Bommeleeër: Eng total Inkompetenz op engem Koup?

D'Geriicht verléiert mam Charel Bourg d'Gedold. Der Riichterin platzt de Kolli. A si erënnert drun, datt op Falschausoe Prisong steet.

De Me Vogel huet den Donneschdeg de Mëtten, um Ufank vum 91. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, zwou Konklusioune virgeluecht, dorënner eng iwwer e Bréif, deen de fréiere SREL-Direkter dem deemolege Premier Jacques Santer soll geschriwwen hunn. De Charel Hoffmann hat jo um Mëttwoch erkläert, hien hätt dora gefrot, dass de Geheimdéngscht méi an d'Enquête sollt implizéiert ginn; doropshi wär awer näischt geschitt. De Procureur Georges Oswald huet awer ze bedenke ginn, dass sech de Charel Hoffmann net sécher war, dass hien dat schrëftlech gemaach hätt.

Dono goung et viru mat der Auditioun vum Charel Bourg, 1. Generaldirekter vun der Police. Hie sot, et sou an Erënnerung ze hunn, dass hien am Kontext vun der Observatioun Geiben beim SREL ugeruff hätt; et wär awer och méiglech, dass hien net beim Charel Hoffmann ugeruff hätt.

Dozou sot d'Riichterin Sylvie Conter, den Zeie misst geschwënn oppassen; op eng Falschausso stéingen nämlech an dësem Fall bis zu 10 Joer Prisong ... fest, huet de Procureur Georges Oswald de Saz fäerdeg gemaach!

Kolli geplatzt

Der Presidentin vum Geriicht ass kuerz drop, no enger knapper Véierelstonn, schonn de Kolli geplatzt! Si sot wuertwiertlech: "Et fänkt elo sou lues un, duer ze goen. Mir hunn och bis elo nach kee fonnt, dee virwëtzeg war!"

Dem Charel Bourg no wär hien nuets am Kader vun der Observatioun Geiben vum RIFO aus dem Bett geschellt ginn!

Fir d'Sylvie Conter wosst de RIFO, hiren Informatiounen no, awer näischt vun där Iwwerwaachung!

"Firwat sollt ech dat erzielen!", huet den Zeie gefrot.

"Fir Leit aus der Schosslinn ze huelen!", huet d'Riichterin geäntwert.

Vum Procureur Georges Oswald koum dunn d'Fro, ob den Zeie sech mat engem ofgeschwat hätt.

"Mat kengem!", war d'Äntwert.

Fir d'Sylvie Conter wosst den Zeien déi éischt Kéier guer näischt, déi zweet Kéier e bësse méi a virgëschter nach méi. Och géifen duerch dem Charel Bourg seng ganz nei Geschicht e puer Leit ewechfalen aus der Schosslinn!

"Ech hu gemengt, dat wär sou gewiescht, an ech hunn näischt Falsches gesot!", sou de Charel Bourg.

D'Sylvie Conter wollt wëssen, firwat de RIFO ugeruff hätt, e RIFO, deen dat u sech guer net wosst!

De Charel Bourg sot, hien hätt den Hotel genannt kritt, an deem de Ben Geiben wär. Selwer hätt hie sech allzäit net an d'Enquête agemëscht ...

Doropshin huet d'Riichterin gemengt, den Zeie wär net, Zitat, "President vun engem Fëscherclub, mä zweete Mann an der Gendarmerie" gewiescht. Déi Informatioun iwwert de Ben Geiben hätt den Zeien och kal gelooss! No sengem gesonde Schlof déi Nuecht hätt hien och méindes kënnen ...

Eng Äntwert blouf de Charel Bourg schëlleg.

Total Inkompetenz?

Dat huet d'Sylvie Conter zur Fro bruecht, ob wierklech eng total Inkompetenz op engem Koup war, déi d'Police an d'Gendarmerie déi Zäit dirigéiert hätt.

"Firwat war dat an der Waldbëlleger Affär net sou?", huet d'Me Lorang gefrot, an d'Sylvie Conter, firwat hei glat a guer näischt geklappt hätt.

Fir de Charel Bourg war een deemools dauernd ënnerwee a frou, wann ee säint gemaach hat; et hätt ee sech dorop konzentréiert!

D'Sylvie Conter sot dunn, deen eenzegen, un deen den Zeie sech erënnere kéint, fir bei engem Briefing den Dag virun der Iwwerwaachung dobäi gewiescht ze sinn, wär de Jos Steil, an dee wär dout! Donieft hätt hien dem Untersuchungsriichter Prosper Klein um Findel keng Äntwert ginn, wéi dee frot, de Perimeter vum Attentat ofzesécheren, an net nogefrot, wat mam Ben Geiben geschitt wär; dat wär net ze gleewen!

De Charel Bourg huet doropshi gemengt, déi eng hätte sech mat deem enge beschäftegt, déi aner mat deem aneren, an et hätt kee sech bei deem aneren agemëscht!

Dat huet d'Sylvie Conter zum Constat bruecht: "Et feelt nach just, dass een eis seet: Ween ass de Geiben?"

"Keen Interessi"

D'Sylvie Conter huet du bemierkt, et wär awer net nom Insider gesicht ginn!

De Charel Bourg sot, et hätt ee sech op dat verlooss, wat d'Enquêteure gemaach hunn, a voll nom Ben Geiben gekuckt an no net vill anerem!

Fir d'Riichterin war déi Spur awer séier net méi aktuell! "A wann dat do voll op ee schaffe war...", sot si weider.

Den Zeien huet zouginn, dass net all Dag nogefrot gouf. "Z.B. net no der beschter Spur Ben Geiben", ass d'Presidentin vum Geriicht virugefuer.

Dem Zeien no war een op der Limite ukomm a frou, wann een e Resultat hat! En Interêt wéi an der Waldbëlleger Affär hätt awer hei gefeelt, bei jidderengem, sou d'Sylvie Conter!

Fir de Charel Bourg waren et exzeptionell Zäiten! "Mir kënnen awer bal op enger Hand déi Saachen opzielen, déi geklappt hunn!",
huet d'Riichterin betount.

"Et war schonn Intressi do, an et huet keng mauvaise foi virgeleeën", sot den Ex-Police-Generaldirekter.

De Procureur wollt du wëssen, ob de Guy Stebens an de Pierre Reuland freides, beim Briefing am Virfeld vun der Iwwerwaachung Geiben, dobäi waren.

Vum Jos Steil wéisst den Zeien nach eppes! De Charel Bourg huet erkläert, hie wéisst dat net! "A firwat sollt ech eng Iwwerwaachung froen?" Dem Georges Oswald no hätten anerer allerdings keng Erënnerung un hien!

"Firwat sollt ech dat erzielen? Ech kann Iech keng Äntwert ginn!", huet den Zeie geäntwert.

Undeitungen, awer keng Nimm

De Procureur huet festgehalen, dass freides Leit bei de Charel Bourg koume wéinst där Iwwerwaachung. Hien hätt dunn ugeruff beim SREL an de Jos Steil op eemol gesot, de Ben Geiben kéim net. Dass et nawell samschdes zur Observatioun koum, déi fir d'Kaz war, wär dat normal?
Dono sot de Charel Bourg, de Jos Steil hätt him 2003 gesot, hie wéisst, ween et war!

De Charel Bourg hätt dem Jos Steil gesot, hie sollt bei d’Autoritéite goen an hien hätt net nogefrot! De Jos Steil hätt e Patt geholl gehat, näischt weider gesot a keen Numm genannt! Fir de Procureur et war et net emol eng Fro, dass den Zeien hätt misse bei d’Enquêteure goen! De Charel Bourg huet gemengt, hie wär net dovun iwwerzeegt gewiescht, dass de Jos Steil eppes wéisst.

D'Sylvie Conter huet bäigefléckt, dass de Jos Steil ni richteg gehéiert gouf; fir de Georges Oswald hätten d'Enquêteuren de Mann kënnen héieren, wann de Charel Bourg dat éischter gemellt hätt.

"Ech war an der Pensioun"

Doropshi sot de Me Vogel: "Ech soen Iech, wéi et war! De Steil huet Iech gesot, et war de Prënz, an doduerch hutt Dir näischt gemaach!" Den Zeien hätt och d'Obligatioun gehat, dat weider ze ginn.

"Ech war an der Pensioun", sot de Charel Bourg dozou; de Jos Steil hätt keen Numm genannt! Fir d'Sylvie Conter war dat jo awer eng Informatioun, déi een hätt kënne verwäerten! De Charel Bourg sot doropshin, hie wéisst net, wou dat war! Dem Georges Oswald no ass dat jo awer hänke bliwwen a kee Gesabbels, well ee voll war. De Charel Bourg huet gemengt, et wär net an der Vakanz a wuel beim Jos Steil doheem gewiescht. Hie misst kucken, ob hien et géif erëmfannen. An den Ae vum Me Vogel misst den Zeie méindes erëmkommen, well déi Fro kruzial wär, woumat de Procureur d’accord war!

"Si kréien en ni, ni, ni!"

"Hutt Der dat net Ärer Fra erzielt?", wollt d'Sylvie Conter wëssen, fir déi den Zeien dat net 100% als Witz opgefaasst hätt! Fir de Charel Bourg war de Jos Steil alt mol wonnerlech! Wourop d'Sylvie Conter geäntwert huet, et wär eng wonnerlech Affär! Hien hätt einfach net vill drop ginn! D'Me Lorang huet betount, de Jos Steil hätt sou Aussoe widderholl an och alt mol gesot: "Si kréien en ni, ni, ni"! Dem Zeien no hätt de Jos Steil gesot, hie wéisst, ween d'Bommeleeër wären! Fir d'Me Lorang hätt am Geriichtssall jiddereen d'Fro gestallt, ween et war! "Oder hutt Der net brauchen nozefroen, well der et wosst?", frot d'Presidentin vum Geriicht.
De Procureur huet doropshi gemengt: "Dat do gleeft keen Iech hei am Sall!"

D'Sylvie Conter huet nogefrot, wéi si zu deem Thema koumen.

De Charel Bourg huet deklaréiert, et net ze wëssen!

De Procureur sot doropshin: "Dir wësst et!"

D'Me Lorang wollt wëssen, wat de Jos Steil gesot huet, wéi den Zeien hie bei de Procureur geschéckt huet.

Dem Charel Bourg no hätt de Jos Steil näischt gesot.

"War e voll oder wosst en, wat e gesot huet?", huet d'Me Lorang nogehaakt.

Dat kéint hien net soen, war d'Äntwert vum Charel Bourg!

Fir de Me Vogel ass et „d'Missioun vun engem Flic, der Justiz ze hëllefen an net, se ze sabotéieren. Dat gëtt et jo net, dass Dir net nogefrot hutt!“ „Ausser Dir wosst, ween et war! Wësst Der, wenn et ass?", wollt de Procureur wëssen. Neen, huet de Charel Bourg geäntwert!

D’Sylvie Conter huet wëlle wëssen, ob hie sech da Gedanke doriwwer gemaach hätt. „Ech ka keng Konklusiounen zéien!“, huet den Zeie gemengt. Et wär och e kuerzt Gespréich gewiescht!

„Hutt Der iwwert d’Gendarmerie geschwat oder iwwer Blummen“?, war déi lescht Fro vum Dag vum Georges Oswald, ier d’Sylvie Conter gemengt huet, et géif ee fir haut ophalen; da kéint den Zeie sech Gedanke maache bis e Méinden, wou en nach eng Kéier untriede muss!



Provisoresche Programm fir déi aner Woch, wat d'Zeien ugeet, déi geruff sinn:

Lundi, le 25 novembre 2013 –  volet attentat Palais de Justice : Charles Bourg
Mardi, le 26 novembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Pierre Reuland
Mercredi, le 27 novembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Pierre Reuland
Jeudi, le 28 novembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Pierre Reuland


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.