Bommeleeër: Klein anerer Meenung ewéi Bourg

Konfrontatioun um Dënschdeg tëscht dem Prosper Klein, fréierem Untersuchungsriichter, an dem Charel Bourg, fréierem Generaldirekter vun der Police.

Um Ufank vum 89. Dag am Bommeleeër-Prozess huet de Procureur Georges Oswald um Dënschdeg de Mëtte virop erkläert, dass de fréieren Enquêteur Paul Haan him all d'Informatiounen, déi hien zu dëser Affär hat, op engem USB-Stick ofginn huet.

Doropshi koum et zur Konfrontatioun tëscht dem Prosper Klein, Untersuchungsriichter vun November 1985 bis November 1991, an dem Charel Bourg, dem 1. Generaldirekter vun der Police no der Fusioun. De Prosper Klein hat e Méindeg ausgesot, hien hätt deem Charel Bourg beim Attentat um Findel gesot, e sollt de Perimeter ofséchere loossen; den Offizéier hätt dem heitege Riichter zweemol net nogelauschtert, wär no der 3. Kéier senger Wee gaangen an hätt dat nawell eréischt de Moien drop maache gelooss.

Um Dënschdeg de Mëtte sot de Charel Bourg dozou, hie géif sech erënneren, den Dag drop do gewiescht ze sinn, well de Minister dunn op d'Plaz koum; hie kéint sech awer net drun erënneren, mam Zeien do gestanen ze hunn. De Marc Zovilé wär deemools en charge gewiescht.

Fir de Prosper Klein hat een déngschtlech awer näischt mateneen ze dinn!

Dem Charel Bourg no kéint hie sech net virstellen, do gewiescht ze sinn: "Dat seet mer guer näischt", sou den Zeien.

De Prosper Klein huet dorop geäntwert, keen Zweiwel ze hunn: "Ech stoung nieft Iech!" Dobäi hätt déi Aarbecht misse gemaach ginn, well soss de Ree Spuere verwëscht hätt. Hie wär getrëppelt gewiescht vum Behuele vum Zeien; dofir kéint hie sech vläicht éischter drun erënneren. "Dir hutt net mat mer geschwat!"

D'Äntwert vum Charel Bourg war: "Ech kann dat mam beschte Wëllen net soen!"

De Prosper Klein huet um Enn vun der Géigeniwwerstellung nach gemengt, hie wär den Dag drop awer net do gewiescht. Domat war déi Konfrontatioun mat zwou verschiddene Meenungen eriwwer.

"Net vill do"

Hie wär zur Zäit vun den Attentater net vill do, ë.a. wéinst dem Poopst-Besuch an der EU-Presidence. „Dir waart awer den zweete Mann an der Gendarmerie, wann och net de Chef an der Enquête!“, huet d'Riichterin Sylvie Conter ze bedenke ginn. Hie wär awer eben net ëmmer do gewiescht. „Wat ass da bei den interne Reuniounen iwwert d'Bommeleeër erauskomm?“, wollt d'Presidentin vum Geriicht wëssen. Et hätt een z.B. potenziell Ziler erausgesicht an Autoe kontrolléiert. Eng Méiglechkeet wär ee gewiescht, deen d’Gendarmerie kannt hätt. Hie wär och verwonnert, dass e Phantombild gemaach gouf nom Attentat op d’Kasematten, dat awer ni publizéiert gouf. D'Informatioune wären direkt un de Kommandant vun der Gendarmerie gaangen an ee selwer net wäit komm bei den Iwwerleeungen iwwert d'Bommeleeër.

„Et ass awer näischt konkret a Richtung Insider gemaach ginn! Donieft ass zu Lëtzebuerg bal kee Geheimnis ze halen; just hei ass dat aus dem Eff-Eff geschitt!“, sou d'Sylvie Conter dono. Den Armand Schockweiler hätt gesot, de Secret de l’instruction géif spillen, an da wär et gedoe gewiescht. Wat d'Attentat op den EG-Sommet um Kierchbierg ugeet, wär d'Autobunn do net ofgespaart ginn, well dann a Saache Verkéier näischt méi gaange wär. „Dat war och d'Iddi vum GOR“, huet d'Riichterin betount, iwwerdeems de Procureur gemengt huet: „Dat gouf awer am Kader vum Attentat op d’Haus vum Colonel Wagner gemaach!“ Wann de GOR näischt matdeelt, kann een näischt wëssen, a wann ech eng Uweisung kréien, da maachen ech dat, war d'Äntwert vum Zeien dorop. "Firwat ass dann an der Gendarmerie net matenee geschwat ginn?", huet d'Sylvie Conter gefrot.

D'Iddi war, d'Enquête frësch opzerullen; et wär dunn awer gesot ginn, de Secret de l’instruction géif spillen, an dunn hunn ech näischt méi héieren. „Huet dann ni een nogefrot?“, huet d'Presidentin vum Geriicht gefrot. Mir hate genuch ze dinn, huet de Charel Bourg geäntwert. De Kommandant Wagner hätt alles eleng gemaach, an hie wéisst näischt vun engem Sichen no Wanzen um Kommando, well hien déi Zäit net do gewiescht wär. „Mir waarde mat Spannung op een, deen e bëssen eppes mat der Enquête ze dinn hat a sech heifir interesséiert huet!“, huet d'Sylvie Conter ënnerstrach. Et hätten 20 Leit um Kommando geschafft. „Déi hätt ee jo awer kënne kontrolléieren!“, huet d'Riichterin argumentéiert. Ech weess et net méi, sot den Zeien; et ass 30 Joer hier.

Am Zesummenhank mat den Attentater wär
Rieds gewiescht vum Ben Geiben a vum Jos Steil. Dat wär markant gewiescht, besonnesch a Bezuch op de Ben Geiben.

De Ben Geiben hätt d’Fäegkeeten dozou gehat. „An der Gendarmerie hätten der vill déi gehat! Mä wat gouf gemaach, fir den Insider ze fannen?“, huet d'Sylvie Conter bemierkt. Dorop krut si keng konkret Äntwert. Op d'Fro, firwat de Jos Steil op de Kommando koum, koum d'Äntwert, dee wär schwéier krank gewiescht.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.