Bommeleeër: Anonymen Zeien net méi anonym

Parquet wëll den RTL-Zeie vu Schëmpech héieren; Geriicht léisst wëssen, datt de Bréif ewell ënnerwee wier.

De Procureur Georges Oswald.
De Procureur Georges Oswald huet e Mëttwoch de Mëtten, um Ufank vum 102. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, erkläert, dass den anonymen RTL-Zeie vu Schëmpech elo en Numm huet. Dee Mann sollt a sengen Aen als Zeie gehéiert ginn.

D'Riichterin Sylvie Conter huet gemengt, den entspriechende Bréif wär schonn ënnerwee.

De
Me Vogel wollt dunn, dass deen Zeie fir d'éischt um Geriicht sollt gehéiert ginn, an net bei den Enquêteuren. D'Defense hätt nämlech kee Vertrauen an déi Leit.

Dono huet den Aloyse Harpes am Kontext vun der Observatioun Geiben deklaréiert, hie wéisst net, firwat näischt méi geschitt wär. Fir de Chef vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater wär déi Iwwerwaachung schif gelaf an hien net an der Enquête dra gewiescht.

D'Pist Geiben wär hien och no där Iwwerwaachung nach ëmmer serieux gewiescht. Hien hätt den Armand Schockweiler awer net drop ugeschwat, well et keng Ursaach dofir ginn hätt. "Et wär vläicht besser, den Untersuchungsriichter dat ze froen!"

D'Sylvie Conter huet geäntwert, et wär e bëssen einfach, dat ze soen. Deen hätt nämlech och näischt vun der Observatioun gewosst!

"Ech och net! Wéi et eriwwer war, jo!"

"Den Untersuchungsriichter wosst et dono nach net!"

"Ech hu vun den Enquêteuren absolut näischt kritt!"

"Den Untersuchungsriichter och net! Just an dëser Affär klappt et net!"

"Si hu vu mir näischt sou gesot kritt. Do musst Der d'Enquêteure froen!"

"Déi soen, den Uerder wär vun uewe komm!"

De Me Vogel huet du gefrot, ob de Colonel Harpes politeschen Drock krut, well et och eng Pist Prënz Jean gouf.

"Absolut keen, vu kengem." D'Enquêteuren hätten awer gesot, hien hätt hinnen näischt ze soen.

D'Presidentin vum Geriicht wollt wëssen, wat da seng Äntwert dorop war.

"Ech gleewe kaum, dass ech dorop geäntwert hunn!"

"Dat huelt Dir dat sou hin?"

De Me Vogel hunn dunn aus Notë virgelies, aus deenen ervirgeet, dass de Colonel Harpes ganz autoritär opgetruede wär a Maueren hätt wëllen opriichten.

Fir den Zeie war dat engersäits eng schéin Interpretatioun, an anerersäits hätt
et keng Kommunikatioun ënnerenee ginn. Am GOR z.B. hätt keen deem anere getraut!

D'Riichterin Sylvie Conter huet geäntwert, deene wär vläicht bewosst gewiescht, dass den Insider bei hinne kéint sinn!


"Déi Leit ware gewinnt, eleng ze schaffen oder zu zweet, an net am Team; dass si en Offizéier als Chef haten, goung hinnen net!"

"Et war éischter d’Aart a Weis! A firwat ass d'Décisioun geholl ginn, dem Untersuchungsriichter näischt méi virun ze ginn?"

"Ech hu gemengt, dat wär kleng Polissaarbecht! Um Enn huet awer méng Décisioun gezielt!"


"De Paul Haan huet dowéinst opgehalen!"


"Dat war eng falsch Ausleeung vun deem, wat ech wollt!"


"Dat, wat Dir gemengt hutt, ass wuel falsch déi aner Säit ukomm."

"Jo, et gouf vläicht falsch ausgeluegt!"

De Reportage vum Nico Graf (12/12/2013 - 7h30)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.