Bommeleeër-Prozess: Keng Ahnung, iwwerfuerdert, déck bezuelt

Den Zeien Armand Schockweiler, Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater, op en Neits an der Bredouille viru Geriicht.

D'Me Lorang.

Um Ufank vum 98. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel e Mëttwoch de Mëtten eng Konklusioun virgeluecht am Zesummenhank mat der Emissioun Frontal 21, um Owend virdrun, also um Dënschdeg, 3. Dezember, op ZDF. Do goung rieds vu "Stay behind"-Operatiounen zu Lëtzebuerg an et gouf en Dokument dozou aus dem Staatsministère gewisen.

Fir de Procureur Georges Oswald ass dat näischt Neies; nawell wär eventuell eng separat Enquête iwwert dat Dokument néideg.

D'Me Lorang huet dono e Schreiwes vun der Associatioun ASORL (Anciens sous-officiers de réserve et militaires luxembourgeois) virgeluecht, an deem dovu rieds geet, dass den aktuelle Generalverdacht géint ë.a. d'Forces de l'ordre vun deemools inacceptabel wär. D'Arméi hätt wuel mat "Special forces" zesumme geschafft; et wär een awer matzen am Kale Krich gewiescht. D'Affekotin wollt den Auteur dovun héieren.

D'Riichterin Sylvie Conter huet dozou gemengt: "Et geet op een net un!"

Pist Geiben ...

Dono goung et viru mat der Auditioun vum Armand Schockweiler, Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater. Hie sot, no der Observatioun Geiben hätt hien näischt méi vun där Pist héieren; si wär awer net einfach am Sand verlaf. Et hätt een z.B. eng Reunioun mam Untersuchungsriichter Prosper Klein iwwer eenzel Piste gehat; hien hätt och Vertrauen an d'Enquête vum Jean Disewiscourt gehat, trotz de Mëssstänn, déi den Untersuchungsriichter notéiert hat, soudass den Enquêteur ofgezu gouf. Hien hätt net d'Experienz gehat, am Géigesaz zu den Enquêteuren; déi hätten och zu Bréissel am Kader vun der Commission rogatoire internationale hir Aarbecht net gemaach. "Ech kann net gleewen, dass de Paul Haan net wosst, firwat e mat war op Bréissel; dee wosst dat!" Hien hätt donieft näischt iwwert de Kontakt tëscht dem GOR an dem SREL am Zesummenhank mat der Observatioun Geiben gewosst.

De Procureur Georges Oswald wollt wëssen, ob d'Maueren am GOR net vläicht opgeriicht goufen, well en Insider am Spill war? Den Zeien huet gemengt, hien hätt net d’Gefill gehat, dass eng schlecht Absicht do war, an den Aloyse Harpes hätt dorop z’äntweren.

"Vun Tuten a Blose keng Ahnung, awer déck Paien"

Fir d'Riichterin Sylvie Conter gesäit et dono aus, dass et do Leit gouf, déi vun Tuten a Blose keng Ahnung haten, awer déck Paie kruten!

"Iwwerfuerdert"

Dem Armand Schockweiler no gouf et déi Zäit vill jonk Leit an de Forces de l'ordre; 10 Joer drop wär et vläicht anescht gaangen, si wären iwwerfuerdert gewiescht, an et hätt missen anescht organiséiert ginn.

"Alles, wat total logesch geschéngt huet, gouf net gemaach!", huet d'Presidentin vum Geriicht bemierkt. Den Armand Schockweiler huet bedauert, dass déi Zäit net alles néiergeschriwwe gouf.

D'Sylvie Conter huet dunn nogefrot: "Wat sot Dir eis net?"

Den Zeien huet geäntwert: "Ech hunn näischt ze verstoppen!"

"Gëtt et do eppes, wat Der net sot?", huet d'Presidentin vum Geriicht nogehaakt.

"Neen!", war d'Äntwert vum Zeien.

Insider? Ze vague!

De Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater huet doropshi vun engem Briefing beim deemolege Premier Jacques Santer geschwat; hie wär ë.a. mam Procureur adjoint Jean-Marie Hary dohi gaangen.

Zu Froen nom Secret de l’instruction hat den Zeie keng Detailer méi; et wär wuel do och net iwwert de Ben Geiben an iwwert den Insider diskutéiert ginn. Allgemeng wär net um Insider geschafft ginn, well et, Zitat, "sou eng vague Spuer war"; den Armand Schockweiler war och net der Meenung, dass bei him sou ee war, well hie konnt sech dat net virstellen. De Jos Steil wär allzäit net ugesi ginn als Bommeleeër, wéinst senger Frëndschaft mam Ben Geiben awer vläicht als Informant.

Dem Armand Schockweiler no hätt kee gesot, d'Spuer Geiben falen ze loossen; et wär eben net sou op där Pist geschafft gi wéi op aneren. Et wär keen Tabuthema gewiescht; et hätt ee gewaart op eppes, wat aus der Belsch sollt kommen, ma et koum näischt. Iergendwann hätt hien d’Gefill gehat, deen Eenzegen ze sinn, deen un d’Spuer Geiben gegleeft huet. D'Sylvie Conter sot dozou, et kéint jo sinn, dass si déi Komesch hei wären, d'Thema wär awer einfach net méi opkomm!

"Oubli?!?!"

Fir den Armand Schockweiler war et awer sou, an duerch den Iwwerfall op d'BIL wäre vläicht aner Prioritéite gesat ginn! "Mir hu Problemer, dat, wat alles net gemaach ginn ass, als Oubli ze klasséieren!", huet d'Presidentin vum Geriicht betount.

Den Zeien huet doropshi gemengt, et wär awer vill gutt Aarbecht geleescht ginn! "Déi muss een awer sichen!", huet d'Sylvie Conter geäntwert. Et wär alles mat guddem Wëlle geschitt, mä et wär ee seng eege Brems gewiescht, sou den Armand Schockweiler.

Fir de Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater wär den Enquêteur Jean Disewiscourt mat senger Aarbecht net méi eens ginn; hie wär wuel iwwerfuerdert gewiescht.

D'Sylvie Conter wollt wëssen, ob, wann den Untersuchungsriichter eenzel Rapporte gesinn hätt, dann net hätt missen an den eegene Reien enquêtéiert ginn. "Gouf do eppes mat Absicht virenthalen?"

Den Armand Schockweiler huet geäntwert: "Sécherlech net!"

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.