DikrechAus dem Centre d'accueil virun den Untersuchungsriichter

En Dënschdeg de Mëtteg géint 13 Auer ass d'Police bei eng Ariichtung fir Demandeurs d'asile zu Dikrech geruff ginn.

E Mann hat do randaléiert an zwar därmoossen, datt d'Sécherheetspersonal d'Police geruff hat.

Déi ass komm a well d'Situatioun der Police no esou eskaléiert ass, huet den Dikrecher Parquet de Mann festhuele gelooss.

E koum du virun den Untersuchungsriichter.