"Frisbee"-Oflauschter-AffärMille: Et gouf eng Rumeur: "Grand-Duc erpresst Juncker"

Ëmmer nei Surprisen am Dossier "Frisbee", dat heescht an deem Dossier, deen de SREL-Skandal ausgeléist huet.

Erpressungsversuch bei der Frisbee-Affär? (12.07.2017)
De SREL-Chef Marco Mille huet een Ament un eng Rumeur gegleeft, de Grand-Duc kéint de Premier Juncker erpressen. Dat steet an Dokumenter, déi RTL virleien.

De SREL-Chef Marco Mille huet een Ament eeschtlech un eng Rumeur gegleeft, de Grand-Duc kéint de Premier Juncker erpressen. Dat steet an Dokumenter, déi RTL virleien.

Frisbee Affär Interpretatiounsdivergenzen / Nico Graf

De fréiere Chef vum Geheimdéngscht huet zwee Mol extensiv ausgesot: bei der Police Judiciaire den 18. Dezember 2012 an den 10. Juni 2015 beim Juge d‘Instruction Ernest Nilles.

D'Verhéier bei der Police war also just nodeems am November 2012 de Premier Juncker hat missen zouginn, datt de Marco Mille hie mat enger Spionageauer opgeholl hat.

Den Hannergrond vun allem ass jo deen, datt den Zeie Beffort de Prënz Jean 1985 kuerz virum Bommenattentat um Findel wëll gesinn hunn, datt deen Zeien dem Premier dat gesot hat, datt de Premier an de Grand-Duc doriwwer geschwat haten an datt de Loris Mariotto d‘Rumeur an Ëmlaf bruecht hat, datt dat Gespréich opgeholl gi wier. Dat huet jo beim SREL fir gréisser Opreegung gesuergt. Wéi d‘Häre Mille, Schneider a Kemmer de Premier Juncker an d‘Bild setze wollten, huet deen de Marco Mille Schëmmel-a-bless vernannt an dat hat jo erëm als Suite, datt Marco Mille säi Premier heemlech mat der Spionageauer opgeholl huet. 

A genee dat spillt an de Verhéier vum Marco Mille eng Haaptroll mat der Fro: firwat huet de Marco Mille säi Premier opgeholl? Et huet een ëmmer gemengt, de Marco Mille hätt zwee Grënn gehat, dat Gespréich opzehuelen. Éischtens fir festzehalen, datt, mam Wësse vum Premier, Telefonsgespréicher vum Loris Mariotto illegal opgeholl gi sinn an hien hätt dat wëllen dokumentéiere vis-à-vis senge SREL-Kollegen. Aus de Vernehmungsprotokoller geet awer nach eppes ganz aneschtes ervir, nämlech, datt de Marco Mille vun engem béise Verdacht héieren hat an datt se dowéinst am SREL esou aktiv gi sinn. Et geet ëm d‘Quell Mariotto an déi faméis Rumeur vun der cryptéierter CD. Hei en Zitat aus dem Police-Rapport:

MILLE erklärt, dass er heute nicht mehr genau nachvollziehen kann, zu welchem Zeitpunkt er welche Details in dieser Angelegenheit erhielt. Im Wesentlichen hätte man ihm mitgeteilt, dass die Quelle über ein Gespräch zwischen dem Großherzog Henri und dem Staatsminister JUNCKER verfügen würde. Bei dem Inhalt dieses Gespräches soll es sich um den Sachverhalt gehandelt haben, dass der Staatsminister dem Bruder des Großherzogs im Kontext der Sprengstoffattentate der 80er Jahre ein Alibi verschafft hätte. Es ging angeblich gemäß MILLE aus der Information hervor, dass der Großherzog den Staatsminister erpresst haben soll, aber nicht konkret in welcher Form die Erpressung mit diesem Alibi erfolgte. MILLE erklärte, dass es entweder darum ging, dass der Staatsminister das Alibi für den Bruder des Großherzogs verschafft hatte und damit unter Druck gesetzt werden konnte, oder er soll mit unbekannten Mitteln unter Druck gesetzt worden sein, um dem Prinzen Jean ein Alibi zu verschaffen.

An et heescht am Kloertext, datt de Chef vum Geheimdéngscht himself iergendwéi e bëssen un d‘Rumeur vun enger Erpressung op héchstem Staatsniveau gegleeft huet.

De Premier war beim éischte Gespréich iwwer déi cryptéiert CD  ausfallend, cholerisch, völlig ausser Fassung, dat  sinn d‘Wierder vum Marco Mille beim juge d’instruction. Wou hien net méi vun Erpressung schwätzt, seet hien awer:

Das Verhalten und die Reaktion von dem Staatsminister waren doch sehr bedenklich und trugen nicht zu seiner Entlastung bei.

A spéider: Für uns war Juncker potenziell Teil des Problems.   

An dowéinst hätte si beim SREL deen eventuellen Angriff auf die Integrität der staatlichen Institution missen eescht huelen. An de SREL hätt déi ominéis cryptéiert CD net kënnen un en auslännesche Geheimdéngscht ginn, wegen der potenziellen Brisanz dessen Inhalts und dem Risiko einer Erpressbarkeit von unserem Staatsminister.   

Bon, no a no hu se sech beim SREL berouegt a se waren der Meenung, d‘Source, also de Loris Mariotto, wier nicht kohärent und unglaubwürdig einzustufen .

An engem wahrscheinleche Prozess géint d‘SREL-Leit sinn déi illegal Telefonsiwwerwaachungen op de Loris Mariotto wuel dee wichtegste Punkt. An de Marco Mille an de Premier Juncker sinn do guer net op enger Linn: de Marco Mille mengt, hien hätt d‘Autorisatioun gehat, fir déi Enregistrementer. De fréiere Premier seet: es lag mit Sicherheit keine Genehmigung für eine vollumfängliche Telefonüberwachung vor.   Interpretatiounsdivergenzen.

Datt de Marco Mille déi dräi Frisbeeën, also dräi illegal Enregistrementer, aus dem SREL mat eraus geholl hat a se vu sech aus der Police erëm matbruecht hat, dat wäert wuel eng Niewesaach sinn, quitte, datt dat Meescht, wat an deenen Dokumenter stécht, nach ëmmer net gekläert ass. 

                     

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.