Viichten-BiissenMam Auto an de Summerwee an duerno iwwerschloen

Um 4.24 Auer e Samschdeg koum et um CR306 tëscht Viichten a Biissen zu engem Accident, nodeems en Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat.

© CJ

An enger Kéier ass de Chauffer mat sengem Auto an de Summerwee geroden. De Won huet sech doropshin iwwerschloen an ass den Hecke leie bliwwen.

De Mann gouf blesséiert, konnt awer aus eegener Kraaft aus dem Auto erausklammen.

D'Equipe vum First Responder vu Biissen war séier op der Plaz an huet de Patient betreit. Hie koum duerno mat enger Ambulanz aus der Fiels an d'Spidol.

D'Pompjeeë vu Biissen hunn d'Strooss geséchert a geraumt. Och d'Police war och op der Plaz.