"Frisbee"-AffärProzess géint 3 fréier SREL-Leit réckelt méi no

An der Affär ëm d’Oflauschteraktioune vum Geheimdéngscht réckelt e Prozess géint de Marco Mille, den André Kemmer an de Fränk Schneider méi no.

"Frisbee"-Affär: Prozess géint 3 fréier SREL-Leit (13.07.2017)
An der Affär ëm d’Oflauschteraktioune vum Geheimdéngscht réckelt e Prozess géint de Marco Mille, den André Kemmer an de Fränk Schneider méi no.

D’Chambre du Conseil vun der Cour d’appel huet e Mëttwoch nämlech d’Décisioun vun der Chambre du Conseil vum Stater Geriicht vun Enn Abrëll confirméiert, dass genuch Beweiser virleien, fir de fréiere SREL-Direkter an déi zwee fréier Mataarbechter vum Geheimdéngscht viru Geriicht ze bréngen.

Deenen 3 ginn an der sougenannter “Frisbee-Affär” ënner anerem Infraktiounen zum Schutz vum Privatliewen an zum Dateschutz virgehäit. De Marco Mille an den André Kemmer kréien donieft nach d’Ënnerschloe vun der “Frisbee”-CD reprochéiert.

"Frisbee"-Affär: Et kënnt zum Prozess / Reportage Nico Graf



Frisbee – dat kléngt no Spillgezei a no Sport. Zimlech verspillt a verpeilt ware se am Geheimdéngscht mat gläich dräi Datenträger ëmgaang, ëm déi et an dëser Affär geet an déi se allen dräi Frisbee genannt haten. Et sinn dräi illegal Enregistrementer. Déi cryptéiert CD, wou de Grand-Duc an de Premier Juncker iwwer d'Affär Bommeleeër schwätze sollen. Et ass d'Spionageauer-Gespréich Mille-Juncker, an et ass d' Telefonsiwwerwaachung vun der Source Loris Mariotto.

De Geheimdéngschtkollaborateure Marco Mille an André Kemmer gëtt reprochéiert, déi cryptéiert CD aus dem Geheimdéngscht detournéiert ze hunn, um Ufank sollte se ugeklot ginn wéinst Vol vun deeër CD,  dat ass vum Dësch.

Ugeklot gi Mille, Schneider a Kemmer awer an der Haaptsaach, well si hir Source, den Elektronikfachmann Loris Mariotto, illegal ofgelauschtert an opgeholl haten an och weider 20 Coups-Telefon vun him a senger Fra.

Keng Roll spillt am Prozess, datt de Geheimdéngscht-Chef Marco Mille de Premier Jean-Claude Juncker mat enger Spionage-Auer ausspionéiert hat.

Hannergrond vun allem ass d'Bommeleeër-Affär. Den Zeien Beffort hat eis op RTL jo ugedeit, hien hätt de Prënz Jean kuerz virum Attentat um Findel gesinn. Hien hat dem Premier Juncker dat gesot, deen hat dem Parquet et weiderginn an och natierlech mam Grand-Duc doriwwer geschwat. A kuerz drop huet de Loris Mariotto d'Rumeur lancéiert, dat Gespréich op héchstem Staatsniveau wier enregistréiert ginn. Et géif als cryptéiert CD existéieren, ebe just déi CD, déi herno Frisbee genannt ginn ass. Ob op deeër CD wierklech akustesch eppes Interessantes drop ass, dat weess nach ëmmer keen. Kloer awer ass, datt de Marco Mille seng Platz beim SREL wéint dëser Affär huet missen opginn, hien ass bei Siemens Sécherheets-Chef ginn. De SREL-Operatiouns-Chef Frank Schneider huet säin Informatiouns-Déngscht Sandstone gegrënnt. An den André Kemmer ass suspendéiert a Schrëftsteller ginn.

De Jean-Claude Juncker ass Kommissiounspresident zu Bréissel ginn.

Den André Kemmer, de Klengsten aus dem SREL, iwwer deen de Frisbee an de SREL komm war, huet also iergendwéi bis ewell am meeschte bezuelt fir déi koppeg Aktivitéite vum SREL.

A propos: wat do dann am Frisbee-Prozess zur Sprooch kënnt, dat ass da sécher nëmmen d'Spëtzt vun engem Äisbierg, ënner Waasser sinn d'Motiver an d'Wouerechte vun der Source Mariotto, ënner Waasser an deem Prozess bleiwen och all déi aner Dysfunktionnementer am SREL. Déi ouni d' Frisbee-Geschicht wuel ni erauskomm wieren.

Mille: Et gouf eng Rumeur: "Grand-Duc erpresst Juncker"

Reaktiounen aus der Chamber
Den David Wagner vun déi Lénk wëll als éischt emol ofwaarden, op effektiv et esou geschitt ass, wéi et aktuell duergestallt gëtt. An de Gast Gibéryen vun der adr war iwwer d'Aussoen, déi hien héieren huet, schockéiert.

Frisbee Affär: Reaktiounen aus der Chamber (13.07.2017)
An der Chamber war et um Donneschdeg déi lescht ëffentlech Sëtzung virun der Vakanz.


De Communiqué vum Procureur général d'Etat

Communiqué du Procureur général d’Etat au sujet de l'arrêt de la chambre du conseil de la Cour d'appel dans l'affaire des écoutes du SREL

(13.07.2017)

En date du 12 juillet 2017 la chambre du conseil de la Cour d’appel a confirmé l’ordonnance de la chambre de conseil du tribunal d’arrondissement de Luxembourg du 26 avril 2017 en retenant qu’il existe des charges suffisantes de culpabilité pour ordonner le renvoi des trois anciens collaborateurs du SREL, M. Marco Mille (ancien directeur) et de MM. André Kemmer et Frank Schneider (tous les deux anciens collaborateurs) devant une chambre correctionnelle du tribunal d’arrondissement de Luxembourg. Ces trois personnes sont renvoyées du chef d’infractions à la loi du 11 août 1982 sur la protection de la vie privée, à la loi modifiée du 30 mai 2005 relative à la protection de la personne à l’égard du traitement des données à caractère personnel dans le secteur des communications électroniques et à la loi modifiée du 2 août 2002 relative à la protection des personnes à l’égard du traitement des données à caractère personnel.

 

En outre la chambre du conseil de la Cour d’appel, pour ce qui est de MM. Marco Mille et André Kemmer, a confirmé le renvoi du chef de détournement sinon de recel du CD « Frisbee » et a écarté la qualification de vol.

La notion de « charges suffisantes » ne préjuge en rien à celle de la constatation de culpabilité. Il s’ensuit que, même en cas de renvoi, chaque prévenu bénéficie de la présomption d’innocence jusqu’à une décision définitive.

Cette affaire ayant déjà donné lieu à la publication dans la presse d’extraits du dossier de l’instruction, il est rappelé que pendant toute la procédure d’instruction, les différents éléments du dossier sont couverts par le secret. La violation de ce secret ainsi que le recel d’informations obtenues suite à une telle violation sont pénalement punissables.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.