Renconter Bettel-KemmerWat weess den "drëtte Mann"?

Wéi huet deen "drëtte Mann" d'Renconter vum fréiere Stater Buergermeeschter an Oppositiounspolitiker (an haitege Premier) mam André Kemmer erlieft?

Mike Gira 3. Mann bei Bettel-Kemmer-Renconter (18.04.2016)
Wéi huet deen "drëtte Mann" d'Renconter vum fréiere Stater Buergermeeschter an Oppositiounspolitiker (an haitege Premier) mam André Kemmer erlieft?
Hien ass den 3. Mann. Hien ass de Mike Gira, hie war derbäi, wéi den Deputéierte Xavier Bettel de Geheimdéngschtmann André Kemmer begéint huet – de Skandälchen aus der leschter Woch. Well de Xavier Bettel vill ze spéit aus der SREL-Enquête-Kommissioun SREL demissionéiert huet.

Mir si gewuer ginn, wat den 3. Mann bei der Police iwwer de faméise Rendez-vous zu Protokoll ginn huet.

Suivi Bettel-Kemmer: Rep. Nico Graf



De Mike Gira mam Xavier Bettel um Gala Tour de France 2007.© pressphoto.rtl.lu (Archiv)


De Mike Gira ass net vum Juge d'instruction gehéiert ginn, mä vun der Police judiciaire, an zwar virum Xavier Bettel. An eisen Informatiounen hu seng Kollegen, déi hie gehéiert hunn, dëst héieren:

De Police-Commissaire Mike Gira war am Joer 2012 Chauffeur vun der Octavie Modert an hien hat eng Clique, déi sech ëmmer méindes owes getraff huet, fir een ze huelen, an zwar am fréiere Lentzen Eck, also am "Urban". Do souzen net nëmme Polizisten after-work zesummen, mä och nach aner Leit, ënner anerem e gewëssen André Kemmer, fréier e Polizist duerno beim SREL. Dee sot een Owend am Urban virun enger hallwer Dosen Zeien zum Mike Gira, dee soll him e Kontakt vermëttele mam Oppositiounspolitiker Xavier Bettel. Hien hätt deen driwwer opzeklären, wat beim SREL wierklech lass wier.

De Mike Gira wollt dem Xavier Bettel dunn eng SMS schreiwe mam Numm vum André Kemmer dran, deen André Kemmer huet him dat awer verbueden, säin Numm dierft net an enger SMS opdauchen, den Informant misst also an der SMS anonym bleiwen. Hien huet och insistéiert, de Rendez-vous misst privat beim Xavier Bettel sinn. An esou koum et.

"Stop, Änder, dat do muss du an der Kommissioun soen"

De Mike Gira an den André Kemmer stoungen owes zesummen zu Bouneweg virun der Hausdier vum Buergermeeschter. De Xavier Bettel kennt den André Kemmer vu fréier. Et ass e bësse Small-talk gemaach ginn an dunn huet den André Kemmer ugefaang, iwwer d'Geschicht Mille-Juncker mat der Spionage-Auer ze schwätzen.

De Xavier Bettel huet dem André Kemmer gesot, dat misst hien an der Kommissioun soen. An den André Kemmer sot, hien hätt Angscht, zum Sënnebock gemaach ze ginn, d.h. herno an der Affaire SREL d'Pan ze klaken. Bei der Auere-Geschicht wieren déi zwee guer net an den Detail gaang: "Stop, Änder, dat do muss du an der Kommissioun soen", sot de Xavier Bettel een Ament. An d'Gespréich war du séier eriwwer.

Am Ganzen hätt et souwisou nëmmen eng Taass Kaffi laang gedauert, eng Véierelstonn, 20 Minutten. An de Xavier Bettel huet éischtens insistéiert, datt de Mike Gira derbäi war an zweetens, datt hien derbäi bliwwen ass. Wéi de Mike Gira aus an de Gaart eng fëmme goe wollt, huet de Buergermeeschter him dat verbueden – en Zeechen, datt hie permanent en Zeie wollt hunn.



Eriwwer da bei déi ominéis Sätz, déi solle gefall sinn. "Et geet net méi mam Juncker" – un dee Saz huet de Mike Gira sech bei senger Depositioun net erënnert. An datt Wickreng-Léiweng sollt ernimmt gi sinn, war och keen Thema. "Lee däi Kapp a Rou – Dir geschitt schonn näischt" - och dat e Saz, deen de Mike Gira net héieren huet; par konter huet hien héieren, datt de Xavier Bettel, am Gank, wéi den André Kemmer gaang ass, zu deem gesot huet - Zitat: "Wann s de der näischt virzewerfen hues, da geschitt der näischt" - e bëssen en aneren Text, wéi deen, deen dorëmmer ze liesen war.

An dann nach dat hei: Ganz kuerz no deem Rendez-vous huet de Xavier Bettel de Mike Gira vernannt an him gesot: "Mike, maach dat do ni méi!"; de Liberale wier also guer net frou gewiescht, datt hien an déi Situatioun mam André Kemmer bruecht gi war ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.