Bommeleeër: Procureur erënnert un 350.000 Euro Belounung

A bei der Sich no engem "Phantom" huet d'Riichterin Sylvie Conter gemengt, et kéint och en Amnestiegesetz gestëmmt ginn ...

Um Ufank vun der 99. Sëtzung, um Donneschdeg, am Bommeleeër-Prozess huet d'Me Lorang eng Konklusioun virgeluecht am Zesummenhank mam Reportage, um Donneschdeg de Mëtten, also just e puer Stonne virdrun, op RTL Radio Lëtzebuerg iwwer sougenannt "Terror-Scouten"; deemno solle jonk Leit e paramilitäreschen Training kritt hunn an e parallele Geheimdéngscht entstane sinn. D'Affekotin huet eng Instructioun gefrot, fir erauszefannen, wien dat war; déi Persoun soll sech soss beim Procureur mellen.

De Georges Oswald huet geäntwert, dass dat fir hien nach e Phantom a keen Zeie wär. Hien huet dofir un déi Persoun appeléiert, fir sech ze mellen, an ënnerstrach, dass u sech nach eng 350.000 € Belounung opstéinge fir Leit, déi dozou kënne bäidroen, dass d'Bommeleeër fonnt ginn. D'Riichterin Sylvie Conter huet an deem Kontext gemengt, et kéint och en Amnestiegesetz gestëmmt ginn!

An der 4. Auditioun noenee vum Armand Schockweiler, dem Chef vun der Sûreté zur Zäit vun den Attentater, goung et nach emol ëm déi "bescht Spuer Geiben". "Mir haten net vill Leit, wou souvill zesumme geklappt huet“, sou den Zeien.

D'Presidentin vum Geriicht huet geäntwert: "An da geschitt näischt, wat de Ben Geiben ugeet! Dat muss Der awer engem erklären!"

Dem Armand Schockweiler no, hat hie keng Detailer doriwwer, wat gemaach gouf. „Ech war net sou an der Enquête dran, wéi Dir mengt!“

De Georges Oswald wollt wëssen, ob da méindes nom Attentat op de Geriichtspalais an der Belsch nogefrot gouf a Saache Ben Geiben. Neen ass d'Äntwert dorop. De Procureur seet: „Dat ass ze vill schéin!“ Fir d'Riichterin Sylvie Conter wëll de Colonel Aloyse Harpes awer Detailer iwwert d'Observatioun Geiben vum Zeie kritt hunn! "Neen. Ech hat se net!", huet den Zeie gemengt.

De Georges Oswald ënnersträicht: "An d’Enquêteuren hunn net zesumme geschafft! Déi eng souze virun der Mauer, déi aner hannendrun! Da sot, dass et näischt sollt ginn!"

Den Armand Schockweiler widderhëlt, dass keen him gesot hätt, dass déi Enquête näischt sollt ginn. Et hätt een op weider Spueren aus der Belsch gehofft. Fir de Georges Oswald wär den Zeien awer elo ganz no um Faux témoignage drun! An der Belsch hätt et geheescht, si hätten d'Informatioun vun hei kritt, net weider um Ben Geiben ze schaffen!

Hien hätt der Belsch gesot, et géif net méi prioritär dorop geschafft ginn, huet den Zeie preziséiert.

Den Armand Schockweiler huet du gemengt, hien hätt näischt vun der Iwwerwaachung Ben Geiben heiheem gewosst. Fir de Georges Oswald hätt de Guy Stebens awer erkläert, déi organiséiert ze hunn. Do wär also eng Confrontatioun néideg!

Den Zeie betount, gemengt ze hunn, et wär laanschtenee geschafft ginn! D'Sylvie Conter hu du gefrot, firwat de Milieu militariste als Spuer fale gelooss gouf. Schliesslech hätt deen d'Viraussetzung Sprengstoff-Kenntnisser gehat! "Awer si hate kee Motiv!", sot den Armand Schockweiler. De Georges Oswald huet ervirgehuewen, dass eng Kéier am Ministerrot festgehale gouf, dass een Offizéier responsabel wär fir all d’Enquêten. "Waart Dir dat?" Den Zeien huet gemengt, hien hätt vill Aarbecht gehat, an et wär net seriö gewiescht, dat och nach maachen ze mussen!

De Me Vogel wollt wëssen, ween den Zeie mat souvill Aarbecht zougeschott hätt, an d'Me Lorang, wat de Colonel Harpes da gemaach huet. De Georges Oswald wollt wëssen, ob den Zeien dann emol bei deem intervenéiert hätt. Jo, war d'Äntwert, mä hien hätt gesot kritt: Elo net!

Als Zeie sinn déi aner Woch geruff:

Lundi, le 9 décembre 2013 –  volet attentat Palais de Justice : Marc Thoma, Aloyse Harpes

Mardi, le 10 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Aloyse Harpes

Mercredi, le 11 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Aloyse Harpes

Jeudi, le 12 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Aloyse Harpes

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.