RaiffeisenPositiv Chiffren am éischte Semester 2015

D'Raiffeisebank ass zefridden, déi héich Volumen aus de Virjore konnten am éischte Semester gehalen an a verschiddene Beräicher souguer ausgebaut ginn.

Déi gutt Resultater gouf et souguer am Spuer- ewéi och am Kreditgeschäft. Déi Responsabel vun der Bank haten d'Press um Dënschdeg invitéiert, fir duerchaus positiv Chifferen ze presentéieren, trotz engem nach ëmmer fragilen internationale Kontext.

Problematesch bleift déi niddereg Zënssituatioun an de Fait, datt déi Professionell sech beim Sue léinen trotzdem zeréck halen.

Bilan Raiffeisen / Reportage Pit Everling



E Phänomen wat net just d'Raiffeisebank géing betreffen, et géif un der Demande leien, d'Offer wier definitiv do, esou heescht et.

Mat de Privatcliente leeft d'Geschäft awer iwwerall gutt, bei de Kreditter a bei den Depoten, seet den Direkter vun der Raiffeisebank, de Guy Hoffmann. Och d'Konsequenze vum échange automatique wiere sou wäit opgefaang. Déi Clienten, déi decidéiert haten, sech net méi ze regulariséieren, sinn net méi bei der Bank. Déi aner Cliente sinn awer nach do.

Ronn d'Halschent vun de méi klengen auslännesche Privatclienten hätt een allerdéngs an de leschten 2-3 Joer verluer. Un d'Substanz wier dat net gaangen, well d'Bank ni sou staark op déi Clientèle gesat hätt.

D'Banke kämpfen awer bekanntlech mat den nidderegen Zënssätz, och d'Raiffeisebank. Wann d'Zënse ganz déif sinn, kann een Owes net esouvill Suen an der Keess hunn. Et ass eng Situatioun, déi wesentlech méi laang gedauert huet, wéi all d'Banken et sech geduecht hunn. Aktuell geet een dovunner aus, datt et nach 12 bis 24 Méint wäert unhalen. Et ass also eng Situatioun, déi déi nächst zwee Joer nach op d'Resultater wäert drécken.  Et wier e positiivt Zeechen, wann déi amerikanesch Noutebank en éischte Schrëtt géing maachen.

Eppes, wat der Raiffeisebank och Suerge bereet, sinn déi ëmmer méi streng europäesch Regulatiounen, esou de Guy Hoffmann. Dat ass alles mat engem risegen Opwand verbonnen. Zanter 2008 ass eng Well vu Regulatiounen komm, déi zum Deel noutwendeg waren, mä déi, wéi esou vill Saachen, am Moment e bëssen ausaachten. Wann ee méi Zäit muss drop verbréngen, wéi ee sech intern muss organiséieren an net méi seng Zäit drop verbréngt, wéi een de Client gutt kann zerwéieren, da fänkt dat un ze grouss Ausmoossen ze kréien.

Nei Detailer zum Partenariat mat der Post gëtt et iwwerdeems keng, ënner anerem géifen administrativ Demarchë méi laang daueren, ewéi gemengt, esou heescht et bei der Raiffeisebank. De Projet soll awer am éischte Semester vum nächste Joer ulafen. D'Post klëmmt jo och mat 10 Prozent u Kapital vun der Raiffeisebank mat eran

Da goufen et nach Nouvellen aus dem Agencë-Reseau. Ufanks 2016 geet esou eng um Kierchbierg um Boulevard Kennedy op an et gëtt no engem nei Site am Raum Esch gesicht. E Grapp voll méi kleng Agencë rentéiere sech awer net méi a ginn zougemaach, ënnert anerem gëtt de Site Kielen fale gelooss.