Bommeleeër: "Alles Quatsch" an "Trupp vun Inkompetenten"

Vill Froe vu Geriicht, Parquet an Defense un de Charel Bourg,. 1. Generaldirekter vun der Police, dee sech net méi gutt erënnere kann ...

Am Bommeleeër-Prozess gouf um Méindeg de Mëtten op en Neits de Charel Bourg gehéiert. Den 1. Generaldirekter vun der Police krut um Ufank vun der Sëtzung vun der Riichterin Sylvie Conter gesot, den Zeien hätt elo e puer Deeg kënnen iwwerleeën: "Wat fir Konklusiounen hutt Der dann do gezunn? A sot net nach eng Kéier, Dir hätt net nogefrot, wéi de Jos Steil Iech sot, hie wéisst, ween de Bommeleeër war!"

De Charel Bourg huet widderholl, de Jos Steil hätt keen Numm genannt an e Patt iwwert den Duuscht geholl gehat. Hien hätt dem Jos Steil net gegleeft, wat dee verzielt huet, an hien hätt him wahrscheinlech gesot: "Da mell Dech!"

Fir de Me Vogel war dat zu Bormes-les-Mimosas, an den 90er Joren an net 2003!

De Charel Bourg sot, dat net méi ze wëssen! Dem Me Vogel no sot den Zeien dat, well en 2001 an d'Pensioun goung! Hie wär awer der Iwwerzeegung, dass et war, nodeems hien an der Pensioun war, sou de Charel Bourg.

Dat kann ech net soen

Op d'Froe vum Procureur Georges Oswald a vun der Presidentin vum Geriicht, wou et zu deem Gespréich koum an a wat fir engem Kontext, huet de Charel Bourg betount, hie kéint dat net soen!

De Me Vogel wollt wëssen, firwat de Mann net selwer bei de Procureur goung. "Wann et serieux gewiescht wär, hätt ech et weiderginn!", war d'Äntwert vum Charel Bourg.

"Alles Quatsch"

D'Sylvie Conter huet du gefrot, ob den Zeie sech iwwerhaapt sécher wär, dass et dee Virfall gouf, net dass dat eppes wär, wat hie wéilt op de Jos Steil drécken!

De Georges Oswald huet sengersäits gemengt: "Alles Quatsch!"

Dunn huet de Me Vogel gefrot: "Waart Dir dobäi, wéi d'Bomme geluecht gi sinn?" Hie wär dobäi gewiescht, wéi et um Glacis gerabbelt huet, sot de Charel Bourg.

Prisongsstrofe wéinst Entrave à la justice ...

An den Ae vum Sylvie Conter sinn d'Aussoe vum Charel Bourg därer, déi just e bësse méi Duercherneen an den Dossier bréngen! De Me Vogel huet erkläert, den Zeie wéisst alles a vill méi wéi d'Leit alleguer am Geriichtssall! D'Presidentin vum Geriicht huet dunn nees u Prisongsstrofe wéinst Entrave à la justice erënnert. "Dat hëlt keen Iech hei am Sall of, dass Der net nogefrot hutt, ausser Dir wosst et! Dat ass net nozevollzéien." Fir de Georges Oswald hätt de Jos Steil him dat gesot, well se sech gutt kannt hunn!

Doropshi sot de Charel Bourg, fir d’éischt iwwerhaapt: "Ech hu bestëmmt gefrot, ween et war! Ma hien huet keng Äntwert ginn!"

Vogel: De Prënz!?!

De Me Vogel huet du widderholl: "En huet Iech gesot, et war de Prënz, an Dir sidd ze feig, fir dat hei ze soen!"

Een Numm? Keen Numm!

D'Sylvie Conter huet ze bedenke ginn, dass dem Charel Bourg säin Optrëtt fatzeg un dee vum Guy Stebens erënnert, dee viru Geriicht sot, et wär schwéier, als Éischten en Numm ze nennen.

De Charel Bourg huet nees deklaréiert: "Ech hu keen Numm, ech weess et net!"

Inkompetenz keen Zoufall ...

"Huet en net nach gesot: An Dir kritt en ni, ni, ni!", wollt de Georges Oswald wëssen. D'Sylvie Conter hirersäits huet gefrot, firwat och de Charel Bourg et géif zouloossen, dass déi fréier Gendarmerie-Offizéier wéi en Trupp vun Inkompetenten ausgesinn. "Dir sidd net deen Éischten! Dass souvill zesumme schifgaangen ass, ass keen Zoufall!" De Charel Bourg sot, hie kéint keng Äntwert ginn!

De Procureur huet dunn drop higewisen, dass de Charel Bourg 2008 bei der Untersuchungsriichterin Doris Woltz erkläert hätt, ni eppes vum Jos Steil am Zesummenhank mat den Attentater gesot kritt ze hunn. "Dir hutt deemno gelunn. Wann ech Iech erwësche bei enger Ligen, da gëtt et haart! Wou hutt Dir gelunn?"

"Ech weess et net méi"

"Ech weess et net méi!", war d'Äntwert vum Charel Bourg. Nom Tëscheruff vum Georges Oswald "Gitt Iech e Coup, hëpp!", huet den Zeie gemengt, hie kéint dat net erklären, et géif him leed doen!

D'
Sylvie Conter huet ze verstoe ginn, dat géif d'Geriicht net acceptéieren, an et hätt ee gutt Zäit! "Firwat hutt Dir bei der Untersuchungsriichterin gelunn?", huet de Georges Oswald nogehaakt. De Charel Bourg sot, well dat zu deem Zäitpunkt säi Kenntnisstand gewiescht wär!

D'Sylvie Conter huet ervirgehuewen, d'Memoire vum Charel Bourg hätt sech relativ gutt verbessert zanter 2008, vläicht, fir méi Duercherneen an den Dossier ze bréngen. Wéini wär dem Zeien dann dee Souvenir vum Jos Steil senger Ausso erëmkomm?

De Charel Bourg huet betount, hie kéint dat beim beschte Wëllen net soen!

Fir de Me Vogel stellt sech souguer d’Fro, ob hien et net vläicht war! "Ech verstinn Är Attitüd net!", sou den Affekot, an de Procureur huet bäigefléckt: "Kee versteet se!"

De Me Vogel huet dunn erkläert, hie géif fir d'lescht froen, elo d'Wourecht ze soen, soss missten de Parquet oder hien aktiv ginn!

Me Vogel: "Dat schléit dem Faass de Buedem aus!

De Charel Bourg huet betount, dovun ausgaangen ze sinn, et wär egal wat, wat de Jos Steil gesot huet! Hie wär an der Pensioun an d’Thema Police ofgeschloss gewiescht!

Doropshin ass de Me Vogel aus der Këscht gesprongen: "Dir hutt Iech foutéiert! Dat ass gravissime! Dat schléit dem Faass de Buedem aus!"

... da musse mir handelen!

De Charel Bourg huet du gemengt, wann de Jos Steil konkret gesot hätt, et war deen an deen, dann hätt hien et weiderginn! D'Affekotin Lydie Lorang huet du gefrot, fir eng Paus vun enger Véierelstonn ze maachen; wann de Charel Bourg da bei senger Ausso bléif, misst d'Defense handelen. Oder de Parquet, huet de Georges Oswald erkläert!

Eng Plainte!

Eng konkret Äntwert op déi kruzial Fro blouf den Zeien och no der Paus schëlleg. Deemno dierft et um Dënschdeg zu enger Plainte géint de Charel Bourg kommen!

"E Lapsus"

No der Paus sot de Charel Bourg dunn, ee Moment wären d’Nimm vun de Prënzen als Bommeleeër zirkuléiert, fir sech kuerz drop zréckzehuelen an ze soen, et wär e Lapsus, vu Prënzen an der Méizuel geschwat ze hunn. An och den Numm Jos Steil wär an deem Kontext gefall!

A well nach eng Rëtsch Froen un de Charel Bourg am Raum stinn, muss den Zeien um Dënschdeg nach emol untrieden!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.