SREL-AffärSREL-Affär: Disziplinarprozedure géint Mille a Mandé

Um Donneschdeg gouf elo bekannt, dass de 15. Oktober 2013 eng disziplinaresch Prozedur géint de fréierer SREL-Chef a säi Collaborateur lancéiert gouf.

Géint de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille, an den fréiere Collaborateur vum SREL an Ex-Chauffer vum Premier Juncker, de Roger Mandé, goufen de 15. Oktober Disziplinarprozedure lancéiert.  Dat geet aus der Äntwert vum Staatsminister, op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Alex Bodry ervir, dee wollt wëssen ob deementspriechende Recommandatiounen am SREL-Rapport vun der Enquêtekommissioun géif Rechnung gedroe ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.