Dossier BommeleeërSech mat Dynamit bei Ziviliste gebretzt

De Gendaarm Jos Steil huet bei Ziviliste mat Dynamit uginn, Mëtt der 80er-Joer. Dat sot eise Reporter en eeleren Här, deen anonym bleiwe wëll.

Et geet also erëm ëm de de fréieren zweete Mann aus der Brigade mobile, de Jos Steil.

Bommeleeër: Anonymen Zeien iwwert de Jos Steil - Nico Graf



De Mann, deen eppes iwwer hie weess, ass duerch de ganzen Tapage op seng éigen Erënnerungen opmierksam ginn: "Wéi elo déi Affaire Bommeleeër opkomm ass, ass mir deen Numm Steil erëm agefall a mir ass och dunn och erëm agefall, déi Saach mat de Sprengkierper, déi en eis gewisen huet."

Dat, wourunner sech de Mann erënnert, huet sech bei der Protection civile zu Schëmpech ofgespillt: "Dat muss 1983, 1984 oder 1985 gewiescht sinn. Wa mir so waren, sinn och ëmmer d'Froschmänner vun der Gendarmerie dohinner komm ... Do ass mir eng Kéier dee Gendaarm Steil opgefall, deen ëmmer gutt gesoff huet an ëmmer d'Haaptwuert hat ..."

Se haten zu Schëmpech eng Zort "Trümmerfeld", wou se dran trainéiert hunn. De Jos Steil wollt, soi-disant, de Kollegen hëllefen, mat den Trümmer anescht ëmzegoen – oder der méi ze produzéieren. Egal wéi, de Jos Steil sot de Leit op der Plaz: "Kommt ech weisen Iech emol eppes, dat wier jo vill méi einfach, wann ee géing Sprengunge maachen anstatt ëmmer ze hiewen an ze drécken. Hien ass du mat eis erausgaange bei den Auto ... En hat bis ënnert den Deckel vun der Mall Sprengstoff leien: grouss a kleng, ronn a rechteckeg Saachen, esouguer mat Zeitzündereren drop. Kënnt der Iech virstellen, wat mäi Kolleg an ech fir e Gesiicht gemaach hunn."

Bleift festzehalen: Dee Mann, deen dacks vill ze vill gedronk huet, war mat enger Mall voll mat Dynamit ënnerwee. An de Mann vu Schëmpech huet sech alt gewonnert, datt dee Gendaarm ni vu senge Cheffen eng Ruge krut – an do muss ee sech da Froe stellen.

De Jos Steil drénkt heefeg ze vill, ass mat ganz vill Sprengstoff ënnerwee, deen hien och nach Ziviliste weist – an et geschitt näischt. Dee Mann hat wuel Protex ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.