Raiffeisebank: 5,5 Prozent méi Ëmsaz déi lescht 6 Méint

Raiffeisebank: No ganz gudde Resultater 2008 huet d'Bank di lescht sechs Méint nach eemol 5,5 Prozent méi Ëmsaz gemaach.

Vis-à-vis vum 30. Juni läit de Progrès esouguer bei 15 Prozent.

De Netto-Benefice am éischte Semester louch bei engem Plus vun 11 Prozent géintiwwer zejoert.

D'Leit hu weider grousst Vertrauen an d'Raiffeisebank: d'Dépôte si bannent engem Joer ëm bal 15 Prozent an d'Luucht gaang.

Déi Entwécklung läit gréisstendeels u neie Clienten... dat gëllt net nëmme fir Privatleit, ma och fir Kleng- a Mëttelbetriber.

Bei de Krediter fiert d'Bank weider mat hirer virsiichteger Politik, déi d'Clienten (och a méi schwieregen Zäite) net ze vill belaascht.

D'Privatgeschäft a Kollaboratioun mat der Schwäizer Vontobel Bank leeft och ganz gutt.

Duerfir ass et dann och kee Wonner, datt d'Raiffeisebank 8 zousätzlech Leit agestallt huet. Dat mécht der elo 484 am Ganzen.

Am Sëtz zu Märel sinn di Responsabel iwwerzeegt, datt d'Economie nach net all Konsequenze vu der Kris hannert sech huet. An d'Situatioun op der Bankeplaz wier alles anescht ewéi roseg.

 AUDIO: De Reportage op RTL Radio Lëtzebuerg »