VIDEO: Geheimdéngscht-AffärOp der kryptéierter CD ass och eng Audio-Datei drop

Op der faméiser kryptéierter CD aus der SRELs-Affaire ass och eng Audio-Datei drop.

Op der kryptéierter CD ass och eng Audio-Datei drop (06.07.2017)
Op der faméiser kryptéierter CD aus der SRELs-Affaire ass och eng Audio-Datei drop.

Frisbee/Reportage Nico Graf



Dat soen eis Informatikspezialisten, déi d'Fichiere vun der CD analyséiert hunn.

Déi ganz SREL-Affaire huet jo mat där CD ugefaang: et soll e Gespréich drop sinn tëschent dem Premier Juncker an dem Grand-Duc Henri. Iwwert d'Bommeleeër-Affaire, angeblech opgeholl Enn 2005. Elo si mer 12 Joer a vill Opreegunge méi spéit - a wat ass eigentlech drop op der CD? Ma eben och Téin. An et war eng grouss Surprise fir eis digital Spezialisten, wéi se nieft ville Nullen an Eenten och koppeg Téin op der CD fonnt hunn. Et ass eng MP3-Datei vun där bis ewell net geschwat ginn ass. Dat, wat eis Leit do fonnt hunn, kann Dateschrott sinn, kann iergend en digitale Wouscht sinn, et kéint awer och iergendeppes Kryptéiertes sinn, wou sech erëm eppes dra verstoppt, kee weess et. Egal wéi, et ass eng nei Pist an der Frisbee-Saga, an der CD-Geschicht.

Kryptéiert, codéiert, verschlësselt, manipuléiert – e puer Wierder gi benotzt fir déi CD ze beschreiwen a se wëllen alleguer datselwecht soen: dëst, et kann een net ouni weideres liesen oder héieren, wat drop ass, well iergendeen huet do eng gekniwwelt.

D‘CD ass jo duerch den Eletronikfachmann Loris Mariotto a säin Geheimdéngscht-Frënd André Kemmer an d‘Welt komm. An a sengem Text „Die Sache mit der Uhr“ zitéiert deen André Kemmer de Loris Mariotto. Zwee Mataarbechter vum Haff hätten deem déi CD laanscht bruecht, fir datt hie se sollt entschlësselen. Hien hätt se kopéiert an hätt gesot kritt, d'Gespréich wier am Bureau vum Grand-Duc enregistréiert gi  mat enger sougenannter Cryptovox-Maschinn. A weider hätt de Mariotto gesot:

Über einen Mittelsmann/Kryptologe, welcher Kontakt zum italienischen Militär unterhält, wurde mir kurze Zeit später eine Software, eine Art elektronischer Schlüssel zugespielt. Mir gelang mittels dieser Software, und nach intensivem Nachforschen, die Entschlüsselung der CD.

Esouwäit, esouwäit bekannt. An de Police-Interrogatoiren, déi eis virleien, kann ee liesen wéi et weidergaang ass, nodeems déi krpytéiert CD endlech no vill Gedeessems an Drock op de Mariotto beim SREL ukomm war, am Januar 2007. En Informatiker vum Geheimdéngscht huet direkt deen Owend déi CD analyséiert mam

Resultat, dass auf der CD keine Daten gespeichert seien.

Mat deem Resultat ware se beim SREL – zu Recht – net zefridden; et ass telefonéiert, e weider gefuerscht ginn. Neit Resultat, schreiwen d' Enquêteuren: den Informatiker huet

festgestellt, dass auf der CD tatsächlech 110 MB Daten gespeichert waren.

Den Informatiker huet weider op der CD geschafft an hien konnt

absolut nicht nachvollziehen, dass auf der betreffenden CD Audiodateien gespeichert sind. (…) die forensische Analyse lässt den Verdacht zu, dass der informatische Befehl „M(a)K(e)ISOF(ile)S(ystem)“ mit dem Parameter „Hide“ benutzt wurde, um die CD leer erscheinen zu lassen.

Den Informatiker huet e puer Kopie gemaach a sech dunn no a no net méi mat der CD beschäftegt. An engem spéidere Gespréich mat den Enquêteuren seet hien, auslännesch Spezialisten hätten d‘CD analyséiert.

Man hätte festgestellt, dass die CD nicht verschlüsselt sei. Die gespeicherten Daten hätte man lediglich manipuliert. Nachdem diese Manipulation wieder behoben wurde, hätte man eine komprimierte Datei erkennen können. Diese dekomprimierte Datei würde ein überdimensionales Bild im jpg-Format wiedergeben. Der Hintergrund dieses Bildes sei stark verzerrt und würde den Schriftzug „Kryptovox“ in grüner Farbe und das Wort „Code“ in roter Farbe aufweisen. Dieser jpg-Datei seien am Ende 5MB Daten beigefügt. Man hätte noch nicht feststellen können, dass die betreffende CD eine Audio-Datei enthält, ebenso hätte kein entsprechender Hinweis gefunden werden können.

De Loris Mariotto ass vun den Enquêteuren op d’Manipulatioun ugesprach ginn a sot, hie kéint sech déi net erklären. A weider seet de Loris Mariotto der Police:

wenn es ihm gelungen wäre, die CD zu entschlüsseln, so hätte er dem Kemmer selbstverständlich das Gespräch vorgespielt und ihm den entschlüsselten Datenträger übergeben.

Wat do wouer ass, weess ee net. Well an deem enregistréierte Gespréich mam André Kemmer hat de Loris Mariotto jo behaapt, hien hätt d’CD entschlüsselt an puer Mol gelauschtert an e wier iwwer de geféierleche Contenu erféiert. Den Enquêteuren seet en awer, en hätt se net entschlësselt.

Soit.

En auslännesche Geheimdéngscht an och belsch Spezialisten vum Kriminologie-Institut vu Bréissel kruten d‘ CD fir eng Analyse. A senger Conclusioun schreift hiere Spezialist, och hien hätt an enger première partie vun der CD eng Datei vum Typ JPEG font, eng Foto vun iwwer 60 MB.

Actuellement nous n'avons pas retrouvé de données cachées dans cette photo. La deuxième partie contient des données inconnues.

Il est important d' ajouter que des conclusions n'excluent pas la possibilité que, avec des techniques plus spécifiques et plus élaborées que celles nous disposons à ce jour, des données cachées et/ou cryptées seraient encore décelable dans les parties du fichier JPEG. En même temps, comme indiqué également ci-dessus, il est très difficile de démontrer qu'il n'existe pas de données cachées dans ce fichier.

De belsche Spezialist schéngt do de richtege Feeling gehat ze hunn. Well eis Spezialisten hunn nun emol eng kuerz, onverständlech an onkloer Audio-Datei op der CD fonnt.

Op déi Decouverte iergendwou hiféiert, ass nach net kloer.

Fir komplett ze sinn: beim Elektronikfachmann Loris Mariotto hunn d'Enquêteuren Enn Januar 2013 eng Perquisitioun gemat. 3 Joer duerno stellt de Juge d'Instruction Ernest Nilles dem Loris Mariotto dës Froen iwwer déi Perquisitioun:

Bei der Durchsuchung Ihres Hauses (…) konnten drei Gegenstände beschlagnahmt werden, welche die Bezeichnung KRYPTOVOX tragen. Hierbei handelt es sich um:

1 Audiokassette KRYPTO VOX a 64 Sony;

1 Diskette beschriftet KRYPTO VOX (…)

1 Betriebsanleitung für ein KRYPTOVOX „Telephone Terminal“

Stehen diese Gegenstände in direktem Bezug zu ihren geschäftlichen Aktivitäten?

Seit wann sind Sie im Besitz dieses Materials?

Wat natierlech Froen sinn, déi drop zielen, zanter wéini de Loris Mariotto mat Kryptovox schafft, an do lafe ganz vill sous-entenduë mat wat déi angeblech mat Kryptovox verschlësselt CD ubelaangt. Op Urode vu sengem Affekot äntwert de Loris Mariotto op all déi Froe net. D'Perquisitioun bei him wier illegal gewierscht an hie wier nëmmen Partie civile an der eventueller Prozess-Saach Mille, Schneider, Kemmer. Dat heescht: all inhaltlech Froen iwwer d'CD solle net gestallt ginn,w.e.g.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.