Bommeleeër: Wie koum mat der Pist Geiben?

De Journalist Marc Thoma, deen och geruff war, huet den Numm vun engem Zeien net genannt. Hien hätt him geroden, sech selwer beim Procureur ze mellen.

De 97. Dag am Bommeleeër-Prozess huet mat der kuerzer Auditioun vum Marc Thoma ugefaangen, dee gehéiert gouf op Grond vun der Ausso vun engem Ex-Polizist.

Deen hätt 2008 vum Journalist erzielt kritt, dass deen duerch Zoufall am Juegdschlass gewiescht wär an do an engem Zëmmer Leit héieren hätt, déi gesongen hätten: "Ho, ho, ho, de Biever ass k.o., hi, hi, hi, de Bommeleeër kritt en ni".

Quelleschutz a keen Eed

De Marc Thoma huet sech virun de Riichteren op de Quelleschutz beruff, fir keen Eed ze leeschten. Hie sot, hie wär net Zeien an hätt näischt ze soen! Fir d'Riichterin Sylvie Conter géif et keng Base légale dofir ginn a kéint den Zeien net Nee soen! De Procureur Georges Oswald huet gemengt, hien hätt vläicht och Froen, déi näischt mam Quelleschutz ze dinn hätten. Wann den Zeie refuséiere géif, den Eed ze leeschten, misst gekuckt ginn, wat géif gemaach ginn!

De Marc Thoma sot doropshin, hien hätt sengem Informant gesot, dass dee sech beim Procureur sollt mellen! Nodeems d'Sylvie Conter festgehalen huet, dass den Zeien net den Eed leeschte wéilt, huet de Georges Oswald d'Konklusioun doraus gezunn, dass et déi Zeen am Juegdschlass ni gouf!

Pist Geiben - jo oder nee?

Dono ass et virugaange mat der Auditioun vum Armand Schockweiler. De Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater gouf dobäi op d'Spur Geiben ugeschwat; dozou hätt et Rumeure ginn, well de Grënner vun der Brigade mobile d'Capacitéiten dozou gehat hätt an e puer Mol am Land gewiescht wär, wéi et geknuppt huet. Am Zesummenhank mat enger Commission rogatoire internationale, d.h. enger Nofro fir juristesch Hëllef an der Belsch, hätt de Colonel Harpes e Kontakt mat der belscher Gendarmerie hiergestallt; nëmme Stonnen drop hätt den Armand Schockweiler zu Bréissel der belscher Gendarmerie erkläert, wat ee gär vun hinnen hätt.

D'Sylvie Conter huet ënnerstrach, dass den Enquêteur Paul Haan sot, den Zeie wär mat der Pist Geiben komm! Dem Armand Schockweiler no wär hie selwer net moies opgestanen, fir ze soen, et ass d’Pist Geiben. De Colonel Harpes wär och d’accord gewiescht, fir dorop ze schaffen.

Spadséiergank op Bréissel?

De Georges Oswald wollt du wëssen, ob d'Grënnungsreunioun vum GOR deeselwechten Dag war. Hie kéint sech absolut net dorun erënneren, sot den Zeien!

Wat Bréissel ugeet, huet d'Sylvie Conter dunn ervirgehuewen, dass d'Enquêteure wéi de Paul Haan haut nach net wéissten, firwat se mat waren. Den Armand Schockweiler huet geäntwert: "Ech fueren dach net mat hinne spadséieren op Bréissel!" Dem Sylvie Conter no wär dat hinnen awer genee sou virkomm!

Den Armand Schockweiler huet ervirgestrach, dass de Paul Haan an de Jean Disewiscourt net zesumme matgeholl gi wären, well se sech net gutt verstanen hätten.

"Firwat war den Enquêteur Disewiscourt dann net mat dobäi?", huet d'Sylvie Conter nogehaakt.

Den Armand Schockweiler sot, dee wär dono informéiert ginn! "An e war net frou doriwwer!", huet d'Me Lorang gemengt. Dem Armand Schockweiler no war e getouft. D'Enquêteuren hätten d'Experienz gehat, hien net, an hie wär ëmmer Informatiounen nogelaf.

D'Sylvie Conter huet du festgehalen: "Dir hutt näischt nogefrot!"

Den Armand Schockweiler huet gemengt, hie géif sou eng Enquête haut ganz anescht maachen. "Mir ware vläicht iwwerfuerdert!" Hie wär awer net vu schlechtem Wëllen ausgaangen an natierlech "enttäuscht" iwwert d'Resultat vun der Enquête!

D'Sylvie Conter wollt wëssen, firwat hei villes schif gaange wär a ween den Uerder dozou ginn hätt. An den Ae vum Zeie gouf et kee sou en Uerder!

D'Me Lorang ass dunn op dat zréckkomm, wat den deemolegen Untersuchungsriichter Prosper Klein als Zeien aussot: Hien hat ë.a. vun engem Faux vum Jean Disewiscourt geschwat! Doropshi wär eng Perquisitioun gemaach ginn an deem sengem Büro! "A wat ass geschitt?", frot d'Sylvie Conter. "Näischt.", war d'lakonesch Äntwert vum Armand Schockweiler. Dass de Jean Disewiscourt keng Disziplinaraffär krut, huet der Me Lorang d'Sprooch verschloen!

De Reportage vum Nico Graf (04/12/2013 - 7h30)



Um Dënschdegowend elo gouf eng Amende vu 500 Euro géint de Marc Thoma decidéiert an hien gëtt e Méinden nach emol citéiert.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.