SREL-Kontrollcomm.: Membere musse keng Fraktiouncheffe sinn

D'Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht huet den Ament kee President. Um Donneschdeg souze just d'Fraktiounspresidenten vun de Majoritéiten zesummen.

Dat bleift sou laang, bis d'Gesetz geännert. Theoretesch hätt de Jean-Claude Juncker d'Presidence vun der Kommissioun iwwerhuele sollen. Sou war et Traditioun an der Chamber.  De fréiere Premier wollt dat wéinst den Antecedenten vun der Geheimdéngschtaffaire awer net an och net Member vun der Kommissioun ginn. Fir datt d'Kontrollkommissioun nees komplett ass, soll elo sou séier wéi méiglech d'Gesetz geännert ginn. An Zukunft mussen d'Membere keng Fraktiounscheffe méi sinn.

Un der CSV ass et hire Vertrieder ze bestëmmen. An der Vergaangenheet hätte sech d'Memberen vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun net ëmmer sou intensiv mam Thema befaasst, sot nach den LSAP-Fraktiounspresident. Dat soll awer lo besser ginn.