Juncker wëll net President vu SREL-Kontrollcommissioun ginn

Gëtt de Jean-Claude Juncker als CSV Fraktiounschef President vun der Kontrollkommissioun? Et ass eng paradox Situatioun, déi d'CSV och selwer net wëll.

Et ass schonn eng ganz gelunge Situatioun: lo wou de Jean-Claude Juncker Fraktiounschef vun der CSV gëtt, kéint et theoretesch sinn, dass hien domatter och President vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht gëtt - grad hien dee schonn als ieweschte Chef vum SREL schaarf an der Kritik stoung. Et ass awer nun emol Usus, dass d'Oppositiounsparteien- an d'CSV ass lo do di eenzeg, déi Fraktiounsstäerkt huet - verschidde Chamberkommissiounen presidéieren.

Déi Lénk, mat déi schäerfste Kritiker vum Nach-Staatsminister am Dossier SREL, si skandaliséiert driwwer, dass den Här Juncker neie President vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun kéint ginn.

D'Sozialisten sinn am Fong där nämmlechter Meenung, wann och e bësse méi nuancéiert: et wär keng gutt Iddi, datt de Jean-Claude Juncker an Zukunft de Geheimdéngscht kontrolléiert. Ma d'Gesetz vun 2004, duerch dat déi parlamentaresch Kontroll vum Service de Renseignement agefouert gouf, wär ganz kloer.

En Donneschdeg am Nomëtteg hat d'CSV-Fraktioun dunn d'Léisung, de Claude Wiseler, zukünftege Vize-President vun der CSV-Fraktioun sot, datt et net géing a Fro kommen, datt de Jean-Claude Juncker President vun där Kommissioun géif ginn. Hie géif dat net wëllen. Hie wéilt och net just Member sinn. Direkt z'änneren dorunner ass näischt. Et misst elo mat der Majoritéit geschwat ginn, wéi ee mat dem Sujet géing ëmgoen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.