Bommeleeër: Weider Leit mat Zivilcourage hu sech gemellt

An zwar beim Parquet! Dat sot de Procureur um Dënschdeg, um 101. Dag vum Prozess. Do huet den Ex-Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes sech ahnungslos ginn.

D'Presidentin vum Geriicht.

De Me Vogel huet um Ufank vun der 101. Sëtzung erkläert, dass hien den Interview mam RTL-Zeien a Saachen Terrorscoute wéilt virgespillt kréien, a Präsenz vun deem Mann. Den Affekot ass vun enger Manipulatioun vum Zeien duerch d'Enquêteuren iwwerzeegt; hie géif déi 5 Stonnen Auditioun net verstoen a sech froen, wéi et dozou koum, dass, Zitat, "de Jos net méi de Jos Steil war".

De Procureur Georges Oswald huet gesot, dass hien d'DVD vum Interview mam RTL-Zeie krut. Am Géigesaz zum Me Vogel hätt hie vollt Vertrauen an d'Enquêteuren; et sollten och déi aner Leit, déi de Kolleg Nico Graf e Méindeg identifizéiert hat, gehéiert ginn. Hie wär domat d’accord, fir dee Film ze kucken; donieft huet de Procureur betount, dass sech aner Leit beim Parquet gemellt hätten, déi Zivilcourage hätten.

Aloyse Harpes am Zeiestand

Dono war et um Aloyse Harpes, Chef vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater, fir auszesoen. Dee sot virop, praktesch näischt matkritt ze hu vun den Attentater an net méi wéi dat
gewosst ze hunn, wat an den Zeitunge stoung. Et hätt een hei héieren an do héieren, mä et hätt keen eppes gewosst.

Fir d'Riichterin Sylvie Conter sief dat nach dohi gestallt!

De Procureur Georges Oswald wollt wëssen, ob et Reuniounen iwwer Insider gouf.

Den Zeie sot, sech absolut net sécher ze sinn; et wär awer méiglech. Iwwer verschidde Saachen, z.B. iwwert d'Attentater op Héichspannungsleitungen, gouf diskutéiert; et wär awer net intern iwwer en Insider geschwat ginn. "Ech kann op deem Punkt net virun hëllefen.", sou den Aloyse Harpes, fir deen d'Ermëttler enger Enquête vun där Envergure och net gewuess waren.

D'Presidentin vum Geriicht huet awer betount, dass de Paul Haan net wosst, dass hie Chefenquêteur soll gewiescht sinn.

"Jo!", huet den Aloyse Harpes e bësse sarkastesch geäntwert; hien hätt och keng perséinlech Spannunge mam Paul Haan gehat.

Hie selwer wär absolut net informéiert ginn iwwert d'Commission rogatoire internationale, d.h. d'Ufro no juristescher Rechtshëllef, zu Bréissel am Zesummenhank mam Ben Geiben; et wär och hie gewiescht, deen dem Armand Schockweiler géintiwwer vun der Pist Geiben geschwat hätt. "Et war meng Meenung, well d’Attentater sou geschitt sinn, wéi se geschitt sinn." Den Armand Schockweiler hätt doropshi gesot: "Jo, ech denken datselwecht!". Et hätt awer keng Urgence bestanen, fir eppes ze maachen. Den Armand Schockweiler hätt hien eemol d’Woch informéiert iwwert de Stand vun der Enquête; deen hätt awer "wuel net alles gesot".

Als ganz normal huet den Zeien de Fait ëmfonnt, dass de Ben Geiben och hei géif observéiert ginn. D'Offizéier hätten d’Enquête allerdings net dirigéiert, och wa si es elo kriten. Et wäre wuel Feelere geschitt an der Informatioun vum Untersuchungsriichter; de Clinch mat deem huet den Aloyse Harpes och vill manner schlëmm gesi wéi de Prosper Klein. Den Zeie sot, genee wéi de Pierre Reuland: "Et gouf jo gemaach!", dat am Zesummenhank mat der Fro vum Untersuchungsriichter no spezifeschen Enquêteuren.

D'"Saach" mam Paul Haan wär ganz schro gewiescht; den Enquêteur hätt ë.a. wéinst engem Refus d'ordre eng Disziplinarenquête kritt.

Et kéint sinn, dass hie wosst, dass de Ben Geiben op Lëtzebuerg sollt kommen,
sou den Aloyse Harpes; de Chef vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater wëll awer vun der Observatioun selwer näischt gewosst hunn. Et wäre vill Leit bei där Observatioun dobäi gewiescht, soudass dat net konnt klappen.

D'Riichterin Sylvie
Conter sot: "Et huet net dowéinst net geklappt! Hutt Dir e Souvenir vun engem Bréif un de SREL, fir do Leit ze froen?"

D'Äntwert war Neen. Wéi den Zeien de Bréif gewise krut, huet hie gemengt, dass dat domat zesummenhänke
kéint. Hie wär wuel den Dag drop driwwer informéiert ginn, vum Armand Schockweiler; wat de Jos Steil gedréint huet, hätt deen him awer net gesot. Iwwert dës Observatioun, déi schif gelaf wär, wär net méi geschwat ginn; hien hätt och keng Informatiounen iwwert de Samschdeg kritt.

"Hutt Dir da gefrot, wou de Ben Geiben war, wéi et geknuppt huet? Dat war déi eenzeg logesch Fro!", huet de Procureur Georges Oswald ze bedenke ginn.

Dem Aloyse Harpes no hätt hien dee Rapport entgéint geholl. Et wär eben eng Observatioun gewiescht, déi schif gelaf ass!

Procureur well et net gleewen

"Sou geet dat do net! Neen, neen, neen!", huet de Georges Oswald gemengt.

"Ech hu
keng Fro gestallt!", huet den Aloyse Harpes widderholl.

De Procureur sot, dat net kënnen z'acceptéieren!

"Et ass awer sou!"

"Dat kann net sinn!"

D'Sylvie Conter wollt nach emol wëssen: "Firwat ass déi Fro net gestallt ginn?"

Fir d'Me Lorang hätt den Zeien d'Pist Geiben dobäi selwer lancéiert!

"Ech hätt se kënne stellen", huet den Aloyse Harpes geäntwert
.

An den Ae vum Georges Oswald stellt ee sech dowéinst ganz vill aner Froen. "Bis ewell hutt Der relativ kohärent ausgesot! Mä dat hei klappt iwwerhaapt net!"

Dem Georges Oswald no wär dat net ze verstoen!

"Ech kann dem Procureur net virun hëllefen!"

"Dat hunn ech gemierkt!"

Deal Geiben? "Kapital Ausso", esou Me Vogel

Den Aloyse Harpes sot dunn, hie wéisst och net, firwat déi Spur ofgebrach ginn ass. Et hätt wuel een Influenz geholl, deen net aus der Gendarmerie war. Dat kéint eppes ze dinn hu mam "Deal Geiben". De Procureur adjoint Jean-Marie Hary hätt nämlech erzielt, dass de Ben Geiben "gegangen worden war", wéinst enger Affär vu Pedophilie. Hien hätt matgedeelt kritt, seng Demissioun ze ginn an ausser Land ze goen; d'Affär géif da klasséiert ginn.

Fir de Me Vogel wär dat eng kapital Ausso!

Dem Georges Oswald no hätt d'Affär awer e klengen Hoken: De Procureur Hary hätt dann nämlech keng CRI ausgestallt!

An den Ae vum Aloyse Harpes wär dat e Motiv fir de Ben Geiben. Deem seng Homosexualitéit hätt hien net gestéiert.

De Me Vogel huet sech dunn driwwer opgereegt, dass de Ben Geiben wéi en Hellege behandelt gi wär. Kee wär sou geschount gi wéi deen!

De Georges Oswald wollt du wëssen, ween aus der Brigade mobile nach eppes mat klenge Jongen hat. Nieft dem Jos Steil, vun deem e Méindeg geschwat gi wär, wären dat vläicht nach anerer gewiescht.

Attentat mat Signatur an "Amnésie totale"

Fir den Aloyse Harpes huet dat lescht Attentat op d'Haus vum Colonel Wagner eng Ënnerschrëft duergestallt.

Dem Me Vogel no wär de Ben Geiben e Protegé vum SREL gewiescht, vläicht als Executant vum Stay behind!

De Georges Oswald huet nogefrot, ween an der Gendarmerie d’Observatioun Geiben boykottéiert
huet. An där Gendarmerie géif et dozou eng Amnésie totale ginn!

Den Aloyse
Harpes hätt bei der Untersuchungsriichterin Doris Wolz de Rapport Kaudé virgeluecht kritt, deen hien ni virdru gesinn hätt. "Wa mir d'Saachen iwwert de Steil gewosst hätten, da wär dee Prozess hei net néideg gewiescht!" De Ben Geiben hätt sech iwwerall kënnen déplacéieren; dogéint hätt hie Confiance an de Jos Steil gehat, dee protégéiert gi wär.

D'Sylvie
Conter huet nogehaakt, firwat dann näischt géint de Ben Geiben geschitt wär.

"Eventuell fir ze verstoppen, dass et sou en Deal gouf! D'Pist Geiben ofzebrieche koum och vun anerwäerts, net vun eis", sot den Zeien.

D'Sylvie Conter huet nogefrot, wie géif a Fro kommen.

Den Aloyse Harpes huet vu ville Filièrë geschwat!

"Justiz? Politik?", wollt d'Presidentin vum Geriicht méi genee wëssen.

Den Zeien huet och Frënn vum Här Geiben invoquéiert.

No der Paus huet d'Sylvie Conter drun erënnert, dass den Zeien der Untersuchungsriichterin Doris Woltz sot, de Jos Steil an de Jos Wilmes wären Auteuren. Den Aloyse
Harpes huet dat net bestridden.

D'Me Lorang wollt wëssen, wat d'Untersuchungsriichterin Doris Woltz dem Aloyse Harpes virgelies hätt, iwwerdeems de Me Vogel gefrot huet, ob den Zeie jee dovun héieren hätt, dass d’Beschëllegt eppes mat den Attentater ze dinn hätten.

De Chef vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater sot: Neen!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.