Allerbuer/FéitschTäter konnt no Abrochversuch gepëtzt ginn

D'Police mellt en Abroch op der Féitsch. D'Police krut e Mëttwoch den Owend géint 20.40 Auer Bescheed gesot, datt eng Persoun an e Café wollt abriechen.

© AFP

Den Täter ass mat sengem Auto a Richtung Déierbech fortgerannt.

Hie gouf méi spéit zu Ierpeldeng bei Wolz gepëtzt a koum um Donneschdeg de Moie bei den Untersuchungsriichter.