Frisbee-AffärPJ analyséiert Gespréich tëscht Mille a Juncker iwwer CD

Den Ex-Premier Juncker weess eventuell méi iwwer de Contenu vun der faméiser kryptéierter CD mam Gespréich Premier-Grand-Duc, wéi hie bis ewell gesot huet.

Foto aus dem tageblatt vum 24/07/2017

Dat ass d’Konklusioun vun der Police judiciaire (PJ), nodeems si dat, och faméist, Spionage-Auere-Gespréich tëschent dem SREL-Chef Marco Mille an dem fréiere Premier analyséiert hunn.

Eng Analys, déi eis virläit.

Frisbee-Affär: PJ-Analys Mille versus Juncker
Reportage: Nico Graf



Et sinn eng 6 Säiten Text mat enger Titelsäit an do steet drop:

A n a l y s e  eines Gesprächs zwischen Premierminister Jean-Claude Juncker und seinem Geheimdienstchef Marco Mille im Januar 2007 im Staatsministerium "Hôtel de Bourgogne", welches von Mille klammheimlich aufgezeichnet [...] wurde.

An zwar den 31. Januar 2007, also 5 Deeg, nodeems se am SREL déi kryptéiert CD vum Loris Mariotto kritt haten an dat angeblecht Gespréich dorop tëschent dem Grand-Duc an dem Premier Juncker net dekryptéiere konnten an dowéinst illegal de Loris Mariotto per Telefon opgeholl haten. Iwwer all déi Saache schwätzt de Marco Mille jo mat sengem Chef.

D'Police resüméiert dat, schielt déi wichtegst Sujeten eraus a kommentéiert se. Et ass jo e Gespréich, wou de Marco Mille ganz vill schwätzt an de Jean-Claude Juncker am wesentleche grommelt.

E klenge Rappell mam Sujet, wat Grand-Duc a Premier Schockantes schwätze kéinten:

"Et gëtt honnert sensibel Gespréicher tëscht dem Premier an anere Leit", esou de Marco Mille. Dat wier an der Politik esou ... Si, also de SREL, missten awer wëssen, ob de Regierungschef, de Staatsminister oder de Staatschef ofgelauschtert gi vun Drëtten ...

Quokeleg gëtt et do, wou de Marco Mille iwwer de Palais an deem eventuell Kontakter mam britesche Geheimdéngscht schwätzt. D'Police-Analys ass dës:

Mille weist Juncker dezidiert darauf hin, dass es glaubwürdige Berichte (bitte die verwendete Mehrzahl "Berichte" beachten!) gebe, laut denen der Hof bzw. der Großherzog nicht näher definierte Kontakte zum englischen Dienst (gemeint ist in diesem Fall der britische Auslandsgeheimdienst MI-6) unterhalte. Mille unterstreicht, datt Von Nassau gute Beziehungen zu England pflege. ZUSATZ: Mille beschuldigt den Großherzog, Hochverrat zu begehen!!!

Et geet och e puer Etage méi déif. Beispill:

Juncker erkundigt sich nach Mariottos Namen.

Mille: Über Mariotto sei nichts im Archiv.

Commentaire vun de Polizisten: Wer’s glaubt, wird selig!!!

Mat 3 Ausruffzeeche hannendrun, wëll soen: Mir hu vill iwwer deen am Archiv. Wat jo och de Fall war an ass.

Wou et definitiv spannend gëtt, dat ass bei enger Passage iwwer Sënn an Zweck vun der kryptéierter CD, op där jo Grand-Duc a Premier, also Juncker, matenee schwätzen.

Mille: De Fait, datt ofgelauschtert gëtt ...
Juncker: ... jo, jo, jo, d'accord ...
Mille: ... dat geet géint dech oder de Grand-Duc.
Juncker: ... jo, jo.
Mille: Wann et géint de Grand-Duc geet, kann et aus X verschiddene Lagere kommen, wann et géint dech geet, kann et aus anere Lagere kommen [...] Dofir ass et wichteg ze wëssen, hei oder do ... nodeem, wat s de sees, ass et wahrscheinlech do ...
Juncker: Souwisou, wann een de Grand-Duc besser héiert wéi mech, dann ass et souwisou do.

Déi opmierksam Polizisten hunn do eppes héieren, wat bis ewell kengem opgefall war. Nämlech de leschte Saz vum Premier:

"Souwisou, wann een de Grand-Duc besser héiert ewéi mech ..."

An hir Analyse oder villméi hir Froe sinn dës:

Woher hat Juncker die Information, dass man den Großherzog beim auf der CD aufgezeichneten Gespräch mit ihm besser hört, wo doch die CD Mille zufolge kryptiert und noch nicht vom SREL entschlüsselt wurde, so dass Juncker theoretisch gar keine Kenntnisse über die tontechnische Qualität oder anere Details dieses sich auf einer verschlüsselten CD befindlichen Gesprächs haben kann?

Diese Aussage Junckers, derzufolge der Großherzog (laut Junckers Wissen) auf besagter CD verstàndlicher zu hören sei als er, geht aus dem Gespräichskontext mit Mille überhaupt nicht hervor, könnte aber möglicherweise ein unfreiwilliges (und unbedachtes) Eingeständnis Junckers dafür sein, dass

1. dieses Gespräch tatsächlich stattgefunden hat;
2. es auf einer CD ausgezeichnet wurde, und
3. dass Juncker mehr über den Inhalt dieser CD weiss (woher und von wem auch immer), als er offiziell zugeben möchte und kann.

Et mierkt een, datt d'Poliziste mefiant sinn, datt se mengen, de Premier hätt bis dohinner geflunkert an datt hien also méi weess iwwer d'Ëmstänn an de Contenu vun der kryptéierter CD. Wuel gemierkt, et si Polizisten, déi hei mësstrauesch sinn a kéipweis weider Froen hunn. Froen, déi an d‘Affär Bommeleeër zilen a soss néierens. Well ëm déi Affär soll et jo op der kryptéierter CD goen. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.