"Uhr-Knall": Brisant Aussoe stelle Juncker a schlecht Liicht

De JCJ soll an engem Gespréich mam Marco Mille staark alkoholiséiert gewiescht sinn an dësen uerg beleidegt hunn, sou den André Kemmer op paperjam.lu.

© AFP (Archivbild)

Firwat huet de fréiere SREL-Chef Marco Mille de Jean-Claude Juncker mat senger Auer opgeholl? Déi Fro steet nach ëmmer am Raum, och no den Auditiounen an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht an der Chamber. Dat faméist Aueregespréich,  den Ausléiser also vun der Geheimdéngschtaffaire déi zu de virgezunnen Neiwahlen gefouert huet, schléit haut op en neits Wellen.

De Paperjam verëffentlecht nämlech ganz brisant Extraiten aus enger Note déi de fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer geschriwwen huet an déi de Jean-Claude Juncker an engem ganz schlechte Liicht dohinner stellen. Et si Wierder, déi den André Kemmer sech net getraut hätt virun den Deputéierten ze soen.

De Marco Mille wollt sech ofsécheren duerfir hätt e säi Gespréich mam Jean-Claude Juncker mat der Spionageauer enregistréiert. Dat éischt Gespréich mam Staatsminister wier nämlech schif gaang, sou d'Erkläerung vum Marco Mille. Et hätt ee sech net verstan. An deem Gespréich sollt et jo ëm déi kryptéiert CD goen un där den Ament nach ëmmer geschafft gëtt an op där méiglecherweis eng Entrevue tëscht dem Premier an dem Grand-Duc soll drop sinn. Eng Entrevue an där déi zwee Männer net nëmmen Banalitéiten ausgetosch hätten, schreift den André Kemmer dem Paperjam no, mä an där et och ëm ee Punkt sollt gaang sinn deen, sollt en un d'Effentlechkeet kommen, dem Jean-Claude Juncker definitiv säi Mandat kascht hätt. An deem Esprit, si Marco Mille, Frank Schneider an André Kemmer bei de Premier gaang. Déi 3 Männer goufe jo och an den Auditiounen vun der Enquêtekommissioun dozou gehéiert. Mä wéi de Paperjam schreift, huet sech den André Kemmer do wéi gesot net getraut dat ze soen, wat  genee geschitt ass.

An enger Note u  säin Affekot, eng Note déi nach verëffentlecht soll ginn, an „Die Sache mit der Uhr“ heescht, gëtt den héije SREL-Beamten awer däitlech: De Jean-Claude Juncker wier, wéi et Zitat heescht „stockbetrunken“ gewiescht an hätt de Marco Mille mat Aussoen déi däitlech ënnert der Ceinture sinn beleidegt.

Am Extrait deen de Paperjam verëffentlecht liest sech dat Zitat esou: „Juncker war stockbetrunken, bestellte sich zwei Espresso und bat uns am Tisch Platz zu nehmen. Ohne einleitende  Worte fing er an Mille zu beleidigen. „Ich ficke wo, wen, und wann ich will, hast du mich verstanden. Auch du könntest ficken, aber du kannst es ja gar nicht, deine deutsche Genauigkeit... verbietet es dir“. Während zirka fünf Minuten setzte Juncker seine massiven Beleidigungen gegen Mille fort, die ich hier aus moralischen Bedenken nicht näher schildern möchte. Mille der von Natur aus eher blass wirkt, wurde kreidebleich“. Enn vum Zitat.

Dat alles si wéi gesot d'Wieder vum André Kemmer  an enger Note déi den Auteur „Das Treffen mit dem Staatsminister. Das Aus“ iwwerschriwwen huet. De Marco Mille wier nodeems en déi Ausdréck vum Premier  am Januar 2007 owes no de Bureausstonnen géint hallwer 7 un de Kapp gehäit krut, rosen eraus gaang. „Ech bréngen en ëm“, hätt en zu sengen zwee Acolyte gesot, sou de Paperjam. De Frank Schneider hätt probéiert déi ganz Situatioun ze berouegen. Vun deem Moment un, hätt de Jean-Claude Juncker awer all Autoritéit an d'Vertrauen vu sengem Geheimdéngschtchef verluer, sou d'Aschätzung vum André Kemmer.

Et wier also wéinst deene Beleidegungen, datt de Marco Mille säi politesche Virgesetzten mat enger Auer opgehuell huet. Weder den André Kemmer, nach säin Affekot wollten op den Artikel aus dem Magazine vun haut reagéieren. Den Text wier en Extrait aus enger Note un dem suspendéiere Geheimdéngscht-Mataarbechter säin Affekot, krute mer just gesot.

De Reportage vum Claude Zeimetz (12/12/2013 - 12h30)



Den André Kemmer bedauert, dass déi brisant Extraiten aus senger Note iwwert e Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Marco Mille un d'Ëffentlechkeet komm sinn.

Dat schreift de fréiere SREL- Mataarbechter an engem Communiqué.

Hien hätt déi Note allerdéngs net fir säin Affekot geschriwwe, mä fir sech selwer, fir sech un d'Fakten z'erënneren a fir seng perséinlech Impressiounen vun deem Ganzen zesummen ze kréien.

Hien géing bedaueren, engem fréieren Aarbechtskolleg eng Kopie vun deem Dokument ginn ze hunn, fir eventuell méi Detailer ze kréien. Den André Kemmer ass iwwerzeegt, dass just deen Aarbechtskolleg dat Dokument ka weiderginn hunn.