes zegutt wa se 18 Joer al sinn, sou den Notaire Henri Beck.

Henri Beck: Wann der ee Kand hutt, eng Halschent vun der Ierfschaft ass reservéiert fir d'Kanner, déi aner Halschent ass da fräi verfügbar, gegebenefalls fir de Partenaire. Bei 2 Kanner ass et 2/3 fir d'Kanner an 1/3 fräi verfügbar, a bei 3 a méi Kanner sinn et 3/4 fir d'Kanner an 1/4 fräi verfügbar. Sou dass een ëmmer an deene Limite muss bleiwe wat de Partenaire ugeet.

Par konter wann ee bestuet ass, kann een am Ehevertrag festhalen, datt d'Kanner eréischt ierwen, wann den zweeten Elterendeel net méi lieft. Dat gëtt et net beim PACS. De Partner ierft net automatesch.

Henri Beck: Wou sech kënne Problemer opdoen, dat ass wann déi zwee Partner z.B. en Haus haten, wou deem enge seng Kanner elo an d'Plaz komme vun hirem verstuerwenen Elterendeel, wou dann d'Kanner vum Verstuerwenen zesumme mat deem anere Partner an on cedetis sinn, wou dann zu all Moment een dee ka froen. An 't ass am Fong schued, dass d'Gesetz déi Situatiounen do net regelt, contrairement zum Bestietnis. Ouni lo Reklamm ze maache fir d'Bestietnis, gëtt d'Gesetz awer wat d'Bestietnis ugeet, ganz aner Méiglechkeete fir deen Iwwerliewenden ofzesécheren. 

Wann een am Partenariat eppes keeft, ass et och net onwichteg ze präziséieren, wiem et gehéiert, fir duerno Streidereien z'evitéieren.

Henri Beck: Notemment gesäit d'Gesetz vir, dass wann een eppes keeft am Partenariat, do ass eng présomption d'indivision, dat heescht am Fong eng Vermutung, dass et deenen zwee zesumme gehéiert, och wann deen een et eleng keeft. Dofir denken ech, dass et ganz wichteg ass, wann een z.B. Immobilie keeft, dass een do am Acte dra schreiwe léisst, dass wann ee gepacst ass, fir ween et ass. Entweder fir déi zwéin, oder wann een et eleng keeft, dass deen awer onbedéngt muss spezifiéieren, dass et fir hien eleng ass.

Wann een an engem PACS de Partner wëll nom Doud ofsécheren, muss en Testament geschriwwe ginn. An nawell kritt een ni déi selwecht Rechter wéi beim Bestietnis, präziséiert den Henri Beck..

Henri Beck: Nee déi kritt der ni, well an sech wat ech virdru gesot hunn, dass d'Ierfrechter vun de Kanner, déi kënnt der am Partenariat net, ech wëll net soen iwwergoen, mä zäitweileg aussetzen. Beim Bestietnis hutt der, iwwert de Wee vun Eheverträg kënnt der den Iwwerliewenden sou ofsécheren, dass de Kanner hiren Ierfusproch réischt entsteet beim Doud zum zweeten Elterendeel. Dat geet awer beim Partenariat net. Do ginn et déi ganz gesetzlech Méiglechkeete vun den Eheverträg an Ofsécherung vun dem Iwwerliewenden net an deem Mooss wéi am Bestietnis.

En Testament fir d'Ierfschaft bei engem PACS ze regelen, mécht een am beschte beim Notaire. Dee kann een iwwer all d'Méiglechkeeten opklären. Mä et kann een et och selwer schreiwen, op der Hand vun hanne bis vir, datéieren an ënnerschreiwen. D'Testament muss dernieft kloer a komplett sinn.

PACS/Bestietnis - E Reportage vum Carine Lemmer (1/2)

D'Ënnerscheeder tëscht PACS a Mariage bei enger Trennung, an déi quasi selwecht steierlech Avantagen an d'Pensiounsrechter

E Méindeg si mer schonn drop agaangen, datt bei engem PACS de Partner nom Doud net ofgeséchert ass, ausser et gëtt en Testament. Dat ass ee vun de groussen Ënnerscheeder. Pensiounsrechter vum Partner huet een awer, et kritt ee 6 fräi Deeg, wéi wann een bestuet gëtt, Alimenter ginn et awer keng.

Als PACS-Partner huet ee Rechter, soulaang een am Partenariat lieft. Trennt ee sech, gëtt et net wéi bei enger Scheedung d'Recht op Ënnerhalt, op Alimenter, erklärt den Notaire Henri Beck.

Henri Beck: Am Partenariatsgesetz steet, dass d'Ehepartner sech musse géigesäiteg en aide materiel ginn, während dem PACS, mä et ass awer keng obligation alimentaire do fir dono.

Keng Verflichtungen also, wann ee sech – nom PACS – getrennt huet, mä och keng Rechter. D'Trennung, d'Opléise vun engem PACS, ass méi onkomplizéiert wéi eng Scheedung – wann ee sech beim Materiellen eens ass.

Henri Beck: Am Prinzip geet et duer, dass ee Partner seet ech beenden de Partenariat. Do ginn et da verschidde Formen, déi ee muss anhalen, mä et geet a sech mol primär méi einfach wéi beim Bestietnis. Et muss net op d'Geriicht goen. Et kënne sech awer materiell Problemer opdoen, déi awer och grad sou gravéierend kënne sinn, wéi an engem Bestietnis.

Wann een an engem Partenariat eppes keeft, Beispill en Haus, soll am Akt dra stoen, fir wien et ass.

Pensiounsrechter huet een op alle Fall als gepacste Partner. Et ass een och iwwert dem Partner seng Krankeversécherung verséchert, an déi kollektiv Besteierung kann een als gepacste Koppel ufroen, muss een awer net.

Et wär net un him de Leit ze soen, si solle sech bestueten, seet den Notaire Henri Beck. D'Bestietnis giff awer ganz anere Méiglechkeet ginn, notamment wat d'Ofséchere vum Iwwerliewenden ugeet. Mä fir wien ass dann de PACS vläit awer déi besser Solutioun?

Henri Beck: Dat do ass eng schwéier Fro, ech weess et net. Wann een d'Saache kuckt méi laangfristeg. Ech mengen déi Relatioun, e PACS oder e Bestietnis gi jo mol ugefaangen am Hibléck, dass et laangfristeg soll daueren. Ech gesinn do net vill Virdeeler vum PACS vis-à-vis vum Bestietnis, wann ech un déi Konsequenzen denken, wann een ewech fält... do gëtt et keng. Vläicht ass et méi einfach sech ze pacse wéi sech ze bestueden. Et ass manner Fomalismus dobäi, et ass manner, wéi soll ech soen, Gedeessems wéi lo beim Bestietnis. Mä dat ass awer dann, wann ee bis gepacst oder bestuet ass, ass deen Avantage dann awer schonn erëm eriwwer.

Hie giff verstoen, datt jonk Leit sech pacsen, fënnt et och flott als Iddi. Nawell wär et schued, datt d'Rechter vum Iwwerliewenden net besser geregelt wären am PACS.

PACS/Bestietnis - E Reportage vum Carine Lemmer (2/2)


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.