WiselerLegale Kader néideg fir Opschaffung vu SREL-Archiven

„Wann een eng Opschaffung vun de SREL-Archive wëll maachen, da brauch et e legale Kader, well eng Rëtsch Privatleit concernéiert sinn.

Fir dee Kader gëtt et an der Kommissioun eng Unanimitéit!“: Dat sot um Donneschdeg n de President vun der parlamentarescher Geheimdéngschtkommissioun, nodeems déi sech mat der Gestioun vun den Archive vum SREL befaasst hat.

Fir de Claude Wiseler ass donieft eng zäitweileg Dérogatioun vum Droit commun néideg, dee virschreift, dass sou Donnéeën net kënne gehale ginn. D'Recherche muss fräigemaach ginn, an deem den Zougank fir Chercheure muss komplett sinn. Si musse sech kënnen ee ganzt Bild maachen, wéi deemools geschafft gouf. Op der anerer Säit musse eng Rei Prinzipie festgehal ginn, well een am Domaine vum Dateschutz wier.

Doriwwer eraus misst och d'Definitioun vun der Recherche an deem legale Kader festgehale ginn.

Och wann et net ëmmer einfach wär, fir déi zwee Enner beieneen ze kréien. Dowéinst géif dee legale Kader fir d'Kommissioun eng absolut Obligatioun duerstellen. D'Kommissioun schreift elo en entspriechenden Avis, deen un de Premier geet.

Dem CSV-Fraktiounschef no wäert d'Kommissioun de Projet de loi dozou am A behalen, fir dass d'Fräiheet vun der Recherche an de Schutz vun den Donnéeë vu Privatleit respektéiert ginn, och wann dat schwiereg wär.