Schneider géint BauschFrançois Bausch zu symboleschem Euro veruerteelt

Et goung ëm Äusserungen an der SREL-Affaire, déi de grénge Politiker iwwert de fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht gemaach hat.

De Minister François Bausch ass e Freideg de Mëtten am Kader vun der SREL-Affaire um Stater Geriicht veruerteelt ginn.

De Fränk Schneider, fréieren zweete Mann beim SREL, also dem Geheimdéngscht, hat géint de François Bausch geklot, well dësen an de sozialen Netzwierker iwwert de Mann hiergefall war an Informatioune weiderginn hatt.

De François Bausch muss elo de symboleschen Euro bezuelen an den inkriminéirenden Artikel op sengem Blog läschen.

Affaire Schneider Bausch / Reportage Nico Graf



Dernieft muss hien déi 750 Euro Prozesskäschten iwwerhuelen. De Frank Schneider wollt och 500.000 Euro Schuedenersatz.

Datt de François Bausch schëlleg gesprach gouf, stellt den Affekot vum Frank Schneider zefridden, well et weist, datt de François Bausch seng Funktioun net fir eegen Zwecker "verménze" konnt an dat de Minister, déi Informatiounen déi hien hat, net als subjektiv Versioun verëffentleche konnt. 

Maître Ries iwwer Uerteel



Net zefridden ass de Laurent Ries awer, datt sengem Mandat säi geschäftleche Schued net berücksichtegt gouf an dowéinst iwwerleeë si an Appel ze goen.

Och de Pierre Hurt, den Affekot vum François Bausch, huet annoncéiert, eventuell an Appel ze goen. Hei géif et ëmmerhin ëm d'Meenungsfräiheet goen.