Kritik um Avant-Projet SREL Fichier vum Serge Urbany

De Fichier vum SREL soll reforméiert ginn. Dat ass virgesinn an engem Projet, deen d'Nach-Regierung am Summer nach schëtzeg op de Wee bruecht huet.

An deen dem Lénke Serge Urbany awer och guer gefält. Och wa keen esou genee weess, wou de Projet drun ass.

De Projet schéint um Instanzewee ze sinn. D'Dateschutz-Commissioun huet Enn Juni drop gekuckt, de Projet war de 26. Juli, also e pur Deeg no der ominéiser Chamber-Sëtzung am Regierungsrot. De Pabeier, deen eis awer virläit, huet als Titel Avant-Projet de règlement grand-ducal iwwer de SREL-Fichier. Et sinn eng 18 Säiten, wou eben opgezielt gëtt, wat am Fichier däerf dran sinn. Notamment den Artikel 5 mat senge Commentairen geet dem Serge Urbany géint de Stréch. Ëmmerhin: sexuell a gesondheetlech Partikularitéiten vun iwwerwaachte Leit däerfe net notéiert ginn. Et wiere Saachen dran, déi géinge weisen, datt de SREL ee Service ass, deen d'Gesënnung vun de Leit soll ënnersichen. Wéi ee wunnt, Liewensgewunneschten oder Rass/Ethnie, politesch-philosophesch a Reliéis Usiichte oder Memberschaft an enger Gewerkschaft ginn analyséiert. Ënner de Punkten, déi him net gefalen, huet de Serge Urbany net emol e Favorit. Nieft den historesche Critère géing et hei Saachen dra stoen, déi sech wäit an d'Privatliewen amëschen.

En interessante Punkt ass deen hei: d'Nach-Regierung – also CSV an LSAP zesummen – hunn dee Projet op de Wee bruecht. Déi nei Regierung soll dee Projet elo mol an den Tirang leeën, sou de Serge Urbany. Zesummen soll iwwer d'Roll vum SREL haut kënnen diskutéiert ginn.

Dëser Deeg gëtt an den 3-Koalitiounsverhandlungen iwwer de Geheimdéngscht diskutéiert. De Règlement-grand-ducals-Projet iwwer de Fichier dierft do eng Roll spillen.