Bommeleeër: Charel Bourg bleift evasiv!

Och um 3. Dag als Zeie bleift den 1. Generaldirekter vun der Police ganz vill Äntwerte schëlleg ...

Um 93. Dag vum Bommeleeër-Prozess, en Dënschdeg, ass d'Auditioun vum Charel Bourg virugaangen.

Den 1. Generaldirekter vun der Police huet dobäi op en Neits erkläert, an Erënnerung ze hunn, eng Kéier mam Jos Steil geschwat ze hunn. Deen hätt dobäi net gesot, ween de Bommeleeër war. Et wär e kuerzt Gespréich gewiescht, hie wéisst net, wéi se drop komm wären, de Jos Steil hätt e Patt geholl gehat a wär net méi sou gutt drop gewiescht. Hien hätt net doru gegleeft, wat de Jos Steil gesot hätt.



3 Deeg an nach ëmmer keng Äntwert

D'Riichterin Sylvie Conter huet gemengt, verschidde Leit misste jo eppes wëssen. Firwat kéint den Zeien do behaapten, d'Ausso vum Jos Steil wär eng Topegkeet gewiescht.

De Charel Bourg huet geäntwert: "Sou wéi d’Gespréich verlaf ass ..."

D'Presidentin vum Geriicht huet doropshi betount, den Zeie wär elo schonn 3 Deeg hei, an e kéint weiderhi keng Äntwert ginn. Donieft wéilt hie sou wéineg gewosst hu vun der Affär!

Dem Charel Bourg no wär sécher iwwert d'Affär Bommeleeër geschwat ginn, awer net intensiv! Et wär eng Zäit gewiescht, wou enorm vill lass war.

Firwat gouf net nom Insider gesicht?

Fir d'Sylvie Conter war dat awer DÉI Affär! Et wär och näischt geschitt a Saachen Insider! "Firwat ass net dono gesicht ginn?"

De Charel Bourg huet gemengt, hie kéint dem Geriicht dat net soen!

D'Presidentin vum Geriicht wollt du wëssen, ob de Marc Zovilé nom Attentat op de Geriichtspalais net op de Büro geruff gouf, well e mat der Press duerch den Tatort gelaf war.

An den Ae vum Zeie war dat keng ganz Gescheit! Hie wéisst et awer net méi. Et wär net normal, dass et sou gelaf ass, wéi et gelaf ass; et wär awer näischt geschitt!

"Net ze gleewen"

Doropshin huet d'Sylvie Conter nach emol betount, et wär net ze gleewen, dass hien net beim Jos Steil nogefrot hätt, wéi dee sot, hie wéisst, ween de Bommeleeër war!

Nodeems de Me Vogel den Zeien dozou opgefuerdert huet, endlech d’Wourecht ze soen, huet d'Sylvie Conter gefrot, ob de Charel Bourg versteet, dass d'Geriicht Problemer hätt mat enger ganzer Rëtsch Aussoe vun Offizéier. "Wann Der keng Äntwert gitt, musse mir eis eng sichen; ob déi Iech da gefält, sief dohigestallt!"

De Georges Oswald wollt du wëssen, ween dem Zeie sot, dass de Jos Steil als Bommeleeër am Gespréich war? Dat kéint hien net soen, sou den 1. Generaldirekter vun der Police! D'Riposte vum Procureur war: "Kënnt Der et net soen, wëllt Der et net soen oder däerft Der et net soen? Wou huet de Jos Steil dann dee Moment geschafft?" Dee wär deemools schonn um Kommando gewiescht! "Hutt Der de Jos Steil dann net dorop ugeschwat?", huet d'Sylvie Conter nogehaakt. Dem Charel Bourg no hätt hie sech net agemëscht! An den Ae vun der Riichterin hätt den Zeie sech nees net dofir interesséiert, wat d'Fro opwerfe géif, ob dat hien net vläicht arrangéiert hätt! "Ech weess et net méi; mir hu bestëmmt eppes gemaach...", huet den Zeie gemengt. "Dat ass Är Standardäntwert", huet d'Sylvie Conter betount. De Georges Oswald huet nach ze bedenke ginn, dass de Jos Steil och als Insider am Gespréich war!

"Hutt Der mam Aloyse Harpes iwwert d'Rumeur am Zesummenhank mam Jos Steil geschwat?", huet de
Georges Oswald gefrot. De Charel Bourg sot dozou, hie kéint sech net méi erënneren; et hätt een awer bestëmmt doriwwer geschwat! D'Sylvie Conter huet gemengt, dass dee "bestëmmt" fir d'Geriicht en Neen wär! De Georges Oswald huet séngersäits erkläert, et wär näischt ënnerholl ginn, an dat wär dem Zeien, Zitat, "schäissegal" gewiescht!

Fir d'Presidentin vum Geriicht war et dobäi dem Charel Bourg séng Flicht, fir eppes ze maachen. Dofir huet si nach emol nogefrot, firwat näischt ënnerholl gouf. De Charel Bourg huet geäntwert, hien hätt keng Erënnerung méi, an dat wär net de mauvaise foi!

Doropshin huet dem Zeie säin Handy zweemol gerabbelt! Wouropshin d'Sylvie Conter sot: "Maacht en aus, soss musse mer soen, et géif nach e bëssen daueren!"

Och op d'Fro vum Georges Oswald, ob de Colonel Harpes eppes iwwert d'Rumeur Steil
wosst, war d'Äntwert: "Ech weess et net méi!" D'Riichterin huet du betount: "Wa mir Iech hei héiere schwätzen, dann hätte mir Iech net op dee Poste gesat!"

 "Waart Dir un engem vun den Attentater bedeelegt, oder deckt Dir een?", huet de Procureur du gefrot. Den Zeien huet dat entschieden zréckgewisen. Wéi d'Me Lorang du wësse wollt, wéi d'Nimm vun de Prënze wären, sot den Zeien, hie géif déi net kennen. Doropshi ware fir d'Me Lorang d'Limiten dépasséiert, iwwerdeems d'Sylvie Conter gemengt huet: "Genéiert Dir Iech net, wéi Dir Iech hei dohi stellt?" Hie kéint keng Nimm nennen, well hien net wéisst, wéi se heesche géifen. Wouropshin d'Sylvie Conter nogefrot huet: "Dat wësst Der jo awer, dass mer zu Lëtzebuerg sinn?" D'Me Lorang sot zum Schluss, si géif sech vum Zeie veraarscht fillen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.