100. Bommeleeër-Sëtzung: Zeien hëlt Steil-Aussoen zeréck

"Et deet mer leed, dass et souwäit komm ass!", sou den RTL-Zeien a Saachen Terrorscouten; domat huet hie seng falsch Associatioun mam Jos Steil gemengt.

Déi 100. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, um Méindeg, huet mat enger weiderer kuerzer Auditioun vum Marc Thoma ugefaangen. Den RTL-Journalist hat sech jo am Zesummenhank mat engem Incident, 2008, am Juegdschlass virun de Riichteren op de Quelleschutz beruff, fir keen Eed ze leeschten; doropshin hat hien eng Strof vu 500 € kritt a war nach emol geruff ginn.

De Marc Thoma ass bei senger Positioun bliwwen, soudass dës Auditioun no enger Minutt eriwwer war. D'Sëtzung gouf doropshin ënnerbrach.

No där Paus huet d'Riichterin Sylvie Conter erkläert, dass den RTL-Journalist nach emol eng Strof vu 500 € kritt!

No deem Intermezzo gouf iwwerraschenderweis den RTL-Zeien a Saachen "Terrorscoute" gehéiert. Dee Mann war e Freide fir eng Auditioun bei der Police judiciaire, no eisem Reportage vun en Donneschden.

Hie wär 1983 iwwert d'Scouten an Iwwerliewenscampe geroden, déi e militaristeschen Hannergrond haten, wann et och op Scoutenniveau ofgelaf wär. Den Zeien huet vun 3 Leit geschwat, dovunner zwee, déi an de Scoute waren, awer och Gendaarmen an/oder Poliziste solle gewiescht sinn. De "Jos", ee vun deenen 3, wär awer net déi Persoun, vun där hien erzielt hätt; bis e Freiden hätt hie sech drop behaapt, dass dat de Jos Steil wär. Dee Jos war tätowéiert a schmuddeleg; nodeems hien awer bei der PJ e Fotosalbum gewise kritt huet, wär et kloer, dass dat net de Jos Steil wär, deen dorop net tätowéiert a soignéiert war. An deene Scouten-Rendez-vouse wär awer iwwer Sprengstoff geschwat ginn.

Den Zeien huet betount, dass hien no rietsextremen Aussoen an aneren Tëschefäll net méi bei deene Reuniounen dobäi gewiescht wär. Dobäi wären och Sprengfalen, sougenannt "booby-trapen", gebaut ginn, souer wéi déi, déi méi spéit vun de Bommeleeër gebraucht goufen.

Hien hätt de Procureur Georges Oswald ugeruff a wär dunn e Freide bei den Enquêteur Carlo Klein gaangen; do wär hie 5 Stonne gehéiert ginn, a bei där Auditioun wäre seng eege falsch Aussoe widderluecht ginn. Den Zeien huet gemengt, hie wär formell, dass dee Mann net de Jos Steil war. Hien huet awer gesot, dass eng Kéier e Cantonniers- oder Fierschterhaischen, wuel zu Bartreng, gesprengt gi wär.

"Et deet mer leed, dass et souwäit komm ass!", sou den RTL-Zeien a Saachen Terrorscouten; domat huet hie seng falsch Associatioun mam Jos Steil gemengt!

Den Zeien huet sech d'Fro gestallt, ob hien deemools vläicht Saache verpasst hätt; opfälleg war, dass ee vun deenen 3 d'Éislek gutt kannt huet.

De Me Vogel wollt doropshi wëssen, ween dat Haischen zu Bartreng gesprengt hätt. Den Zeien huet vu Kollege geschwat, ouni Nimm ze nennen. Et géif him leed doen, dass dee Reportage koum; hien hätt sech awer gemellt, woubäi de Mann indirekt vun Drock geschwat huet.

De Paul Urbany iwwer de Quelleschutz

Den RTL-Journalist Marc Thoma ass am Bommeleeërprozess eng zweete Kéier zu enger Geldstrof vu 500 Euro veruerteelt ginn. D'Ursaach ass déi selwecht wéi d'leschte Kéier. De Marc Thoma wollt keen Eed ofleeën. Géif hien dat maachen, géif hien de Quelleschutz a Gefor bréngen. Dat geet net, well dee Quelleschutz huet eng ganz grouss Bedeitung, net just fir d'Presse.

Den éischte Beneficiaire vum Quelleschutz ass de Public, also all Mënsch, dee Radio lauschtert, Fernseh kuckt, d'Noriichten um Internet oder an der Zeitung liest. Jiddereen ass un Informatiounen intresséiert, déi net an offizielle Communiquée stinn... déi Informatiounen kritt e Journalist och vu sengen Informanten - allerdéngs just wann déi kenne sécher sinn, datt hir Identitéit geschützt bleift a si net mat negative Konsequenze musse rechnen. Géif de Marc Thoma oder en anere Journalist an dëser Affaire en Eed ofleeën, wier dat net méi garantéiert.

Fir datt weiderhin Zeien an Informante sech bei RTL kënne mellen a mir hinne kënne garantéieren, datt hir Identitéit geschützt ass, leet de Marc Thoma keen Eed of.

Am Fall vum Nico Graf, deen um Méindeg huet missen ënner Eed aussoen, hat den Zeien de Journalist de fait vum Quelleschutz "entbonnen".

Am Pressegesetz vun 2004 -un deem de Paul Urbany iwwregens matgeschafft huet- steet awer am Artikel 8, datt de Journalist sech net op säi Quelleschutz dierf beruffen, fir d'Ausso ze verweigeren, wann et zum Beispill ëm Drogenaffairen, Geldwäsch oder kriminell Affaire geet. Allerdéngs ass dat réng theoretesch wéinst dem Artikel 2, deen direkt verweist op den Artikel 10 vun der Mënscherechtskonventioun. An der Stroossbuerger Mënscherechts-Jurisprudenz hätt de Quelleschutz vill méi ee grousst Gewiicht wéi de Lëtzebuerger Text.

Den Nico Graf huet sech am Géigesaz zum Marc Thoma vereedege gelooss an huet also och ausgesot. Den Ënnerscheed zum Kolleg Thoma giff jo eben doranner bestoen, datt den Zeien Gredt sech éischtens beim Procureur selwer geout hat als Informant vun RTL, mee zweetens hätt den Zeien och Saachen iwwer d' Aarbecht vun den RTL-Reporter gesot, déi esou eben net richteg wieren. Zum Beispill datt de Nico Graf him Fotoë gewisen hätt wou de Jos Steil drop gewierscht wier. Stëmmt net, sot den Nico Graf, den Zeie wier wéint enger ganz anerer Saach bei hien komm an eréischt no a no wier d' Gespréich op d'Scouten, d'Terror-Scouten an de Jos Steil komm. Fotoen hätt hien, dem Zeie Gredt ni gewisen. Den Zeien hätt spéider och vu sech aus iwwer de GIRL, de Groupe Information et Recherche Luxembourg geschwat, eng Zort parallele Geheimdéngscht. Wat den Zeien do sot, hätt keen him an de Mound geluecht, hien hätt dat vu sech aus a Gespréicher erzielt.

E Bréif, deen elo um Internet zirkuléiert wier fir de Nico Graf eng Confirmatioun vun deem gewierscht wat den Zeie Gredt sot an duerfir wier hien frou gewierscht, wéi den Zeien op eemol sot, hi giff en Interview ginn. De Nico Graf huet och insistéiert, den Zeie wier virdrun natierlech ni ënner Drock gesat ginn, am Géigendeel: wéi am Geriicht vum Schléiwenhaff als Traininsplaz vun de Scouten geschwat gi wier, hätt den Zeien him esouguer geschriwwen, bréng de Schléiwenhaff dach an en hätt sech eben vu sech aus viru Mikro a Kamera gestallt.

No engem mediale Nomëtten um Geriicht, war et d'Decisioun vum Geriicht ze froen, ob een den integralen Interview mam Zeien Gredt kéint gesinn. Iwwer déi Demande gëtt elo an eisem Haus nogeduecht.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.