VIDEO: Do-it-yourself-DagWolz als Hotspot vun der Kreeslaf-Wirtschaft

Op 20 Stänn kruten d'Visiteuren e Samschdeg de Mëtteg zu Wolz Informatiounen iwwert a Beispiller vun enger "économie circulaire" presentéiert.

Do-It-Yourself-Festival zu Wolz (04.11.2017)
D’Zil war et, de Leit déi verschidden Aspekter vun der Kreeslaf-Wirtschaft méi no ze bréngen. Wolz inspiréiert sech un deem ekonomesche Konzept.
Ënnert anerem, wéi ee Produite weiderverwäerte kann, ouni u Qualitéit ze verléieren.

Dem lokale Citymanager Bob Wetzel no wier Wolz - oder Wooltz - den Hotspot vun der Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg. An deem Kontext sollen eng Rëtsch Projeten an den nächste Joren entstoen. Ënnert anerem soll d'Aktivitéitszon weider ausgebaut ginn.

E Reportage vum Frank Elsen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.