Bommeleeër-Prozess: "Geheimdéngscht am Ree stoe gelooss"

Am Bommeleeër-Prozess huet um Mëttwoch de Charel Hoffmann, fréiere Chef vum Geheimdéngscht, ausgesot.

© RTL
De Mann, deen 1976 bei de SREL koum, direkt zoustänneg war fir de Stay behind a vun 1985 bis 2003 Direkter vum Geheimdéngscht, huet virop erkläert, de SREL hätt gär gehollef bei der Opklärung vun der Bommeleeër-Affär, wär awer am Ree stoe gelooss ginn.

Hie selwer hätt net verstanen, firwat de SREL net implizéiert war; dobäi hätt am Raum gestanen, wien et war.

De SREL hätt e positive Bäitrag kënne leeschten; allerdéngs hätt een op Grond vum Dysfonctionnement a vum Fiasko vun der Enquête, deen absichtlech oder chaotesch war, iwwerhaapt net gewosst, wee fir d’Enquête zoustänneg war. Hien hätt guer kee Kontakt zu Offizéier vun de Forces de l’ordre gehat an zu engem gewëssene Moment e Bréif un de Premier Jacques Santer geschriwwen, fir besser integréiert ze ginn; et wär doropshin awer näischt geschitt.

De Charel Hoffmann sot, hien hätt gewosst, dass et kee Sënn hat, Leit wéi de Colonel Wagner oder de Colonel Harpes ze kontaktéieren; de fréiere SREL-Chef huet dogéint déi gutt Enquête ënnert der Untersuchungsriichterin Doris Woltz ervirgehuewen.

De SREL hätt keen Accès zu Informatioune gehat, an et hätt keng Coordinatioun an der Bommeleeër-Enquête ginn. Et hätt ee vill mat anere Geheimdéngschter zesumme geschafft, och well de SREL, deen net Täter war, d'Bommeleeër wollt kréien; et hätt een awer keng Ënnerstëtzung an der Enquête kritt. De Geheimdéngscht hätt sech och d'Fro vum Insider gestallt; allerdings wäre keng Wanze bei enger Sich dono a Büroe vun der Gendarmerie fonnt ginn. De SREL-Chef huet donieft betount, dofir gesuergt ze hunn, dass sech de Geheimdéngscht no an no zum Deel demilitariséiert hätt.

All Observatioun hätt misse bei him ugefrot ginn, an hien hätt ëmmer vollt Vertrauen a seng Leit gehat, sou de Charel Hoffmann; hien hätt och kee Souvenir, een erwëscht ze hunn, deen ouni säin Accord eppes gemaach hätt. Souwisou hätt no enger Observatioun missen e Rapport geschriwwe ginn.

Wat d'Iwwerwaachung Geiben ugeet, wär den Armand Kaudé virdru bei hie komm, fir ze froen, ob een de "Kollege vun doiwwer", spréch der Gendarmerie, kéint hëllefen; doru kéint hie sech genee erënneren. Hien hätt net an Erënnerung, dass de Charel Bourg him ugeruff hätt; deen hat dat gëschter allerdings sou ausgesot. Dem Armand Kaudé sengersäits no wär d'Ufro un de Charel Hoffmann wuel vun iwwert dem Pierre Reuland komm.

D'Observatioun Geiben wär keng Operatioun vum SREL gewiescht; an deem Kontext huet den Ex-Chef widderholl, dass d'Relatioune mat der Gendarmerie schlecht a souguer bal inexistent waren. Wa sou un de Geheimdingscht erugetruede gouf, wär dat iwwert den Terrain, d.h. Mataarbechter vum SREL, an net iwwert d’Directioun geschitt. Den Armand Kaudé hätt säi Rapport wëlle viruginn un d'Gendaarmen; hien, Charel Hoffmann, wär dogéint gewiescht, well d'Gendarmerie jo dobäi war.

„Dir hutt sengerzäit gesot, et wär net vill am Rapport dran. Dobäi gouf et jo nach en zweete Rapport Kaudé iwwer Verdachtsmomenter géint de Jos Steil!“, huet d'Riichterin Sylvie Conter ze bedenke ginn. Dem Charel Hoffmann no war et un der Gendarmerie, fir eppes ze maachen, an net um SREL. „Ma Dir hat d'Flicht, dat weider ze ginn an eng Plainte ze maachen!“, huet de Procureur Georges Oswald bemierkt. Fir de SREL-Chef vun där Zäit hätt de Jos Steil jo näischt Illegales gemaach, mä "just" Saachen, déi fragwüerdeg waren. An nach emol: Et wär un der Gendarmerie gewiescht. Hien hätt sech kënne virstellen, firwat d’Observatioun Geiben gemaach gouf; de SREL hätt allerdings keen Unhaltspunkt gehat, fir op de Geiben ze schaffen. Doropshin huet d'Presidentin vum Geriicht festgehalen, dass "déi eenzeg, déi organiséiert waren, d'Bommeleeër waren!", sou d'Sylvie Conter. De Charel Hoffmann huet awer gemengt, et hätt ee sech vill Méi ginn, fir d'Auteure vun den Attentater ze fannen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.