Bommeleeër: "Wa se rout gi beim Léien!" a "Saustaat!"

Um Ufank vun der 103. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess, um Donneschdeg, huet de Me Vogel gefrot, d'Zeie vu vir ze gesinn, wa se, Zitat, „rout gi beim Léien“.

D'Riichterin Sylvie Conter huet sech gefrot, wéi dat goe sollt, och wann et heiansdo ganz interessant wär!

Dono ass d'Auditioun vum Aloyse Harpes virugaangen. De Chef vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater sot, am Personal vun der Gendarmerie wär et deemools gewiescht wéi iwwerall: 1/3 wär gutt, 1/3 mëttelméisseg an 1/3 manner gutt gewiescht. D'Enquête wär vläicht schif gaangen aus der Angscht vun den Offizéier eraus, dass et ee vun den eegene Leit wär; dat wär net schéi gewiescht. Et wären och Offizéier ginn, déi net déiselwecht Meenung hate wéi hien; just den Armand Schockweiler hätt déi nämlecht gehat. De Guy Stebens hätt vläicht besser op enger anerer Plaz gesiess, wou e méi eng schéi Säit gesinn hätt, an de Pierre Reuland hätt net déiselwecht Meenung gehat.

Den Zeie wëll näischt vum Jos Steil als méiglechem Bommeleeër héieren hunn. Dee wär op d'Gendarmerie versat ginn, well de Charel Bourg et gär gehat hätt an e physesch net méi sou gutt war. De Rapport Kaudé a Saache Verdachtsmomenter géint de Jos Steil hätt hien och ni gesinn.

Jos Steil ... Insider

No Informatioun doriwwer, déi e bei der Untersuchungsriichterin Doris Wolz krut, hätt hien d’Konklusioun gezunn, dass de Jos Steil den Insider war, sot den Aloyse Harpes. Donieft hätt den aktuelle SREL-Chef Patrick Heck him gesot, dass hie vum Geheimdingscht ofgelauschtert gi wär!

De Me Vogel huet doropshi gemengt: "Dat ass jo e Saustaat!"

Dem Zeien no gouf hie vum Patrick Heck kontaktéiert; d'Oflauschtere wär eng Neiegkeet fir hie gewiescht. De Patrick Heck wär bei hien heem komm an hätt gär Saache gewosst.

Wat, wollt d'Me Lorang wëssen.

"Ech weess et net méi!", sou den Aloyse Harpes.

D'Sylvie Conter sot: "Do hu mer awer Problemer, Iech dat ofzehuelen! Hutt Der de Patrick Heck virdru kannt?"

"Neen, just vu Gesinn", huet den Zeie geäntwert. De SREL-Chef hätt näischt wëllen a puncto Bommeleeër wëssen an och näischt Geheimes; säin Oflauschtere wär iwwerdeems vum Colonel Brück, vum Willy a vum Charel Bourg organiséiert ginn.

Op d'Nofro vun der Riichterin Sylvie Conter, wat de Patrick Heck da vun him wollt wëssen, koum keng konkret Äntwert vum Zeien, soudass de Me Vogel gemengt huet: "E weess alles a seet sech, déi aner mussen net alles wëssen!". Wéi d'Presidentin vum Geriicht gemengt huet, vun deenen, déi d'Oflauschtere vum Zeien organiséiert hätten, kéint just de Charel Bourg gefrot ginn, huet de Procureur Georges Oswald gemengt: "Ei, ei, ei!"

Nodeems de Me Vogel ervirgehuewen huet, dass de Willy Bourg e pathologeschen anti-Gauchiste war, huet den Zeie betount, dass deen zesumme mat him Kandidat fir op d’Gendarmerie war; dass hien awer geholl gi wär, hätt de Willy Bourg him ni verzien.

Zu Bommeleeër-Zäiten hätt hie sech wuel zevill op den Armand Schockweiler verlooss, awer net alles vun deem gesot kritt. Doriwwer eraus hätt hien net un d'Militärpist gegleeft, well hien dee Milieu gutt kannt hätt an dovun ausgaange wär, dass dee propper war.

"
Vläicht well den Zeien aus der Arméi koum!", huet de Me Vogel ze bedenke ginn. D'Riichterin Sylvie Conter huet nogefrot, ob hien dat vläicht vun uewe gesot krut. "Neen!", war d'Äntwert vum Aloyse Harpes.

"Näischt méi present", awer "kee schlechte Wëllen"

No der Sëtzungspaus huet de Me Vogel op en Neits gefrot, wat de Patrick Heck vun him wollt wëssen. Den Affekot huet an deem Kontext eng Plainte wéinst Falschausso an Aussiicht gestallt.

Dem Aloyse Harpes no wär awer näischt bei him present!

Fir de Georges Oswald wär dat dach eréischt e puer Méint hier a keng Visite vum Noper oder vun der Tatta!

"Ech weess et net, et ass kee schlechte Wëllen!", sot den Aloyse Harpes.

Vogel: "Zei wëll eis veraarschen"

De Me Vogel huet geäntwert: "Den Zeie wëll eis hei veraarschen! Wann en d’Wourecht net seet, dann handele mer! Et geet duer!"

"Muss dat sinn?", war d'Replique vum Zeien.

"Jo!", d'Äntwert vum Me Vogel. Firwat wär de Patrick Heck, deen den Zeien net kannt hätt, bei hie komm?

"Dat ass elo net present!", huet den Aloyse Harpes betount.

Fir d'Riichterin Sylvie Conter sollt den Zeie vläicht an den nächsten 3 Deeg nach emol doriwwer nodenken, ouni beim Patrick Heck nozefroen. D'Visite misst e Grond gehat hunn!

"Héchstwahrscheinlech!", sot de Chef vun der Gendarmerie zur Zäit vun den Attentater.

De Me Vogel huet nogehaakt, wéi laang dee Besuch gedauert hätt. Dem Aloyse Harpes no ronn annerhallef Stonn.

D'Presidentin vum Geriicht wollt wëssen, ob den Zeie wéisst, wenn den Auteur vun den Attentater war.

"Neen!", sou den Aloyse Harpes!

Geriicht haakt no

D'Riichterin Sylvie Conter huet nogehaakt, ob den Zeien d'Versetze vum Jos Steil an d'Gendarmerie net a Verbindung bruecht huet mat der Bommeleeër-Affär.

"Neen!"

D'Presidentin vum Geriicht ass dunn nees op de sougenannten Deal Geiben zréckkomm. "Wann en Auteur vun den Attentater gewiescht wär, hätt een dach misse probéieren, en ze kréien!?"

"
Mir hate keng Beweiser!"

"Et hätt een en dach duerch d'Observatioun kënne kréien!?"

"Déi ass schif gelaf, an d'Spuer gouf gestoppt! Dat war vum Jos Steil dirigéiert a gewollt!"

"Wat fir e Pouvoir hat de Ben Geiben dann, fir d'Saach stoppen ze loossen?"

"Ech kann Iech net virun hëllefen!"

De Procureur Georges Oswald huet gemengt: "Vläicht dach! Wat huet den Armand Schockweiler Iech gesot, dass schif gelaf ass?"

Well den Zeie keng konkret Äntwert ginn huet, sot de Me Vogel: "Den Zeien äntwert nëmmen dat, wat e wëll!"

De Procureur wollt du wëssen, ob den Zeie bei de Premier Santer oder en anere Minister gaange wär, fir iwwert d'Bommeleeër ze schwätzen?

"Bei den Här Santer neen, bei den zoustännege Minister vläicht."

"Huet den Här Santer dann ni nogefrot?", wollt d'Sylvie Conter wëssen.

Dem Aloyse Harpes no hat de Colonel Wagner eng Kéier e Rapport un de Minister Marc Fischbach ze maachen.

De Procureur huet ervirgestrach, dass fir den Zeien d'Bommeleeër net an der BMG ze siche waren. Allerdings wär e fréiere Member veruerteelt gi wéinst enger Drogen-, ee wéinst enger Pedophiliesaffär an hätt ee sech ëmbruecht!

Dat kéint hien net erklären, huet den Aloyse Harpes gemengt.

"Firwat gouf de GOR da raimlech vun der BMG getrennt?"

"Wann eng Enquête gemaach gëtt, soll alles sou geheim gehale gi wéi méiglech..."

Dobäi huet fir d'Riichterin Sylvie Conter de Guy Stebens, Chef vum GOR, awer de Pierre Reuland, Chef vun der BMG, informéiert!

Dem Zeien no hätt de Pierre Reuland wuel och mam Jos Steil geschwat, an et wär raimlech z'enk gewiescht.

De Procureur Georges Oswald wollt da wëssen, ob de Charel Bourg Kontakter zur BMG gehat hätt. "Als Directeur des opérations forcément!", war d'Äntwert vum Zeien.

En
Dënschdeg kënnt et zu enger éischter Confrontatioun vu fréiere Gendarmeries-Offizéier. Et trieden un: den Aloyse Harpes, de Charel Bourg an den Armand Schockweiler. D'Widderspréch tëschent hiren Aussoen sollen da gekläert ginn.

Déi aner Woch sinn als Zeie geruff

Lundi, le 16 décembre 2013 –  volet attentat Palais de Justice : Armand Stieber, Jean-Claude Berscheid

Mardi, le 17 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : confrontation Charles Bourg/Armand Schockweiler/Aloyse Harpes

Mercredi, le 18 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : confrontation Armand Kaudé, Georges Zenners, Alain Thill, Pierre Reuland

Jeudi, le 19 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : à déterminer par la chambre criminelle

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.