Auditioun Pierre Reuland: Riichterin erwaart kloer Aussoen

De Bommeleeër-Prozess goung um Mëttwoch de Mëtte mat enger weiderer Auditioun vum Pierre Reuland weider.

© RTL (Archiv)

Um Ufank vun der Sëtzung sot d'Sylvie Conter, den Zeien hätt op der Tëlee gesot, hie géif alles soen. Hie kéint dann ufänken!

Den Ex-Generaldirekter vun der Police huet erkläert, uganks der 80er Joer wär d'Zäit vum Kale Krich a vun no der Joerhonnertaffär gewiescht. D'Gendarmerie war eng Militärverwaltung, a Police a Gendarmerie sinn net gutt mateneen eens ginn. Et war d'Zäit vun Ëmwälzungen an d'Gendarmerie net d'Prioritéit vun der Regierung.

Geiben = Visionär / Reuland = Realist

D'Moral war net déi bescht do, ë.a. well Leit gefeelt hunn. Zu deenen aneren Zäite wär hien an d’Gendarmerie komm an hätt do de Ben Geiben kennegeléiert. Hie wär eng Zäit an d'BMG detachéiert ginn, bis de Ben Geiben him proposéiert hätt, seng Successioun z’iwwerhuelen. Dat wär eng schwéier Funktioun gewiescht, well de Ben Geiben e Visionär war an hie selwer e Realist. Och hätt de Jos Steil domat gerechent, Chef vun der Brigade mobile ze ginn.

D'Presidentin vum Geriicht wollt wëssen, firwat deen dat gemengt hätt.

Dem Pierre Reuland no war et dem Jos Steil säin Dram, Chef vun enger Unitéit ze ginn. Et hätt ee grouss Erwaardungen an déi Unitéit gesat. Schwiereg Asätz goufen et awer net, mä aner Missiounen. Zu de Beschëllegten, Kollege vun him aus der BMG, hätt hien eng gutt Relatioun gehat, an dofir hätt hie sech no hirer Interpellatioun och fir si agesat. D'Zäit an der Brigade mobile wär och eng um Enn positiv gewiescht!

BMG = Privilegéiert Equipe

Fir de Pierre Reuland war d'Brigade mobile vun de Moyenen hir eng privilegiéiert Equipe, déi Jalousië bei aneren Unitéiten ervirgeruff hätt.

D'Sylvie Conter huet du gefrot, a wéi wäit d'BMG agebonne war an d'Enquête ronderëm d'Attentater. Dem fréiere Chef vun der Brigade mobile no hätt de Colonel Jean-Pierre Wagner déi Affär perséinlech gemanaged an d'BMG nëmme punktuell erugezunn.

"Aus dëser Equipe ass et keen!"

Hätt den Zeien Insideren oder Täter an der BMG net misse bemierken, wollt de Me Vogel wëssen. Hien hätt sech déi Fro gestallt, sou de Pierre Reuland; dono wären d'Sécherheetsmoossname verschäerft ginn an hätt jidderee bei sech selwer gekuckt, ob een aus senger Equipe et kéint sinn. Him wär awer an deem Sënn net een oder méi Leit opgefall, soudass hie sech gesot hätt: "Aus dëser Equipe ass et keen!"

D'Presidentin vum Geriicht huet nogehaakt, ob zesummen doriwwer geschwat gouf. De Pierre Reuland sot, de Colonel Wagner wär kee Mënsch vu Reunioune gewiescht; hien hätt wuel jiddereen eenzel geruff, mä eng breet Diskussioun doriwwer hätt et net ginn.

Briefinge jo, Enquête nee

De Procureur Georges Oswald huet ze bedenke ginn, dass de Guy Stebens viru Geriicht eppes anescht erzielt hätt, nämlech vu gemeinsame Briefingen! De Pierre Reuland huet betount, bei deene Briefinge wär de Colonel Wagner net dobäi gewiescht; si wäre vum Charel Bourg dirigéiert ginn an d'Decisioune wuel iwwert den Dësch vum Colonel Wagner gaangen.

E wär wuel awer informéiert ginn, huet d'Sylvie Conter nogefrot. Jo, huet de Pierre Reuland geäntwert. Et hätt och Briefinge ginn nëmmen iwwert d'Bommeleeër; eng konkret Enquête hätt awer just de Colonel Wagner kënnen ordonnéieren, no senger Informatioun duerch de Charel Bourg.

Dem Pierre Reuland wär an den 20 Méint vun den Attentater näischt an der eegener Equipe opgefall, an et hätt net jiddereen an der Gendarmerie gemaach, wat e wollt; et wär villméi e streng gefouerte Corps gewiescht. Op d'Fro, ob hie Kontrolle gemaach an, wa jo, wat hie konkret do gemaach hätt, sot den Ex-Generaldirekter vun der Police, jo, hie wär alt emol nuets mat erausgefuer!

De Me Vogel wollt du wëssen, firwat d'Autobunn op war beim Attentat um Kierchbierg. Hie wär ëmmer dofir gewiescht, dass déi Autobunn sollt zougemaach ginn; dat lescht Wuert hätt awer beim Ausseministère a bei der Stad Lëtzebuerg geleeën, an déi wären net dozou ze bewege gewiescht!

Fir de Georges Oswald hätt den Zeie Georges Zenners awer behaapt, dass hie virgeschloen hätt, d'Autobunn zoumaachen ze loossen, mä de Pierre Reuland wär dogéint gewiescht! Dem Zeien no stëmmt dat mat Sécherheet net; hie wär ëmmer dofir gewiescht!

D'Sylvie Conter huet erkläert, den Szenario vun deem Attentat wär awer vum Georges Zenners duerchgespillt ginn, iwwerdeems de Georges Oswald gemengt huet, hie kéint sech net virstellen, dass d'Stad dat ewechgewëscht hätt! De Pierre Reuland huet ervirgehuewen, dass sech op deem Punkt d'Gendarmerie nach 7 Joer méi spéit net duerchgesat hätt!

De Procureur wollt du widderholl kréien, dass déi Offizéieschbriefinge vum Charel Bourg geleet goufen; deen hätt dat a 4 penible Sëtzungen net sou gesot! Fir de Pierre Reuland wär dat séng Erënnerung!

"Wat gouf konkret géint d'Insider ënnerholl? Keng concertéiert Aktioun z.B.?", huet d'Sylvie Conter wësse wëllen. De Pierre Reuland sot, senges
Wëssens no hätt et keng sou eng concertéiert Reunioun ginn! Fale wären och keng gestallt ginn, sou den Ex-Generaldirekter vun der Police; dat hätt vum Colonel Wagner misse kommen! Eng Eegeninitiativ wär net ergraff ginn; och d'Initiativ dozou hätt misse vum Chef kommen. Hie géif dem Colonel Wagner seng Method net verteidegen, mä et war sou gewiescht! Dat war ze respektéieren, och wann ee seng Meenung konnt soen; de Colonel Wagner hätt en Erfahrungsvirsprong gehat, an obwuel iwwer villes geschwat gi wär, wär näischt geschitt.

Lëtzebuerg wär net virbereet gewiescht op sou Attentater an hien deen Éischten, dee wéilt, dass en eppes zur Opklärung kéint bäidroen. Dem Pierre Reuland no hätte mat dem Colonel Aloyse Harpes Saache geännert. De Me Vogel huet bäigefléckt, dass vun deem Moment u mol net méi mat der Justiz zesumme geschafft gouf.

D'Sylvie Conter huet gefrot, ob een dann net méi nogefrot huet, wann de Colonel Harpes bis eppes gesot huet! Fir de Pierre Reuland krut ee manner Äntwerten, wat et ëm méi strukturell Saache goung.

"Firwat gouf déi militaristesch Spuer da fale gelooss? Gouf et intern dann net hefteg Diskussiounen doriwwer?", wollt de Georges Oswald du wëssen.

De Pierre Reuland huet ervirgestrach, dass, wann eng Pist gestrach ginn ass, dat dann an der Gendarmerie vun 1985 sou war. "Déi Zäit war ee frou, wann een eng Äntwert krut, an et huet een opgepasst, dass een dem Colonel Harpes d’Liewen net schwéier gemaach huet!"

Op sou eng Ausso waarde mir wochelaang, huet d'Sylvie Conter bemierkt!

De Procureur huet du gefrot, ob de Pierre Reuland net och sou verfuer wär wéi de Colonel Harpes. "Ech hat net deeselwechte Stil"; huet de Pierre Reuland repliquéiert; de Prozess bei enger Decisiounsfindung wär vun 2001 un e ganz anere gewiescht.

De Georges Oswald hunn dunn d'Fro gestallt, firwat bei der Sich no Wanze bei der Gendarmerie just e puer Büroen duerchsicht goufen, an z.B. net déi vun den Enquêteuren?

Fir de Pierre Reuland war dat eng typesch Chefendecisioun vu fréier; de Colonel Wagner hätt wuel gesot, dass just e puer Büroen duerchsicht ginn, Hie wär och der Meenung gewiescht, dat wär ënnert dem Colonel Harpes gewiescht.

De Me Vogel wollt du wëssen, ob den Zeien am Januar 2008 e Briefing doheem mam Premier Jean-Claude Juncker hat! "Den Här Juncker war ni bei mir doheem; dat ass also falsch", sou de Pierre Reuland, dee sot, dass een dat och de Staatsminister froe kéint. Hien, Pierre Reuland, hätt a senge 7 Joer un der Spëtzt vun der Police net mam Jean-Claude Juncker iwwert d'Bommeleeër geschwat!

No der Paus huet d'Sylvie Conter gefrot, wie mat der militaristescher Spuer gemengt war an ob de Pierre Reuland net als Offizéier, deen dat mat an enger Note néiergeschriwwen hat, mat deenen aneren doriwwer diskutéiert huet.

Fir de Pierre Reuland koum déi Iddi ë.a. vun de Leit vum GOR; déi hätten och net gewosst, wat gelaf ass. Si hätte souvill wéi méiglech wëlle proposéieren, ouni an eng kloer Richtung ze goen; eréischt Joren drop hätt hien du méi an an un déi Direktioun geduecht. Déi Pist wär nach haut déi logeschst, ma de GOR hat deemools keng Eegeninitiativen z’entwéckelen.

"Gouf et e spezielle Grond, firwat op Grond vun Ärer Note net no engem Insider gesicht gouf?", wollt d'Sylvie Conter du wëssen. Dem Pierre Reuland no war dat onméiglech a sengen Aen. Et wäre wuel Informatiounen erausgaangen aus der Gendarmerie; et hätt e puer Weeër ginn, fir se ze kréien, z.B. einfach iwwer Gepoters.

Um Enn vun der Sëtzung huet d'Sylvie Conter gefrot, wee Chefenquêteur war. De Pierre Reuland huet erkläert, dat wär de Paul Haan gewiescht, bis de Colonel Harpes koum; du wär et de Jean Disewiscourt gewiescht, ënnert dem Armand Schockweiler awer.

D'Presidentin vum Geriicht huet nach wëlle wëssen, firwat et praktesch keng Zesummenaarbecht mam Parquet gouf. De Pierre Reuland sot, dat net matkritt ze hunn, an hie wär do och iwwerfrot!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.