Presidentin vum Stater BezierksgeriichtD'Lëschte vun der Partei "Demokratie" kënnen net zeréckgezu ginn

Et ass net méiglech eng Lëscht zeréck ze zéien, dat sot eis e Mëttwoch d'Joséane Schroeder, Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht an dem Haaptwalbüro.

10 Leit op de Lëschten, déi hiren Accord guer net ginn hunn? (21.08.2018)
D’Partei „Fräi Wieler“ ëm de Lee-Michel Basegio reprochéiert der Partei ëm d’Sonja Holper Manipulatioun a Fälschung.

Wéinst der "verfuerener Situatioun" an der "Veronsécherung vun de Leit" huet d'Partei "Demokratie" en Dënschdeg den Owend decidéiert hir Lëschten e Mëttwoch am Laf vum Dag zeréck ze zéien. En Dënschdeg ware jo Reprochen ze héieren, dass déi nach jonk Partei bei hire Lëschte gefuddelt a manipuléiert hätt. Eng Partie vun de Kandidaten op der Südlëscht stéingen ouni hiert Wëssen drop.

No gewolltem Réckzuch vu Wallëschten (22.08.2018)
Kritik vun de Parteien a Fuerderung fir e verbessert Walgesetz


En Dënschdeg den Owend koum de Communiqué vun der Responsabeler Sonja Holper mat der Annonce, datt déi deposéiert Lëschten zeréck gezu géinge ginn.

Dat ass net méiglech, erkläert de Moien d'Joséane Schroeder d'Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht an dem Haaptwalbüro.

Den Artikel 137* am Walgesetz géing explizit soen, wann den Delai ofgelaf ass, fir d'Lëschten ze deposéieren, da kéint een och net méi d'Lëschten zeréck zéien, respektiv vun enger Lëscht erofgeholl ginn.

D'Joséane Schroeder vum Stater Bezierksgeriicht erkläert

Bis ewell wär awer och nach keng Demande vun der Sonja Holper erakomm, fir d'Lëschten zeréck ze zéien.

Déi Leit déi ouni hiren Accord op der Lëscht vun Demokratie gelant sinn, wäerten definitiv mat an d'Wale goen, präziséiert d'Joséane Schroeder. D'Lëschten wäerten elo an den Drock goen an et kéint een dës Lëschten net all Kéiers nei drécken, wann een sech géif ëmdecidéieren.

D'Joséane Schroeder betount, dass e Réckzuch net dran ass



D'Bezierksgeriichter mussen d'Lëschten eenzel ofseenen, et hätt een awer keng Méiglechkeet ze préiwen, op d'Ënnerschrëften net gefälscht sinn.

Wat gëtt dann do genee kontrolléiert?

Nodeems sech e Méindeg jo eng Partie Leit bei den Autoritéite gemellt hate, fir ze denoncéieren, dass si guer net hiren Accord ginn hunn, fir Kandidat op de Lëschte vun der Partei „Demokratie“ ze ginn, hat en Dënschdeg den Owend d'Sonja Holper am Numm vun der Partei matgedeelt, dass si d'Lëschten am Süden an am Zentrum géing zeréck zéien.

Dat ass deemno net méiglech, confirméiert e Mëttwoch de Moien d'Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht an dem Haaptwalbüro. Bis ewell wär awer och nach keng Demande vun der Sonja Holper erakomm. Déi Leit déi also ouni hiren Accord op der Lëscht vun Demokratie gelant sinn, wäerten definitiv mat an d'Wale goen, präziséiert d'Joséane Schroeder.

Hei och de Communiqué vun der Justiz:

Communiqué par : Service communication et presse de la justice (SCPJ)

Suite au communiqué de presse du groupement politique DEMOKRATIE du 21 août 2018, la présidente du bureau principal de la circonscription Centre et le président de la circonscription Sud tiennent à signaler que d’après l’article 137 de la loi électorale modifiée du 18 février 2003 aucun candidat inscrit sur une liste ne peut s’en retirer après l’expiration du délai fixé pour les déclarations de candidatures.

Ce délai ayant expiré le jeudi 16 août 2018 à 18h00, toute demande de radiation de candidats est sans effet.



*Art. 137.
Un candidat inscrit sur une liste ne peut en être rayé que s’il notifie au président du bureau principal de la circonscription, par exploit d’huissier, la volonté de s’en retirer.

Toute liste peut être complétée par les noms de candidats qui sont présentés par tous les signataires de la liste.

Les notifications et les compléments, dont question aux alinéas qui précèdent, doivent avoir lieu avant l’expiration du délai fixé pour les déclarations de candidature.

PDF: Extraiten aus dem Walgesetz

D'Partei huet en Dënschdeg den Owend hir Decisioun matgedeelt
Déi nach jonk Partei „Demokratie“ hat en Dënschdeg den Owend an engem Communiqué matgedeelt, dass si déi deposéiert Lëschte wäerten e Mëttwoch zeréckzéien. Per Schreiwes hat d'Sonja Holper am Numm vun der Partei matgedeelt:

Opgrond vun der verfuerener Situatioun an der Veronsécherung bei de Leit, deet et eis leed Iech matzedeelen dass mir eis Lëschten zeréckzéien. Mir wellen näischt erzwéngen a gesinn domat eisen Asaz fir eng gutt Saach als gescheitert.

Dat huet d'Sonja Holper RTL géigeniwwer och nach eemol esou confirméiert. Wéi et weider heescht, hätt een dës Decisioun opgrond vun der "verfuerener Situatioun" an der "Veronsécherung bei de Leit" geholl. Et wéilt een näischt erzwéngen an et géif een och domadder der Partei hiren Asaz fir eng gutt Saach als gescheitert ugesinn.

Sonja Holper


D’Partei „Fräi Wieler“ ëm de Lee Michel Baseggio, déi sech vun der Gruppéierung „Demokratie2018“ lassgeléist hat, hat jo der Partei ëm d’Sonja Holper Manipulatioun a Fälschung reprochéiert.

Lénks déi offiziell Süd-Lëscht vun Demokratie. Riets déi Lëscht, déi mer de Weekend vum Sonja Holper geschéckt kruten.


E Méindeg hu sech effektiv éischt Leit bei den Autoritéite gemellt, fir ze denoncéieren, datt si guer net hiren Accord ginn hunn, fir Kandidat op de Lëschten vun der „Demokratie“ ze ginn.

Mir wëssen antëscht vun 10 esou Fäll. Déi meescht an enger Noperschaft zu Bieles-Zolver. Et handelt sech virop ëm eeler Leit. Wéi et ausgesäit woussten d'Leit net wat se ënnerschriwwen hunn.

Op de sozialen Netzwierker schreift eng Fra vun 69 Joer si wier hannert d’Liicht gefouert ginn, genee wéi vill aner Leit an der Rue de la Gare zu Zolwer a Bieles.

Eisen Informatioune no gouf bis ewell op mannst eng Plainte gemaach.

Et war schonn virum Statement vum Josiane Schroeder kloer, dass theoretesch déi Betraffen e Recours um Verwaltungsgeriicht maachen kéinten, allerdéngs dierft et awer relativ schwéier ginn, fir domadder duerchzekommen, well d’Wallëschte sinn zanter der leschter Woch vun de Bezierksgeriichter am Süden an Zentrum arrêtéiert an d’Bulletinen am Prinzip bestallt. Wat déi Betraffen ënnerschriwwen hunn, respektiv wéi hiren Numm op d’Lëscht komm ass, ass bis ewell net gewosst.

Interessant ass och dat heiten. D’Spëtzekandidatin vun der Zentrumslëscht Sonja Holper huet eis de Weekend iwwer eng nei Lëscht fir de Südbezierk agereecht, op där par Rapport zu der éischter Versioun 4 Nimm gefeelt hunn. Vun den 23 Kandidaten wieren der deemno just nach 19 iwwreg.

Versioun mat 19 Nimm


Versioun mat 23 Nimm


D’Partei „Fräi Wieler“ ass all Zäit schockéiert a fuerdert carrément, datt d’Walen annuléiert ginn, fir datt nei Lëschten deposéiert kéinte ginn, déi net gefälscht sinn.

De Max Hahn huet op Facebook kommentéiert




Pressemitteilung - (Wahllisten- Manipulation- Fälschung)

Partei FRÄI Wieler·Montag, 20. August 2018

Sehr geehrte Damen und Herren

Wir teilen der Presse mit das Uns heute Morgen ein Herr, angerufen hat um uns zu benachrichtigen, dass sein Name sowie, die ganze Nachbarschaft ohne die jeweiligen Einverständniserklärung auf der Wahl -Liste- Südbezirk-steht- (die Partei von Frau HOLPER ''Demokratie'') zu lesen sind. Dieser Herr sowie dessen Frau und die halbe Nachbarschaft sind sehr erschrocken -, das Schlimmste ist das dieser, Herr- seine Frau auch noch Mitglied bei der demokratischen Partei DP- sind

Also kann man hier von Wahllistenmanipulationsfälschung sowie Unterschrift nachmachen oder Fälschung spreche.

Man ist auch sehr erstaunt darüber welche kriminelle Energie diese Frau HOLPER (Partei Demokratie) HAT. Und Ihre Konsorten.

Wir die Demokratie 2018, haben den Namen geändert und nennen uns ab sofort

FRÄI - WIELER. , dies wurde auf der Letzen Verwaltungsrats- Sitzung- entscheiden

Wir distanzieren uns von dieser Frau HOLPER, dessen Mitglieder und dessen Partei

Da hier der Beweis auf der Hand liegt da es sich hier um Wahlmanipulation handelt müssen diese Wahlen sofort annulliert werden und es müsste eine neue Frist gesetzt werden um neue Listen zu hinterlegen

Denn wir leben ja in einer Demokratie und nicht in einem diktatorischen Staat

Da unsere Wahlliste vom ESCHER / Gericht-Wahlbüro-Präsident abgelegt worden ist, mit der Begründung, Die Herren hätten Keine Zeit unsere Listen zu kontrollieren, wird uns nun doch immer mehr bewusst, dass Frau HOLPER und Ihrer (Guten) Kontakte zu eigenen Richter) - seitens Des ESCHER Gerichtes, versucht worden ist uns zu schädigen,

Es Ist ja fast eine Normalität in Luxemburg das wir eine (Korrupte Justiz) Haben Oder ?????

Sollte Es nach diesem Skandal, nicht zu Annullierung der Wahlen kommen, und zu einer Neu Gesetzten Frist, um neue Listen abzugeben, die nicht gefälscht sind, Dan zeit es Ja Absolut das die Partei HOLPER ‚‘Demokratie‘‘ von der (Justiz) Richter) unterstürzt wird. Und Die Kriminellen Aktivitäten von Frau HOLPER Ihrer Partei und Konsorten von der Justiz unterstützt werden.

Sekretariat - Politik

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.