GeriichtNettgen/Reuter kënnen net wéinst Diffamatioun ugesicht ginn

Den Ex-Policechef an den Ex-Policespriecher konnten net vum Ex-Cadre supérieur vun der Police Pierre Kohnen ugesicht ginn.

Nettgen/Reuter kënnen net wéinst Diffamatioun ugesicht ginn (09.07.2015)
Den Ex-Policechef an den Ex-Policespriecher konnten net vum Ex-Cadre supérieur vun der Police Pierre Kohnen ugesicht ginn.
Den Ex-Policeoffizéier Pierre Kohnen hat de fréiere Policechef Romain Nettgen an den Ex-Policespriecher Vic Reuter am Kontext vum Bommeleeër-Prozess nämlech ënner anerem wéinst Diffamatioun op d’Geriicht geholl.

De Pierre Kohnen hat nämlech am Kader vum Bommeleeër-Prozess gesot, hien dierft an der Policeschoul keng Coure méi halen. Dat wär eng Represaille vum Romain Nettgen, ebe well hien, Pierre Kohnen, am Bommeleeër-Prozess ausgesot hätt. Wéinst deem Verhale géif och keen um Geriicht Deklaratioune maachen.

De Pierre Kohnen hat zejoert erkläert, Dokumenter virleien ze hunn, déi beweise géifen, dass an der Policeschoul mat him als Enseignant geplangt gi wär. An enger E-mail wären him deemno d’Stonne matgedeelt ginn, déi hien hale sollt, ma no senger Ausso, den 3. Februar 2014 am Bommeleeër-Prozess, wär et domat gedoe gewiescht. De Schouldirekter hätt him nämlech misse matdeelen, dass de Romain Nettgen gesot hätt, hie wéilt net méi, dass de Pierre Kohnen do Couren hale géif.

D’Police-Directioun hat eng aner Versioun, an zwar dass de Pierre Kohnen net méi zefriddestellend schaffe géif. Dat hätt een no sengem Optrëtt am Prozess gemierkt. Am Bommeleeër-Prozess hat de Pierre Kohnen d'Justiz an d'Gendarmerie aus den 80er Joren an e ganz schlecht Liicht gestallt. An der Gendarmerie z.B. hätt et déi Zäit Inkompetenz an Dommheet ginn.

Fir dem Pierre Kohnen säin Affekot hätt keen deem seng Coure wëllen iwwerhuelen. Dem Me Paul Urbany no hätt sech säi Client am Bommeleeër-Prozess just un den Eed gehalen, fir viru Geriicht d’Wourecht ze soen. Doropshin hätt den Direkter vun der Policeschoul him ugeruff a gesot, Zitat: “De Rom wëll net méi, dass Du Couren an der Policeschoul häls!” Doriwwer wär säi Mandant och net schrëftlech informéiert ginn, sou wéi et u sech Usus wär. De Romain Nettgen hätt an der Suite vu Presseartikelen, ë.a. op RTL, säi Pressespriecher Vic Reuter ugewisen, fir erklären ze loossen, de Pierre Kohnen wär "gaga". D’Diffamatioun géif dora bestoen, dass gesot gouf, säi Client wär incapabel, wat net der Wourecht entsprach hätt, sou de Me Urbany.

Dofir huet den Affekot fir de Pierre Kohnen moralesche Schuedenersaz an Héicht vun 20.000 € gefrot, well seng Éier uerg duerch den Dreck gezu gi wär, dat nieft enger Indemnité de procédure vun 3.000 €.

D'Geriicht huet déi Fuerderungen net zeréckbehalen.