Bommeleeër: Plaintë géint Reuland a Bourg ugekënnegt

D'Affekote vun der Defense hunn um Donneschdeg Plaintë wéinst Falschausso a Justizbehënnerung géint déi 2 fréier Police-Cheffe Reuland a Bourg ugekënnegt.

De 95. Dag am Bommeleeër-Prozess huet mat enger Informatioun vum Procureur Robert Welter ugefaangen, deen dem Geriicht matgedeelt huet, dass de Colonel Aloyse Harpes, dee jo als Zeie geruff ass, vum 19. Dezember bis de 25. Januar net do wär.

De Pierre Reuland sot dunn am Zesummenhank mam Attentat op de Geriichtspalais, dass hien déi Woch a Formatioun war; freides mëttes um 12 wär hien nees do gewiescht. Déi Zäit wär ee fort gewiescht, wann een eng Zäit fort war, an nëmmen zréckgeruff, wann eppes Wichteges war; hie wär och net au courant gehale gi vun deem, wat heiheem gelaf ass.

Reuland: Rendez-vous mam Geiben zu Bréissel

De fréiere Generaldirekter vun der Police huet sech weider drun erënnert, am Februar 1985 vum Ben Geiben op Bréissel invitéiert ginn ze sinn. Beim Dessert hätt deen him verzielt, firwat hien aus der Gendarmerie fortgaange wär, an zwar fir d'Relatioun mat sengem Partner fräi auszeliewen; hien hätt dat deemools net gewosst an de Ben Geiben dat wuel net jidderengem erzielt.

Geiben: Eng Pist, jo oder nee?

A sengen Aen hätt de Ben Geiben keng Motivatioun gehat, fir zu Lëtzebuerg Revanche ze huelen: "Fir mech war d'Pist Geiben keng!", huet den Zeien erkläert, dee sech d'lescht Woch eréischt erëm un dee Rendez-vous erënnert hätt. Dogéint hätten den Aloyse Harpes an den Armand Schockweiler un déi Pist Geiben gegleeft.

Reuland: Zeie Kaudé iert sech ...

D'Riichterin Sylvie Conter huet dunn drop higewisen, dass den Zeien Armand Kaudé sot, de Pierre Reuland wär freides beim Briefing iwwert d’Observatioun Geiben dobäi gewiescht! Deen huet dat vehement bestridden an erkläert, hie wär dee Weekend och net Offizéier vum Déngscht gewiescht.

"Donieft huet den Zeie Georges Zenners erkläert, Iech samschdes owes telefonéiert ze hunn!", huet d'Presidentin vum Geriicht betount. De Pierre Reuland huet geäntwert: "Den Här Zenners iert sech! Ech war net an där Operatioun dran, an och deen Telefon koum net bei mech!"

Reuland: Ech war net op der Plaz ...

Fir d'Sylvie Conter kontestéiert den Zeien da wuel och, dass den Armand Kaudé hien nuets ugeruff huet! "Richteg", sou de Pierre Reuland. "Ech hat do keng Missioun!" Hie wär och beim Geriicht net op der Plaz gewiescht!

D'Riichterin huet du gemengt, d'SREL-Leit Marcel Even a Johny Peschong hätten ausgesot, si hätten nuets vum Pierre Reuland eng Foto vum Ben Geiben gewise kritt! Dem Pierre Reuland no gëtt eng Foto um Ufank vun enger Observatioun ausgedeelt an déi Ausso ass dofir net ze gleewen!

D'Sylvie Conter huet sech du gefrot, firwat déi Leit vun him sollte schwätzen, wann et de Guy Stebens gewiescht wär! De Pierre Reuland huet explizéiert, dass hien, wann en un enger Aktioun Geiben bedeelegt gewiescht wär, sech dorun erënnere géif. Hie wär awer net do gewiescht a géif de Verdacht net lass ginn, dass hie bewosst erausgehale gi wär wéinst séngem Verhältnis zum Ben Geiben!


"Si hunn och de Jos Steil geholl. Dat war vläicht net déi bescht Iddi!", huet d'Presidentin vum Geriicht répliquéiert! De Pierre Reuland huet ze bedenke ginn, dass hien, wann e freides do gewiescht wär, dee Briefing gehalen hätt, an dann hätt den Armand Kaudé hie méindes am Rapport ernimmt. Hie wär och net ugeruff ginn!

D'Riichterin huet nogehaalt: "Firwat seet da keen, et war net de Reuland, en huet mir ugeruff! Wéi ass et da mam Éiergefill?"

Dem Pierre Reuland no wär kee sou do, an dat wär fir hien inexplicabel! De Jos Steil hätt an der Observatioun eng zentral Roll gespillt, an hie wär net dobäi gewiescht!

"Da leeft et op eng Confrontatioun eraus! Da kënnt den Armand Kaudé nach eng Kéier heihin!", sot d'Sylvie Conter dono. De Pierre Reuland huet du gemengt, dovun auszegoen, dass de Jos Steil dat gemanaged huet. Hien hätt keng Erklärung fir déi Aussoen, an déi Leit hätte sech gëiert!

Wougéint se fir d'Presidentin vum Geriicht da gelunn hätten! "Firwat iere sech da 4 Leit?" Dem Pierre Reuland no kéint dat vläicht dowéinst sinn, well hien 2007/2008 vill am Rampeliicht gestanen hätt!

De Pierre Reuland sot dunn: "Wann ech wéisst, wenn dobäi war, hätt ech dat scho laang gesot!"

Du goung et viru mat engem Pingpong-Match tëscht dem Sylvie Conter an dem Pierre Reuland.

"Wee wär dann ugeruff ginn? Sot eis Nimm!"

"Da musst Der den Här Zenners froen!""Deen huet een Numm genannt, Ären!""Da sti mer do!"
"Hutt Der Iech da keng Gedanken doriwwer gemaach?"

"Et ass méng Impressioun, dass den Här Zenners sech iert!"

"Soe mer och nach, en hätt sech gëiert! Wee wär et dann? En huet jo net den Här Harpes ugeruff! Den Här Bourg, den Här Stebens, den Här Zovilé?"

"Ech hu kee fonnt! An Dir sot implicitement, ech géif zanter 30 Joer léien! Ech sëtzen net op eppes a ginn net eppes net eraus!"

Rumeuren gouf et ...

De Procureur Robert Welter wollt wëssen, ob da kee vum Guy Stebens a vum Jos Steil dem Pierre Reuland eppes gesot hätt no där Observatioun. No enger laanger Ausféierung war d'Äntwert Neen!

D'Sylvie Conter huet du gefrot, wat fir Rumeuren et nach gouf. "Et gouf nach déi vum Prënz a vum Armurier Flammang!", sou de Pierre Reuland; de Jos Steil dogéint wär ni eng Rumeur gewiescht!

D'Riichterin huet dunn nach emol um Punkt nogehaakt, ween den Zeien do hätt wëllen erareiden. Dem Pierre Reuland no komme 6-7 Leit a Fro: "Da frot se!", war seng Opfuerderung un d'Geriicht!

No deem Hin an Hier op en Neits am Prozess hunn d'Affekote vun der Defense ugekënnegt, Plainte wéinst Falschausso (faux témoignage) a Justizbehënnerung (entrave à la justice) géint déi 2 fréier Police-Generaldirektere Pierre Reuland a Charel Bourg ze maachen.

 Lëscht vun den Zeien vun der nächster Woch:

E Méindeg–  Volet Attentat Palais de Justice : Guy Schmit, Armand Schockweiler

En Dënschdeg – Volet Attentat Palais de Justice : Armand Schockweiler

E Mëttwoch – Volet Attentat Palais de Justice : Armand Schockweiler

En Donneschdeg– Volet Attentat Palais de Justice : Armand Schockweiler




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.