"Frisbee"-AffärMariotto, vum Zeien zur Partie civile

Well de Loris Mariotto illegal ofgelauschtert gouf, trëtt hien am Prozess als Partie civile op.

Am SREL-Prozess wéint der Affär Frisbee, deen et da wuel geschwënn gëtt, do trëtt den Elektronikfachmann Loris Mariotto als partie civile op. Also als Nebenkläger, an dat, well d'Telefonen, also säin, dee vu senger Fra an dee vu senger Firma illegal vun dräi SREL-Leit ofgelauschtert gi sinn.

De Loris Mariotto ass e pur Mol vun de Justiz-Autoritéite gehéiert ginn. Déi natierlech un der ominéiser cryptéierter CD interesséiert waren.

Frisbee-Affär: Partie-Civile Mariotto / Reportage Nico Graf

Wou jo e Gespréich  tëschent dem Grand-Duc an dem Premier Juncker iwwer d' Bommeleeër-Affär soll drop sinn. De Loris Mariotto hat sengem ale Frënd André Kemmer vum Geheimdéngscht dovunner erzielt an domat ass déi ganz SREL-Affär un d'Rulle komm. Dëse Volet vun der Affär hunn se am SREL selwer jo Frisbee genannt. Esou eng CD ass eben esou ronn, wéi e Frisbee.

De Loris Mariotto, deen ass a verschiddene Qualitéite gehéiert ginn, um Ufank als Zeien vun der Police judiciaire an duerno als partie civile vum Untersuchungsriichter.

D'Police wollt wuel vill vum Loris Mariotto wëssen. Well knapps hat de Premier Juncker op eiser Antenne confirméiert, datt de Marco Mille hien heemlech enregistréiert hat, die Sache mit der Uhr, e pur Deeg drop, de 4.12., gëtt de Loris Mariotto schonn als Zeie gehéiert, an Enn Dezember gläich zwee Deeg noeneen an och weider Enn Januar 2013 an am September 2015. Dunn awer hat de Loris Mariotto sech vum Zeien zur partie civile gemausert: hie war jo illegal ofgelauschtert ginn.

Den Untersuchungsriichter Nilles stellt him am Januar 2016 eng quokeleg Fro: Haben Sie Befürchtungen, dass Sie sich selbst mir Ihren Aussagen belasten könnten.

Der Nebenkläger: Auf ihre Fragen hin, ich kann mich beim besten Willen 11 Jahre nach den Ereignissen nicht mehr an die ganzen Details erinnern. Es war ein richtiges "kuddelmuddel". Ich weiß auch nicht, wie viele Male, wann und wie ich von André KEMMER aufgenommen wurde. Ich stand zu diesem Zeitpunkt, und das Ganze lief über Jahre, unter Erfolgsdruck. Ich hatte das Gefühl, dass André KEMMER sich in deiser Sache unbedingt profilieren wollte und das wäre natürlich aus die Erklärung, warum er so viel Druck auf mich ausübte. Mir war natürlich klar, für welchen Dienst er arbeiten würde.

Heute weiß ich, dass ich einen Fehler begangen habe. Ich hätte niemals mit dieser CD zu Herrn KEMMER gehen sollen. Ich wusste zu diesem Augenblick noch nicht, wie André KEMMER ticken würde.

An als partie civile well de Loris Mariotto op engem anere Punkt guer näischt äntweren, nämlech do, wou et ëm den Inhalt vum illegal enregistréierte Gespréich tëschent him an dem André Kemmer geet, also dem Sujet vum futur Prozess.

Der Nebenkläger: Nach Rücksprache mit meinem Anwalt haben wir entschieden, keine Stellung zu nhemen betreffend das aufgenommene Gespräch zwischen André KEMER und meiner Person. Bei diesem Gespräch handelt [es]sich um ein illegal uafgenommenes Gespräch.

Mir wurde der Anfang dieses aufgenommenen Gespräches vorgespielt. Ich kann mich an ein solches Gespräch nicht erinnern. Wie gesagt, ich möchte auch keine Stellung zum Inhalt des Gespräches nehmen, wie bereits angegeben, ich streite jedoch nicht ab, das ich einer der Gesprächspartner bin. Ich habe André KEMMER oder die Stimme von André KEMMER nicht wiedererkannt.

Sie sagen mir, dass es sich ganz klar um André KEMMEr handelt, bei einem der beiden Gesprächspartner. So hat André KEMMER noch nie mit mir gesprochen, antworte ich ihnen.

Keng Erënnerung also an och keen Erëmerkennen.

A bal niewebäi kennt am Gespréich mam juge d'instruction eraus, datt et zwou Perquisitioune gouf: eng beim Affekot vum Loris Mariotto an och eng doheem beim Loris Mariotto, wou vill Kryptovox-Gemësch fonnt gouf, also genee déi Software, vun deeër de Loris Mariotto sengem Frënd Kemmer gesot hat, datt déi cryptéiert CD dermat verschlësselt wier.

De Frënd Kemmer hat iwwregens dëst an dat gemaach fir Präzises iwwer déi cryptéiert CD gewuer ze ginn. Net nëmmen, dat enregistréiert Gespréich mä virdrun och nach vill aneren Drock dorënner zum Beispill duerch e schwaarze Mercedes, deen op emol viru sengem Haus stoung, oder och e Privatdetetktiv, deen opgedaucht ass. Drock a Kuddelmuddel nennt de Mariotto dat jo. An domat sinn d'SREL-Aktivitéiten ënnerdriwwen beschriwwen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.