"Terror-Scouten": Nei Revelatiounen am Bommeleeër-Dossier

En neien Zeien huet eis Detailer ginn, iwwer jonk Leit, déi e paramilitäreschen Training kruten, an aus deenen e parallele Geheimdéngscht entstanen ass.

De Jos Steil huet och bei der Gendarmerie als Taucher trainéiert.

De Milieu Militariste, dee stoung eng Kéier, am Januar 1986, an engem interne Police-Rapport. Et hätt du missen eng Recherche-Piste sinn, fir d'Bommeleeër ze fannen. Mä déi Piste ass fale gelooss ginn. An dat war falsch.

E Mann, deen anonym bleiwe wëll, hien ass haut eng 50 Joer al, huet eis méi Detailer ginn iwwer jonk Leit, déi e paramilitäreschen Training kruten, dee ferm deem gläicht, wat d'Bommeleeër gemat hunn.

Et war rosen jonk Leit, déi do zesumme waren, Mëtt der 80er Joer. Si woren all ëm déi 20 Joer all an et weess een net, ob ee si Scouten oder Zaldoten oder "Terror-Scouten" nenne soll.

Fänke mer u mat der Roserei. Si souzen dacks zesummen, hunn iwwer déi "räich Säck" geflucht. Et si Sätz gefall wéi dësen: „mir ginn hinnen d'Buden an d'Loft sprengen“, a si hunn op d'Autoritéite geklappt. Beim Lagerfeier ass dunn och emol gesot ginn, déi bescht Manéier, d'Leit onsécher ze maachen, dat wier, hinnen Angscht ze maachen.

"Mir hu fir d'éischt mat Knupperte gespillt... an duerno souguer mat Dynamit.", esou den Zeien.

A natierlech ware si faszinéiert vun allem Militäreschem, faszinéiert vu Waffen, faszinéiert vun den Amerikaner an hiren GIën.

"Et war e Männertruc. Am Ufank war et wierklech militäresch: Biergsteigen, Tauchen, Schwammübungen, Schéissübungen...."




Recrutéiert ginn, sinn déi jonk Leit duerch en ale Bekannten, duerch de Jos Steil.

"... dee mat Jonge ganz ganz léif war an dee fir eis wéi en zweete Papp ginn ass, well et e fantasteschen Typ war. E konnt alles maachen. Et war e genialen Typ, mir hu genial Saache gemaach... Bon duerno hu mer zwar erausfonnt, dass e rietsextrem war, en hat e puer Problemer..."

"Enges daags koum e mat engem Här, deen eis gewisen huet wéi et geet... do hu mer mat Dynamit-Staange gespillt... am Éislek gouf e klengt Fierschterhaischen an d'Luucht gesprengt."

Mä et goung net nëmmen ëm Waffen a Gesprengs. De "Männertruc" hat och nach e sexuelle Volet.

"Et huet sech séier erausgestallt, dass hie Jonge gären hat. Do war een dobäi dee méi no war un him war, wéi déi aner."

"Fir mech war et méi en ideale Papp, well en einfach en Aventurier war. Éischtens emol huet e gäre gedronk an dat waren och heiansdo flott Partyen.... an do ass et richteg zur Saach gaangen, do ass richteg gutt gedronk ginn, an heiansdo hat en och déi eng oder aner léif Relatioun zu deem engen oder anere Jong."

D'Plazen da wou si ënnerwee waren: Dat war am Éislek, dat war um Stauséi, dat war zu Buurschent an zu Méchela, dat war um Béisebierg bei Miersch, méi genee um Kuelbécherhaff. Um Kuelbécherhaff, wou och d'Brigade mobile trainéiert huet.

Mat all deem net genuch. Et ass och eng Zort parallele Geheimdéngscht gegrënnt ginn, deen hat en Numm, "Groupe d'intervention et de recherche Luxembourg", ofgekierzt GIRL, eng parallel Organisatioun zum SREL an zur Brigade mobile.

Haaptacteur war ëmmer nach de Jos Steil. Mä net nëmmen hien huet recrutéiert, mä och nach fréier Gendarmen, Polizisten an Zaldoten. Den Job vun de GIRL-Leit war an der Haaptsaach Spionage géint Industrieller a soss Perséinlechkeeten, hei am Land an an der Belsch.

Aus de klengen Terror-Léierbouwen, aus de Scouten, ass also no an no e parallele Geheimdéngscht entstan, dee seng eegen Ziler hat.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.