Bomm: "Kriminell Inkompetenz" an "Haalt eis net fir blöd"

Am Bommeleeër-Prozess hunn d'Zeie weider e schwéiere Stand. De Me Vogel reprochéiert "kriminell Inkompetenz" an d'Riichterin gëtt ongehalen ...

De 96. Dag am Bommeleeër-Prozess, e Méindeg, huet ugefaange mat der Ausso vun engem Ex-Polizist. De Guy Schmit ass dobäi op en Tëschefall, am Joer 2007, am Juegdschlass agaangen, iwwert deen den Zeien de Parquet informéiert hat.

2008 hätt hien déi Geschicht vun enger Persoun erzielt kritt, déi hie gefrot hätt, ob hien den Armand Schockweiler an de Marc Zovilé kenne géif. Déi Persoun hätt him gesot: "Dat si keng Gutt!" Hie wär duerch Zoufall am Juegdschlass gewiescht an hätt do an engem Zëmmer Leit héieren, déi gesongen hätten: "Ho, ho, ho, de Biever ass ko, hi, hi, hi, de Bommeleeër kritt en ni".

Ënnert deene Leit wären déi zwee héich Poliziste gewiescht.

De Me Vogel sot doropshin, hie misst handelen, wann deen Zeien den Numm vun där Persoun net géif nennen.

De Guy Schmit huet dunn erkläert, déi Persoun wär den RTL-Journalist Marc Thoma.

Nodeems de Procureur Georges Oswald gemengt huet, da misst de Marc Thoma gehéiert ginn, war dat no enger kuerzer Sëtzungspaus de Fall!

Thoma invoquéiert Quelleschutz

De Journalist sot dee Moment, well en Informant am Spill wär an dem Guy Schmit awer verschidden Iertëmer a senger Ausso ënnerlaf wären, kéint hien net ënner Eed aussoen a misst de Quelleschutz invoquéieren.

Hie wéilt do virdru mat deem Informant schwätzen; vläicht kéint deen och selwer kommen. D'Riichterin Sylvie Conter huet doropshin erkläert, de Marc Thoma sollt dann um Dënschdeg an deem Kontext erëmkommen!

Ex-Sûreté-Chef seet aus

Dono war et um Tour vum Armand Schockweiler, fir auszesoen. De Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater huet betount, nom Attentat um Stafelter hätt de Colonel Wagner de Jean Disewiscourt als Chefenquêteur agesat. Wéi de Colonel Harpes d'Equipe dunn nei opgestallt hätt, wär de Paul Haan via Note Chefenquêteur genannt ginn; dee wosst allerdings eegenen Aussoen no näischt dovun, bis 2007. Op deem Punkt géif sech de Paul Haan ieren, sou den Zeien, fir deen dësen nieft dem Jean Disewiscourt geschafft hätt. Hien hätt deem seng Informatiounen un de Colonel weiderginn, ma et wär um Jean Disewiscourt gewiescht, fir de Parquet an d’Bild ze setzen; dat wär awer net sou gutt gelaf.

Goufen da Sanktioune geholl, wollt de Me Vogel wëssen. Neen, sot den Armand Schockweiler; hie wär dat 2004 eréischt gewuer ginn, an hien hätt keng Ursaach gesinn, fir z’intervenéieren. D'Note Haan wär och nom Iwwerfall op d'BIL hifälleg gewiescht.

Gericht gleeft net un Zoufall

Doropshin huet d'Presidentin vum Geriicht widderholl, dass dat, wat hei schifgaangen ass, keen Zoufall wär an d'Geriicht vill Froen un den Zeien hätt, well dee mat der Enquête befaasst war.

Am Zesummenhank mam Rapport FBI huet de Me Vogel festgehalen, dass den Zeie Piècë weiderginn hätt, déi saiséiert waren! Fir den Zeie war dat keng gutt Iddi! An den Ae vun der Riichterin Sylvie Conter ass et domat net gedoen, well dat wär och eng Infraction pénale! Dem Armand Schockweiler no gouf vergiess, den Untersuchungsriichter z'informéieren!

Me Vogel: Kriminell Inkompetenz

De Me Vogel huet nogefrot, ob déi Piècen dann erëmgefrot goufen. Fir den Armand Schockweiler hu se net brauchen erëmgefrot ze ginn! De Georges Oswald huet nogehaakt, wéi d'Leit vum FBI geheescht hunn a wéi festzestelle war, dass se dovu waren. Den Armand Schockweiler goung dovun aus, dass de Charel Hoffmann déi kenne géif! Virun deem Hannergrond huet de Me Vogel vu krimineller Inkompetenz geschwat!

Riichterin: Haalt eis net fir blöd!

D'Riichterin Sylvie Conter ass dunn ongehale ginn: "Dass Der den Untersuchungsriichter vergiess huet... Haalt eis net fir blöd, well dat bekënnt Iech ganz schlecht; da rabbelt et hei!" Dem Armand Schockweiler no wär et awer sou gaangen!

"Hat Der dann all d’Geliichts ausgeschalt an dëser Affär?", huet d'Presidentin vum Geriicht wësse wëllen. De Me Vogel huet d'Wuert volontairement drugehaangen! Fir den Zeie war dës Saach vläicht ze grouss, an hien hätt dee Moment gemengt, et hätt an der Enquête geklappt. De Me Vogel huet ze bedenke ginn, dass den Zeie gesot hätt, et géif näischt méi z'enquêtéiere ginn! Et wär alles am Sand verlaf, sou den Armand Schockweiler; wat d'Spuren ugeet, wär een allerdings net sou domm gewiescht, fir alles un den FBI ze ginn.

Phantombiller net publizéiert: Net nozevollzéien!

An der Enquête wären ënnert dem Colonel Wagner nëmme Basisinformatioune weidergi ginn, sot den Armand Schockweiler, deen och net konnt novollzéien, firwat d'Phantombiller nom Attentat op d'Kasematten net publizéiert goufen. Hie wär net bedeelegt gewiescht un där Décisioun, déi um ieweschten Niveau geholl gi wär, an dovun ausgaangen, dass se vun deenen, déi se gemaach hunn, weidergaange wären. Doropshin huet d'Sylvie Conter gemengt, et wär besser, den Zeie géif net vun all ze vill ausgoen!

Fir de Procureur Georges Oswald hätt den Insider missen eng Top-Prioritéit vun der Prioritéit sinn. "Dir kënnt eis net dat erzielen, wat Der eis hei erzielt!" Et wär sécher driwwer diskutéiert ginn, sou den Zeien, deen awer net konnt soen, wat fir Konsequenzen doraus gezu gi sinn. Et hätt ee gewosst, dass een Informatioune géif erausginn. Et wär nom Insider gesicht ginn; et wär een awer dobäi op kee gréngen Zweig komm.

"Ni d'Gefill, et géif gebremst ginn"

Hien hätt keen Uerder kritt, dass näischt dierft erauskommen, huet den Zeie betount, fir dee seng Cheffen och drun interesséiert waren, dass d'Affär sollt opgekläert ginn; hien hätt ni d’Gefill gehat, et géif gebremst ginn.

Ass dann een an de Verdacht geroden, fir Insider ze sinn, huet d'Sylvie Conter gefrot. Iergendwann wär den Numm Jos Steil gefall, als Gespréich um Kommando, deen Informatioune kéint erausginn. Dat misst de Colonel Harpes gewiescht sinn, sou den Zeien. "An da gëtt dee bei de Charel Bourg affectéiert!", huet de Georges Oswald festgehalen. "Ech mengen, et wär näischt geschitt, wat de Jos Steil ugeet", sot den Zeien dozou. Dat wär eng diffus Rumeur gewiescht, ma eng Enquête hätt et net ginn.

"Dat war och net meng Aufgab! D'Enquêteuren hunn hir Enquête gemaach!", war d'Explikatioun vum Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater.

"An da kënnt de présuméierte Maulef Jos Steil op eng Plaz, wou e vläicht nach méi einfach un Informatioune kënnt!", huet d'Presidentin vum Geriicht bemierkt. D'lakonesch Äntwert vum Armand Schockweiler war: "Dat musst Der den Här Harpes froen!"

Als Schlusswuert huet d'Riichterin Sylvie Conter gemengt: "Wann een Iech nolauschtert, da muss ee sech froen, ob Dir op der Gendarmerie geschafft hutt oder net!"

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.