Bommeleeër: "Hei leeft eppes gewalteg schif!"

Am Zeiestand leet en Ex-Member vun der Brigade mobile de Fanger an d'Wonn: eenzeg Enquête mat Offizéier - eenzeg Enquête, an där et net weidergoung ...

© RTL (Archiv)

Um Ufank vun der 105. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess sot de Procureur Georges Oswald um Dënschdeg de Mëtten, dass hien eng E-Mail am Zesummenhank mam Attentat op d'Héichhaus krut, an deem vun engem wäissen Auto rieds geet, dee laanscht gefuer wär. Donieft hätt sech e Mann gemellt, deen e Gespréich matkritt hätt, an deem Offizéier iwwer e Rubbelen oder Knuppe bei der Brigade mobile geschwat hätten; de Mann hätt un d'Häerz geluecht kritt, näischt dovun z'erzielen.

Bommeleeër: Resumé vum 17. Dezember vum Eric Ewald.



Dono war et um Tour vum Jean-Claude Berscheid fir auszesoen. Den Ex-Member vun der Brigade mobile huet virop betount, dass hien zwar an de GOR komm wär, mä bei deem senger Grënnungsreunioun net dobäi war. Dem Jos Steil no hätt de Colonel Aloyse Harpes him géintiwwer deemools gesot: "Wat seet de Berscheid, wann de Geiben de Bommeleeër ass?" an "Mir wëssen net, ween de Bommeleeër ass, mä mir sichen de Geiben!" De Ben Geiben hätt dem Zeien no Geldschwiregkeete gehat a Problemer mat der Hierarchie, v.a. mam Colonel Harpes; hien hätt dem Ben Geiben seng Demissioun éischter drop zréckgefouert, dass deen net séier genuch viru koum.

"Eenzeg Enquête, an där et net weidergoung"

Bei him wären Uerderen ëmmer duerch de Filter vun de Gesetztexter gaangen, an de Guy Stebens hätt als Chef vum GOR éischter gehënnert, sou de Jean-Claude Berscheid, fir deen dat heiten och déi eenzeg Enquête war, an där et net weidergoung. Dobäi hätt ee sech Froe gestallt, ë.a. iwwert den Insider, ma doduerch wär et zu Mësstrauen ënnerenee komm. Den Armand Stieber hätt eng Kéier eng Legend wëllen opbauen, fir verdeckt kënnen ze schaffen; et wär awer Nee gesot ginn. Déi Zäit wär keng Decisioun ouni den Accord vum Colonel Harpes geholl ginn, an et hätt ee keng Explicatioun kritt. Et hätt ee sech och gefrot, ween Intérêt hat u sou Attentater.

Der Riichterin Sylvie Conter no wär awer net intern gekuckt ginn!

"Hei leeft eppes gewalteg schif!"

De Jean-Claude Berscheid huet och zouginn, eng Zäit gebraucht ze hunn, bis e sech sot: "Hei leeft eppes gewalteg schif!“ Et wär och déi eenzeg Kéier an 3 Jorzingte gewiescht, wou Offizéier mat an der Enquête dra waren; dogéint war den Untersuchungsriichter ni dobäi. Fir den Zeie wär et och eng Frechheet, dass den Armand Schockweiler am Prozess sot, d’Enquêteuren hätten hir Aarbecht net gemaach.

Den Ex-Member vun der BMG huet donieft erkläert, e Member vum GOR hätt eng Kéier um Kommando gesot: "A wann et dann um Geriicht géif knuppen?" Doropshi wär awer näischt ënnerholl ginn!

Komescht Verhalen ...

Den Zeien huet de Marc Zovilé do gesi mat der Press duerch den Tatort lafen: "An dat sinn dann déi Leit, déi Ënneroffizéier léiere wëllen, wat se maache sollen!" Dee Marc Zovilé hätt Saachen ignoréiert, déi am Ausland an hei geschitt waren. De Guy Stebens sengersäits hätt eng Kéier gesot, d'Leit vum GOR sollten en Ziedel ausfëllen, wou drop stéing, wat se den aneren Dag maache géifen; dogéint wär gemeutert ginn, an dunn hätt et net misse gemaach ginn. Am Ganzen hätt et dräimol op Plaze geknuppt, déi de GOR als Ziler identifizéiert hat (um Geriicht, um Findel a beim Héichhaus). Zum Fonctionnement vun der Enquête dann hätt de Colonel Harpes eemol gesot, et misste Maueren opgebaut ginn, net nëmme ronderëm, mä och bannendran, an et misst net jiddereen alles wëssen! De Mann wär dovun iwwerzeegt gewiescht, dass en domat Recht hätt, sou de Jean-Claude Berscheid.

Esou inkompetent konnten d'Offizéier net sinn

Den Zeien huet nach ervirgestrach, dass de Pierre Reuland kuerz nom Attentat op d’Haus vum Colonel Wagner am Kostüm dohi koum; wéi de Jean-Claude Berscheid hie gefrot hätt, fir e Sécherheetsperimeter z’installéieren, wär näischt geschitt, ier no enger hallwer Stonn e ganzen Trapp Leit doduerch gelaf wär. An den Ae vum Zeie konnten d'Offizéier awer net sou inkompetent sinn. Et hätt op 7 Tatorter keng Spuresécherung kënne gemaach ginn, den Enquêteur Jean Disewiscourt hätt den Zeien och eng Kéier dovun ofhale wëllen, fir bei den Untersuchungsriichter ze goen, an den Enquêteur Paul Haan wär geziilt malträtéiert ginn.

Dës Woch sinn nach dës Zeie geruff:

Mercredi, le 18 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : Patrick Heck, Prosper Klein, confrontation Charles Bourg/Armand Schockweiler/Aloyse Harpes

L’audience du 18  décembre 2013 commencera exceptionnellement à 14.00 heures !

Jeudi, le 19 décembre 2013 – volet attentat Palais de Justice : confrontation Armand Kaudé, Georges Zenners, Pierre Reuland

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.