Bommeleeër: Inkompetenz, Oflenkungen an Aveuen?

E Polizist zu Zäit vun den Attentater sot al Zeien, hien hätt d'Impressioun, geschéckt vun der Pist Geiben ofgelenkt ginn ze sinn - och vum Guy Stebens.

De Procureur Georges Oswald huet e Méindeg de Mëtten, um Ufank vum 104. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, virop erkläert, dass sech e Mann bei him gemellt hätt, deen Zaldot war; deen huet d'Aussoe vum fréiere Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes vun der leschter Woch confirméiert, dass de Charel Bourg an de Colonel Brück vun der Arméi effektiv gutt Frënn waren. Donieft hätt sech de SREL-Chef Patrick Heck gemellt, deen am Zesummenhank mat senger Visite beim Ex-Colonel Harpes doheem aussoe wëll.

Bommeleeër-Prozess: Resumé vum 16. Dezember vum Nico Graf.



D'Riichterin Sylvie Conter huet doropshin deklaréiert, dass dee Patrick Heck an de fréieren Untersuchungsriichter Prosper Klein fir en Dënschdeg als Zeie geruff wären, zousätzlech zu de fréieren Offizéier Aloyse Harpes, Charel Bourg an Armand September.

Polizist Stieber seet aus

Dono huet den Armand Stieber ugefaangen auszesoen, dee war Polizist zur Zäit vun den Attentater. Den Zeie sot, den Aloyse Harpes, de Pierre Reuland, de Guy Stebens, d'ganz Brigade mobile an d'Enquêteure wären den 9. Oktober 1985, d.h. 10 Deeg virun der Observatioun Geiben zu Lëtzebuerg, bei enger Reunioun dobäi gewiescht. Dobäi hätt de Colonel Harpes eng Ried gehalen iwwert de weidere Fonctionnement; dee Moment wär och de Feeler gemaach gi vun der Trennung tëscht dem GOR an den Enquêteuren.

"A wann et de Ben Geiben wär?"

Bei där Reunioun wär iwwert d'Enquête geschwat ginn. Dobäi hätt de Paul Haan op eemol gefrot: "A wann et de Ben Geiben wär?" Doropshin hätten déi eng gesot, dat kéint net sinn, an déi aner, wat dann ze maache wär; et wär awer näischt Konkretes decidéiert ginn. Dat wär fir hien, Armand Stieber, ganz nei gewiescht; et wär och net vun der Pist Geiben a vun der Commission rogatoire internationale (CRI) zu Bréissel geschwat ginn. Den 18. Oktober wär dunn am Zesummenhank mat der CRI zu Bréissel vu "massive Problemer" geschwat ginn; dowéinst sollt de Ben Geiben vum Jos Steil op Lëtzebuerg gelackelt ginn. Deen hätt du gesot, de Ben Geiben kéim deen aneren Dag. Do wär sech d'Fro gestallt ginn, wat ze maache wär an duerch ween, an un de SREL geduecht ginn. D'Poliziste Georges Zenners an Alain Thill hate sech drëm ze bekëmmeren, de Kontakt hierzestellen; hie weess awer net, wéi dat gelaf wär.

Den Armand Stieber gouf de Weekend iwwer vun der Iwwerwaachung Geiben näischt doriwwer gewuer; dono wär och net méi vun der Spur Geiben geschwat ginn. Et wär wuel op aner Piste gesat ginn, fir dass d’Spuer Geiben sollt ënnergoen, soudass den Zeie säin eegene Fazit gezunn huet. Dat gesäit sou aus: Den Topverdächtege Ben Geiben wär een net Meeschter ginn zu Bréissel, dunn net heiheem, soudass en eng Bomm geluecht hätt a seeleroueg heem gaange wär. D'Pist Geiben wär a sengen Ae gestuerwen, well soss wäre Käpp gerullt, op allen Niveauen!

Et wäre Maueren opgeriicht ginn, an d'Leit vum GOR hätten ni eppes vun den Enquêteuren erzielt kritt, sou den Armand Stieber. Nodeems de GOR eng Kéier seng Onzefriddenheet doriwwer zum Ausdrock bruecht hätt, wär d'Äntwert vum Aloyse Harpes gewiescht: "Dir sidd der wéi Ventiler, alles eran an näischt eraus!"

D'Iddi vun eenzelne Pisten, dorënner déi militaristesch, wär u sech vum GOR komm; anerer hätten déi awer fir sech geholl an eng Note draus gemaach. Hie wéisst och net, firwat déi militaristesch Pist op eemol verschwonne wär. Wéi de Guy Stebens eng Kéier am Viraus wollt wëssen, wat de GOR den Dag drop maache géif, wär gemeckert ginn; dee Moment hätt ee gesot: "Weess de Colonel, wien et ass?"

Uerdnung hate just d'Attentäter ...

D'Onstëmmegkeete mat den Enquêteure wäre grouss gewiescht an de GOR hätt geschafft a si net; den Zeie wär d'Enquêteuren dann och eng Kéier an eng Wiertschaft siche gaangen!

Fir d'Presidentin vum Geriicht wär dat e bëssen der Attitüd gläich komm, dass, wann d’Attentäter sech net bei hinne gemellt hätten, dann näischt geschitt wär.

Den Ex-Polizist sot dozou: "Déi eenzeg, déi Uerdnung haten, waren d’Attentäter!" Hie geet awer net vu Sabotage an der Enquête aus, mä vun Inkompetenz an Iwwerfuerderung.

Geziilt ofgelenkt ... vun der Pist Geiben

Fir den Zeien ass et méiglech, dass d'Enquêteuren näischt vun der Observatioun Geiben wossten; dobäi wollt jiddereen de Bommeleeër fänken. Hien hätt d'Impressioun, geschéckt vun der Pist Geiben ofgelenkt ginn ze sinn; deen, deen een oder aneren Optrag an deem Sënn ginn hätt, wär de Guy Stebens. De Jos Steil hätt um Owend vun der Iwwerwaachung gesot, de Ben Geiben kéim net; d'Observateure wären doropshin am gudde Glawen heem gaangen, ier d'Bomm explodéiert wär an et Panik gouf.

Et hätt och kee Chaos am GOR ginn, am Géigesaz zu deem, wat de Guy Stebens am Prozess sot. De GOR wär allgemeng net informéiert ginn. Wat d'Klaue vu Sprengstoff am Virfeld vun den Attentater ugeet, hätte just de Kommando an d'Brigade mobile gewosst, dass es souvill an de Carrière léich.

Den Armand Stieber sot doriwwer eraus, dass hien nom Attentat um Findel vum Avocat général Claude Nicolay gesot kritt hätt, "d’Geschicht mam Ben Geiben" wär Blödsinn, dass him de Rapport FBI ënnerschloe gi wär. "Ech wär dropgesprongen, wann ech Elementer gehat hätt" an dass op der Pist vum Prënz geschafft gi wär, mä d'Saachen net zesumme gereimt hätten.


Wat d'Attentat beim Héichhaus ugeet, huet den Zeie sech drun erënnert, dass direkt nom Knuppert ee sot: "Wou ass de Scheer?" Hien hätt den Ugeklote bausse gesinn. Donieft ass den Armand Stieber der Iwwerzeegung, dass d'Bomm do net ka gehäit gi sinn!

Aveu vum Jos Steil?

Am Kontext vun der Ausso vum Charel Bourg, de Jos Steil hätt him 2003 gesot, hie wéisst, wenn de Bommeleeër war, huet den Zeien de Charel Bourg 2004 gehéiert: Dobäi wär déi kapital Ausso net gemaach ginn. Hie selwer, sou den Armand Stieber, hätt de Jos Steil nach selwer gefrot, kuerz virun deem sengem Doud; an den Ae vum Zeien hätt dee sech do selwer beschriwwen, soudass dat fir hie "quasi en Aveu" duergestallt huet.

Dem Armand Stieber no wär ee bei den Iwwerleeungen iwwert d'Bommeleeër ëmmer op d’BMG komm, och wann een den Dossier vun alle Säite gekuckt hätt. Allerdings géif de Chef d’orchestre hei op der Uklobänk feelen.

Hei drënner déi aktualiséiert Lëscht vun den Zeien, déi fir déi nächst Deeg geruff sinn, esou wéi d'Justiz et virgesinn huet:

Mardi, le 17 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Jean-Claude Berscheid, Patrick Heck, Prosper Klein, confrontation Charles Bourg/Armand Schockweiler/Aloyse Harpes

Mercredi, le 18 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : confrontation Armand Kaudé, Georges Zenners, Pierre Reuland, (≠ Alain Thill)

Jeudi, le 19 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : réserve

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.